Milan-Monitoring 2022

„De Rotmilan ass just passagèrement zu Bierden“, sou de Resumé vun der belscher Etude, déi vum Ëmweltministère am Kader vun der Kommodo-Prozedur an Optrag gi war.

Freet een awer d’Bierdener Awunner no hiren Observatioune bezüglech dem Milan ronderëm d’Uertschaft, da gëtt ganz séier kloer, dass de Milan alles anescht wéi just geleeëntlech iwwer eis Felder kreest.

Ganz am Géigendeel, de Roude Milan ass omnipresent zu Bierden, datt kann hei uewen um Plateau wierklech jidderee bezeien!

Mir sinn der Saach méi genee nogaangen an hu selwer, mat eise bescheidene Mëttelen, e Milan-Monitoring duerchgefouert. Wärend gutt engem Mount hu mir probéiert all Dag d’Präsens vum eleganten, vun der EU geschützte Vugel mat enger einfacher Handyskamera ze dokumentéieren. Erauskomm ass eng Serie vun iwwer 30 Videoen, déi de Rotmilan quasi deeglech am Zäitraum Juli-August 2022 entweder iwwer oder awer a ganz gerénger Distanz zum geplangte Standuert vun der Wandmille weisen.

Eis Beobachtungen hunn erginn, dass d’Gréngland an d‘Akerfläche ronderëm Bierden e ganz wichtege Bestanddeel vum Liewensraum vun de lokale Milan-Famillen duerstellen. De Milan verbréngt hei säi soziaalt Zesummeliewe mat Aartgenossen, verdeedegt hei säin Territoire géint aner Vigel a geet op eise Felder op d’Juegd.

Déi follgend Kaart weist, wou mir der Rotmilan wärend der ganzer Beobachtungszäit gesinn hunn. Am roude Beräich war de Milan ëmmer rëm present. Déi meescht Siichtunge beschränken sech awer op dat oranget Feld. Dat huet awer och den einfache Grond, well eise Kameramann d’Videoen haaptsächlech vum ugrenzende Reithaff aus opgeholl huet.

Ein Bild, das Karte enthält.

Automatisch generierte Beschreibung

Eis leien Informatioune vun natur&ëmwelt mat den aktuellen, hinne bekannte Milannäschter vir. Doraus geet ervir, dass de Roude Milan, sou wéi hei blo markéiert, de geplangte Standuert vun der Wandmillen iwwerfléie muss, fir an den orange Beräich ze kommen. Dat heescht konkret, dass d’Wandmillen dem Milan säi jëtzege Liewensraum sequenzéieren an aschränke géif. Zum anere bedeit et awer och, dass de Milan enger immanenter Gefor ausgesat gëtt fir vun de Rotorblieder déidlech getraff ze ginn.

De folgende Video ass en Zesummeschnëtt vun eise Siichtungen a gëtt e gudden Abléck an d’Aktivitéit vum Roude Milan hei zu Bierden. D’Videoe sinn zoufälleg entstanen. Eise Kameramann hat säin Handy zwar ëmmer grëffbereet an der Täsch, mee huet sech net gezielt anzwousch hi gesat, fir op de Milan ze waarden. Doraus kann ausserdeem d‘Konklusioun gezu ginn, dass d’Aktivitéit vum Milan nach vill méi intensiv zu Bierden  ass, wéi mir et – eben zoufälleg – observéiere konnten.

Déi eenzel Videoe fannt Dir a ganzer Längt op eisem YouTube-Kanal.