D’Konscht op Froen ze äntweren ouni se ze beäntweren!

Den 10.02.2021 huet den Deputéierten Här André Bauler (DP) e puer Froen un d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bezüglech dem héierbare Kaméidi souwéi dem Infraschall vu moderne Wandanlage gestallt, well jo ganz aktuell zu Echauffour (Orne) a Frankräich en Urteel zu Gonschte vun de betraffene Bierger gesprach gouf.

Allerdéngs kënne mir als betraffe Leit, vun deenen d’Madamm Dieschbourg jo schwätzt, guer keng verwäertbar Informatiounen aus hirer Äntwert zéien. Et heescht, aktuell Studien an nei wëssenschaftlech Erkenntnisser géife “suivéiert”.

Wat soll dat heeschen: suivéiert?

Momentan gëtt all Wandanlag vum Ëmweltministère geneemegt, wann déi al Normen erfëllt sinn, do hëlleft e parallelt Suivéiere vun aktuellen Erkenntnisser wéineg, wann d’Autorisatioun bis gesprach ass, an d’Camione mat de 70 m laange Rotoren urullen!

Dat sinn zwar schéi Wieder, mee ënnert dem Stréch just eidel Worthülsen, mat deene mir betraffe Bierger beim beschte Wëllen näischt ufänke kennen.

An och d’Argument mir kéinten eis jo um finanzielle Profit vu sou enger Anlag bedeelege weist, datt eist Uleies – nämlech eis gesondheetlech Bedenken eescht ze huelen – hei mat materielle Virdeeler an een Dëppe geworf gëtt. D’Gesondheet ass awer net mat Suen ze kompenséieren, dat misst sech eigentlech vum selwe verstoen …

En anere Punkt sinn ëmmer erëm ugeschwaten neutral Etüden, déi am Kommodo gemaach ginn, fir vu Fall zu Fall, ganz op de jeeweilege Standuert bezunn individualiséiert, moossgeschneidert Léisungen zum Wuel vun den Urainer, der Natur an der Ëmwelt ze fannen. Och dat héiert sech an der Theorie immens récksiichtsvoll un, mee et ass awer och en Argument fir vun engem genormten Ofstand zu bewunnte Gebitter, wéi en a ville Länner mëttlerweil aus guddem Grond ugewannt gëtt, ofzelenken.

A schlussendlech muss festgestallt ginn, dass an der Praxis dann awer trotz neutralen un d’Lokalitéit ugepassten Etüden de Schied vun der Wandmillen (wéi z.B. op der Houschter Déckt) duerch de Leit hir Stuff zitt. Eng konkret Äntwert ass d’Madamm Minister dem Här Bauler och an dëser Fro schëlleg bliwwen…