Aktioun « Wiederballon » war e groussen Erfolleg!

Den 22. Abrëll 2021 hate mir eis PR-Aktioun « Wiederballon » fir d’Bierdener Leit an d’Awunner vun der Nordstad op déi gigantesch Héischt vun 230 Meter vun der geplangter Wandmillen opmierksam ze maachen.

Och wann d’Wiederkonditiounen et leider net erméiglecht hunn, de Ballon op déi uviséiert Héischt ze bréngen, sou war eis Aktioun awer e groussen Erfolleg, well mir niewent RTL och Nordliicht-TV fir eng Reportage beweege konnten.

Virun allem Nordliicht-TV huet sech ganz vill Zäit geholl fir all eis Suergen a Bedenken adequat an hirer Reportage erëmzeginn. Dofir wollte mir op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci ausschwätzen!

Hei kennt Dir de Video kucken:

Soler huet eis mat dëser Aktioun ënnerschwelleg virgeworf, mir géinge gär e neie Moment – nämlech dee vun der Ästhetik – an d’Spill bréngen, andeems mir eis lo gezielt mat der Héischt vun der Anlag ausenanersetzen.

Dat ass awer net eis Intentioun!

Mir plädéiere jo fir eng 10H-Reegel (also Distanz zur nächster Uertschaft soll 10x d’Héischt vun der Anlag bedroen), dat géing an eisem Fall zu Bierden zu enger Distanz vun 2,3 km féieren, an net zu nëmmen 750 Meter, sou wéi et lo geplangt ass.

Eis Aktioun sollt visualiséieren, wat fir en inacceptabelt Verhältnis tëschent Héischt vun dem Wandrad an der Distanz zu Bierden besteet!

Ausserdeem huet d’Gréisst vun enger Anlag och en direkten Impakt op Infraschallemissiounen an de Schattenwurf. Och dat wollte mir visualiséieren, well vill Leit sech net vill ënnert enger theoretescher Héischt vun 230 Meter virstelle kennen.

230 Meter sinn nämlech extrem héisch, wéi een hei ka gesinn:

An do stellt sech awer wierklech d’Fro, op déi verschidde vu Soler publizéiert Visualiséierunge vun der Wandmillen aus Bierdener Siicht souwéi hir  Schattenwurfberechnunge, déi kee Schied op Bierdener Häiser viraussoen, stemmen…