Entrevue mat SOLER – Si stinn zu hirem Wuert, mee d’Gemengen Ettelbréck an Dikrech musse reagéieren!

(Vertrieder vu Soler v.l.n.r.: Guy Uhres, Paul Zeimet, Lynn Jacobs)

Mir hunn eis de 14.07.2021 mat Vertrieder vu Soler am Centre Culturel zu Bierden getraff fir eis iwwert den aktuelle Stand vum Projet auszetauschen.

D’Entrevue war vu Soler initiéiert ginn, dat ënnert anerem well si net ganz frou mat eisem Artikel “Soler brécht d‘Wuert” waren.

Nodeems béid Säiten nach eng Kéier hire Point de vue zu den Themen Infraschall, Schattenwurf a Kaméidi ausgetauscht haten, an et dobäi leider zu wéineg Konsens koum, ass et dunn ëm den eigentleche Sujet gaangen, nämlech den alternative Site “Um Leezefeld”.

Soler huet ganz kloer betount, dass:

  1. Si just un ENGEM Site festhalen! Wann den alternative Site also weider vun der Politik ënnerstëtzt géing ginn, da géingen si d’Wandmille “Auf der Hasenbach” viru Bierden fale loossen!
  2. Soler ass NET responsabel fir de momentanen Echec vum alternative Site “Um Leezefeld”! Villméi ass et sou, dass hir Partner an der Wandpark Nordenergie S.A. – also d’Gemengen Ettelbréck an Dikrech – de Projet weder politesch nach finanziell ënnerstëtzen!

Domat huet Soler ganz kloer de Ball zréck un déi politesch Responsabel gespillt.

D’Bild wat sech eis lo no dëser Reunioun stellt ass folgend:

  • Den Ierpeldenger Buergermeeschter huet eis wärend der Informatiounsversammlung de 05.05.2021 hei zu Bierden erzielt, dass de Wandpark Nordenergie S.A. wollt, dat d’Gemeng Ierpeldeng all d’Käschte vun den Etuden vum alternative Site iwwerhuele soll, allerdéngs ouni finanziell Urecht op d’Exploitatioun! Doropshin hätt d’Gemeng Ierpeldeng entscheet, d’Ënnerstëtzung fir de Site falen ze loossen.
  • Soler behaapt, Ettelbréck an Dikrech géingen den alternative Site net mat virun dreiwen, sou dass Soler eleng a finanziell Virleeschtung fir all Etude goe misst.

Wann ee lo probéiert en Duerchbléck an den Dschungel vu verschiddenen Aussoen ze kréien, mat deene mir eis an der läscht konfrontéiert gesinn, dann ass eise momentane Fazit:

  • Soler sicht no enger Léisung, och am Sënn vun eis Bierdener Bierger, mee déi politesch Responsabel aus de Gemengen Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng gi sech net eens. Hei schéngen ënnerschiddlech Interesse virzeleien. Ëm wat fir Interessen et sech hei konkret handelt, doriwwer ka jiddweree selwer spekuléieren.

Eent ass awer kloer, déi Interessen, déi zur Zäit vun de 2 groussen Nordstadgemenge vertruede ginn, huele keng Récksiicht op eis ugrenzend Bierger, mat deene si jo awer gären deemnächst fusionéiere wëllen!

Mir ginn d’Hoffnung awer net op, dass hei nach en Ëmdenke stattfënnt an den alternative Site “Op Leezefeld”, deen och an eisen Aen eng tolerabel Alternativ zum aktuellen Site “Auf der Hasenbach” viru Bierden ass, z’iwwerdenken, well:

  • déi noosten Distanz bis bei déi éischt Wunnengen méi wéi dat Duebelt ass
  • de Wand vun de Wunnengen wech, also a Richtung Wandmille bléist, an domat de Kaméidi reduzéiert
  • de Sauerdall – 150 m méi déif – den alternative Site vu Bierden trennt, soudass d’Nuisancen vun Infraschall a Kaméidi reduzéiert ginn
  • kee Schattenwurf besteet well d’geografesch Lag vun der Wandmillen nordëstlech resp. nërdlech vun de Wunnengen ass.

Doriwwer raus kënnten d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng beweisen, dass si et eescht mengen mat der Liewensqualitéit vun den Bierger aus der Nordstad an kënnten esou ee gemeinschaftleche Energie-Projet fir all d’Nordstadgemenge an all hir Bierger decidéieren. Mee dofir mussen d’Gemengeresponsabel vun Dikrech an Ettelbréck de politesche Wëllen hu fir an dësem Fall eng akzeptabel Léisung fir déi concernéiert Bierger ze fannen.

Mir haten dowéinst de 26.07.2021 e Rendezvous mam Ierpeldenger Schäfferot fir iwwert déi Thematik ze schwätzen. Affaire à suivre…

(Den Artikel “Soler brécht d’Wuert – lo 2 Wandmillen an der Diskussioun!” hu mir opgrond vun eisem Gespréich mat Soler an hirer Richtegstellung vum Site geholl.)