D’Gemeng Ierpeldeng positionéiert sech lo an enger offizieller Resolutioun géint de Bau vun der Wandmille viru Bierden!

Et ass e Schrëtt, op dee mir eng Zäitchen hu misse waarden, mee lo ass der Gemeng hir Positioun offiziell.

Den 9. Mäerz 2022 huet de ganze Gemengerot unanime eng gemeinsam Resolutioun ënnerschriwwen a sech domat géint de Bau vun enger Wandmillen „Auf der Hasenbach“ ausgeschwat!

Mir begréissen dëse wichtege Schrëtt ausdrécklech a si frou, dass lo nom mëndleche Support och fier d’éischt e schrëftlecht Dokument virläit, dat d’Argumenter vun eisem Gemengerot zesummefaasst an eise Fuerderungen domat de Réck stäipt.

D’Gemengepäpp hate jo schonns viru Méint als Kompromëss den alternative Site „Um Leezefeld“ op eegenem Gemengenterrain virgeschloen, deen am Moment och intensiv vu der méiglecher Bedreiwer-Firma Soler op d‘ Machbarkeet analyséiert gëtt.

D’Gemeng Ierpeldeng wëllt also ganz kloer hir Verantwortung am Kader vun der nationaler Energiepolitik droen, mee dat awer zesumme mat alle Nordstad-Gemengen op Basis vun engem gemeinsame Konzept, vun deem all d‘Bierger aus der Nordstad profitéiere kënnen a keng Gemeng benodeelegt gëtt.

An dësem Kontext dréckt de Gemengerot och de Wonsch no engem verstäerkten Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen an der Nordstad aus.

D’ Resolutioun, déi un den Ëmweltministère, de Ministère fir Energie a Landesplanung  souwéi déi 4 Nordstadgemenge verschéckt gouf, fannt Dir hei:

Resolutioun Gemeng Ierpeldeng

——————————————————————————————————————————-