ASBL

Firwat wiert sech praktesch e ganzt Duerf géint de Bau vun enger Wandmillen?

Historik

Zënter 2015 hunn d’Gemengen Dikrech an Ettelbréck de Plang, duerch Wandkraaft, d.h. Wandmillen, Elektrizitéit fir hire Stroumbedreiwer « Nordenergie S.A. » ze produzéieren.

Nordenergie S.A. (Gemeng Dikrech, Gemeng Ettelbréck, Enovos) zesummen mat  Soler S.A. ( Enovos, SEO) fänke mat den Etüden un, fir zwou passend Plazen ze fannen,  fir jeeweils eng Wandmillen an hirer Gemeng opzeriichten.

Zur Informatioun: Enn 2019 grënnen d’Gemeng Dikrech, d’Gemeng Ettelbréck an déi 2 Gesellschaften Nordenergie S.A. a Soler S.A.  d’Gesellschaft   « Wandpark Nordenergie S.A. ».

Wat och ëmmer d’Grënn waren, ee Site deen ugaangs zu Dikrech virgesi woer, gouf verworf. Firwat dunn net geplangt gouf, dann nëmmen déi eng Wandmillen , wéi virgesinn, zu Ettelbréck um « Karelshaff » opzeriichten, ass eis net bekannt; grad esou firwat du gekuckt gouf, och déi zweet zousätzlech zu Ettelbréck ze bauen.

Spéitstens ufanks 2018 gouf op Ettelbrécker Territoire, nëmmen 200 Meter virun der Grenz zu der Ierpeldenger Gemeng – « Auf der Hasenbach », 750 Meter virun den éischten Haiser vu Bierden – den 2. Site als Noutléisung festgehal. Spéitstens elo hätt d’IerpeIdenger Gemeng vun Ettelbréck an Dikrech missen onbedéngt informéiert ginn.

Eréischt den 28. September 2018 – no Ausso vum Ettelbrécker Buergermeeschter – gouf den Ierpeldenger Schäfferot informéiert, datt eng Wandmillen viru Bierden gebaut soll ginn. Wat do genau bei dem Informatiounsmeeting beschwat gouf, ass eis onbekannt. Et muss ee sech froen, ob si all Informatiounen kritt hunn, well soss hätte si bestëmmt reagéiert.

Mat enger Gesamthéicht vun 230 Meter soll dës Wandmillen déi gréisst am Land ginn a mat nëmmen 750 Meter – sou no wéi nach ni – virun den éischte bewunnten Haiser opgeriicht ginn.

Kommodo/Inkommodo Prozedur

An der Tëschenzäit ass d‘Zesummenstelle vum Kommodo/Inkommodo Dossier realiséiert ginn. D’Bierger vu Bierden sollten awer richt gutt 1 ½ Joer méi spéit, den 19. Mäerz 2020, bei enger Informatiounsversammlung zu Bierden am Centre Maesch iwwert de Projet informéiert ginn. Dëst ass awer wéinst Corona ausgefall.

Den 2. Rendezvous fir dës Informatiounsversammlung war den 9. Juli 2020 an der Däichhal zu Ettelbréck.
Zu deem Zäitpunkt war déi lescht Phase vun der Kommodo/Inkommodo Prozedur schonns vum 6. Juli 2020 un am Gaang. Den Dossier vun ca. 800 Pabeier-Säiten konnt all Interesséierten op der Ettelbrécker Gemeng consultéieren. Den Dossier war weeder op USB Stick nach iwwer Download disponibel, d.h., et huet  een alles,  mat villen techneschen Detailer déi fir e Laien net einfach verständlech waren, missen sur Place kucken a probéieren direkt ze verstoen.
Eventuell Observatiounen zum Dossier hu missen bis den 20. Juli 2020 schrëftlech op der Ettelbrécker Gemeng deposéiert sinn.

Kann een engem verdenken, dës Approche – fir et eis Bierger vu Bierden aus zäitleche Grënn bal onméiglech ze maachen, géint de Kommodo/Inkommodo Dossier ze reklaméieren – als taktesche Manöver ze qualifizéieren?

Et fält op, datt praktesch all offiziell Delaie wéinst Corona no hanne geréckelt gi sinn, just d’Prozedur fir d’Geneemegung vun der Wandmille viru Bierden wor net dervu betraff; do muss ee sech dach Froe stellen …

Wéinst engem Formfeeler an der Prozedur huet d’Gemeng Ettelbréck missen eng zweete Kéier de Kommodo/Inkommodo vum 12. bis 27. August aushänken. Doduerch hate mir d’Geleeënheet zousätzlech Ënnerschrëften a Bréiwer anzereechen.

Trotz Vakanzenzäit hu mir eise Reklamatiounsdossier zesummegesat; verschidde Bierger vu Bierden an Ierpeldeng, awer och vun auswäerts, hu selwer zousätzlech Bréiwer géint d’Wandmillen un den Ettelbrécker Schäfferot adresséiert.

Mat insgesamt 458 Ënnerschrëften, dovun 278 Awunner vu Bierden iwwer 93% vun den erreechbaren 168 Stéit – hu sech solidaresch erkläert, fir géint dës Wandmillen ze protestéieren.

Den 28. August 2020 waren net manner wéi 16 Leit – dorënner 2 Representanten aus dem Ierpeldenger Schäffe- respektiv Gemengerot – an och d’Press, op der ëffentlecher Unhéierung mam Ettelbrécker Schäffen Dr. Solvi an dem Gemengesekretär, fir nach eng Kéier hir Suergen an Ängschten mat Nodrock mëndlech virzedroen.

Echo an der Press, Sich no Ënnerstëtzung, Grënnung vun enger Asbl

RTL an déi geschriwwe Press huet sech fir den Dossier interesséiert an an diverse Reportagë respektiv Artikelen eist Uleies publizéiert. An der Chamber goufen 2 Questions parlementaires agereecht. Net ze vergiessen, déi vill Lieserbréiwer a Kommentaren an den Dageszeitungen an op RTL, déi eis ënnerstëtzt hunn.

Duerno si mir weider aktiv bliwwen: Mir hunn eis dokumentéiert a Kontakt mat anere Biergerinitiativen a private Bierger am Land opgeholl.

Des Weideren hu mir zu e puer en Affekot kontaktéiert, fir eis iwwer d‘Méiglechkeeten z‘informéieren, déi mir hunn, fir géint dës riseg a vill ze no Wandmillen ze wieren.

Den 3. Dezember 2020 war eng Delegatioun vu Bierdener Bierger mam Ierpeldenger Schäfferot zesummekomm, fir ze kucken, wéi mir eis Aktiounen, fir géint déi Wandmille virzegoen, koordinéiere kënnen. De Fazit aus der Reunioun war, datt sech de Schäfferot ganz kloer géint de Standuert « Auf der Hasenbach » viru Bierden ausgesprach huet an datt de Gemengerot nach ëmmer d’Méiglechkeet hätt, kee Referendum zur Fusioun vun den Nordstadgemengen zu Ierpeldeng ofzehalen, soulaang de geplangte Standuert net vum Dësch wier. Dës Problematik soll am nächsten Gemengerot zur Sprooch bruecht ginn.

Fir eis eng ëffentlech Identitéit ze ginn, hu mir eng Asbl mam Numm « Energie mat Verstand » gegrënnt.

D’Asbl steet alle Bierger/inne vun an ausserhalb vu Bierden op, fir Member ze ginn

Wat mir zu méi sinn, wat  mir méi erreechen an déi politesch Responsabel an d’Promoteuren vun der Wandmillen eis net ignoréiere kënnen. Mir erwaarden vun hinnen éierlech Äntwerten op eis Bedenken a Suergen wat déi Monsterwandmillen ubelaangt.

Hei op eisem Internetsite www.energiematverstand.lu fannt Dir Informatiounen an Erklärungen zu dëse verschidden Themen. Wärend de leschte Méint si mir eis bewosst ginn, wéi wichteg et ass sech z‘informéieren.

Liest och Dir Iech an d’Thema  vun de Wandmillen an der Energie ran, befaasst Iech mat dësem Thema! Et geet ëm d’Zukunft vun eis all, vun de Bierger vun haut a vu muer.

« Bien informés, les hommes sont des citoyens ; mal informés, ils deviennent des sujets.»

Alfred Sauvy