Archives de l’auteur : energiematverstand asbl

Pressekonferenz zesummen mat der Gemeng Ierpeldeng-Sauer (16.05.2023)

Den 29. Mäerz 2023 huet den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf trotz dem offizielle Veto vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer souwéi lafende juristesche Prozeduren um Verwaltungsgeriicht d’Baugeneemegung fir d’Wandmille „Auf Hasenbach“ ënnerschriwwen.

Zesumme mat eise Gemengepäpp hu mir als Reaktioun op dës déplacéiert Demarche eng Pressekonferenz aberuff, fir op e Neits op eise Standpunkt an eis Bedenken hinzeweisen a Léisungsvirschléi am Sënn vun der Nordstadfusioun ze formuléieren.

Well Zeitungsartikelen a Reportagen aus Plaz- an Zäitgrënn net eis gesamt Argumentatioun an eist Uleies ofdecke kënnen, publizéiere mir lo op dëser Plaz d’ganz Pressekonferenz:

Eis offiziell Ënnerlagen vun der Pressekonferenz; Resolutioun vun dem Gemengerot Ierpeldeng-Sauer

Reportage op RTL

Reportage op Nordliicht TV

Link zu eisem YouTube-Kanal

EmV – Assemblé Générale 2023

Ein Bild, das Kleidung, Im Haus, Person, Mobiliar enthält.

Automatisch generierte Beschreibung

Dëst Joer huet eis Assemblée Générale den 28. Mäerz zu Bierden an der Aler Schoul stattfonnt.

Och wann et sech bei dëser Veranstaltung éischter ëm eng Formalitéit handelt, sou haten sech awer eng Rëtsch Leit afonnt fir iwwert de Bilan vun eisen Aktivitéiten informéiert ze ginn.

Sou war och quasi de kompletten Ierpeldenger Gemengerot present, fir op de neiste Stand vun eisen Demarchë gesat ze ginn.

Eise President Yves Wallers huet sech a senger excellenter Introduktioun kämpferesch ginn an nach eng Kéier betount, dass mir trotz der rezenter Autorisatioun vum Ëmweltministère weiderhin all Hiewel op politeschem a juristeschem Niveau a Beweegung setze wäerten, fir de Bau vun der Wandmillen op Hasenbach ze verhënneren.

Och den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis huet d’Wuert ergraff an nach eng Kéier an aller Däitlechkeet betount, dass d’Gemeng Ierpeldeng-Sauer net mat dem Choix vum Site averstanen ass. Si géinge lo och hirersäits juristesch Demarchë préiwe loossen.

Eisen Aktivitéitsrapport, dee vum Michèle Garin-Stein präsentéiert gouf, fannt dir hei: Link

Wann dir eis weiderhin als Member ënnerstëtze wëllt, fannt dir hei all wieder Informatiounen: Link

Ierpeldenger Gemengerot accordéiert Subside extraordinaire fir eis virleefeg Affekotskäschten!

Am Kader vum Recours beim Verwaltungsgeriicht géint d’Autorisatioun vum Ministère du travail sinn Affekotsfraisen entstanen, déi zum Deel iwwert eis Memberskaarten, mee och iwwert de private finanziellen Asaz vu Comitésmembere finanzéiert goufen. An dem Kontext hu mir eng Ufro bei der Ierpeldenger Gemeng gemaach, fir en Deel vun de momentane Käschte rembourséiert ze kréien, well et jo am generellen Interessi vun de Bierdener Awunner ass fir d’Konstruktioun ze verhënneren.

An der ëffentlecher Gemengerotssëtzung vum 26. Oktober 2022 gouf dunn iwwert eis Demande fir e subside extraordinaire d’associations locales ofgestëmmt. De Schäfferot hat an dem Kontext decidéiert fir d’Iwwerhuele vu 50% vun den ugefalene frais juridiques zum Vott ze stellen.

D’Gemengerotsmemberen hunn uschléissend noeneen hir Argumentatioun an hire Vott zum Ausdrock bruecht. Resultat vun der Ofstëmmung:

Bis op d‘Ausnahm vun engem Member ass de restleche Gemengerot net nëmme fir d’Iwwerhuele vun de Fraisen, mee schwätzt sech ausserdeem fir e Subside an Héicht vum integrale Montant aus.

Mat där Decisioun stäerkt d’Gemeng Ierpeldeng de Bierdener Awunner op e neits de Réck géint den Ettelbrécker an Dikrecher Projet vun enger 230 m héijer Wandmillen 750 m virun den éischte Bierdener Haiser.

Op Initiativ vum Carlo Tessaro hin huet de Gemengerot schliisslech am Kader vum Programm d’action annuel Sicona 2023 unanime fir de Finanzement vun engem professionelle Vullen- a Flantermais-Monitoring zu Bierden gestëmmt.

Am Numm vum Comité, eise Memberen an de Bierdener Leit soe mir de Gemengevertrieder ausdrécklech villmools Merci fir hire Support!

D’Gemeng Ierpeldeng positionéiert sech lo an enger offizieller Resolutioun géint de Bau vun der Wandmille viru Bierden!

Et ass e Schrëtt, op dee mir eng Zäitchen hu misse waarden, mee lo ass der Gemeng hir Positioun offiziell.

Den 9. Mäerz 2022 huet de ganze Gemengerot unanime eng gemeinsam Resolutioun ënnerschriwwen a sech domat géint de Bau vun enger Wandmillen „Auf der Hasenbach“ ausgeschwat!

Mir begréissen dëse wichtege Schrëtt ausdrécklech a si frou, dass lo nom mëndleche Support och fier d’éischt e schrëftlecht Dokument virläit, dat d’Argumenter vun eisem Gemengerot zesummefaasst an eise Fuerderungen domat de Réck stäipt.

D’Gemengepäpp hate jo schonns viru Méint als Kompromëss den alternative Site „Um Leezefeld“ op eegenem Gemengenterrain virgeschloen, deen am Moment och intensiv vu der méiglecher Bedreiwer-Firma Soler op d‘ Machbarkeet analyséiert gëtt.

D’Gemeng Ierpeldeng wëllt also ganz kloer hir Verantwortung am Kader vun der nationaler Energiepolitik droen, mee dat awer zesumme mat alle Nordstad-Gemengen op Basis vun engem gemeinsame Konzept, vun deem all d‘Bierger aus der Nordstad profitéiere kënnen a keng Gemeng benodeelegt gëtt.

An dësem Kontext dréckt de Gemengerot och de Wonsch no engem verstäerkten Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen an der Nordstad aus.

D’ Resolutioun, déi un den Ëmweltministère, de Ministère fir Energie a Landesplanung  souwéi déi 4 Nordstadgemenge verschéckt gouf, fannt Dir hei:

Resolutioun Gemeng Ierpeldeng

——————————————————————————————————————————-

Éischt Assemblée Générale vun ‚Energie mat Verstand‘

Ein Bild, das drinnen, Boden, mehrere enthält. Automatisch generierte Beschreibung

© energiematverstand.lu

Mir hunn eis 1. Generalversammlung, den 2. Mäerz 2022 am Centre culturel ‚A Maesch‘ zu Bierden, ofgehal.

Eise Vizepresident, Georges Pott, – de President Yves Wallers woer wéinst ‚Corona‘ forcéiert doheem ze bleiwen – huet séch a senger Usprooch erfreet gesot, datt de ganze Gemengen- a Schäfferot – ausser dem Buergermeeschter Claude Gleis, dee leider ‚Corona‘ bedéngt net konnt derbäi sinn – präsent wär an domat hiert Interessi un eiser Biergerinitiativ beweise géngen.

De gutt gefëllten Aktivitéits Rapport, mëndlech präsentéiert vun eiser Sekretärin, Michèle Garin, an zugläich op de groussen Ecran projezéiert, gouf mat Applaus appreciért.

D‘ Detailler vum Tresorier, Pier Simon, sengem Finanzbericht goufen vun de Keeserevisoren Pia Vrancken a Jos Schmitgen als richtig befonnt.

Mir maachen e waarmen Opruff un all Memberen, an awer och un all déi, déi et nach net sinn, eis mat der Iwwerweisung vu 25€, oder och méi, viru finanziell z’ënnertstëtzen a soen dofir villmools Merci.

No a puer Froen a konstruktiven Umierkungen vun interesséierten Nolauschterer, huet, als Vertrieder vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, den 1. Schäffen, Romain Pierrard, sech a senger Uried fir dee regelméissegen offenen Austausch tëscht ‚Energie mat Verstand‘ a Gemengeresponsablen, bedankt. Och huet hien eis verséchert, de ganze Gemengerot géng eist Uleies um politesche Plang virun ënnerstëtzen an huet eng finanziell Hëllef an Aussiicht gestallt.

Den ofschléissende Patt de l’amitié woer och nach Geleeënheet fir perséinleche Gedankenaustausch.

–> Hei fannt Dir den ausféierlechen Aktivitéitsrapport vun 2021.

Entrevue mat der Ministesch Carole Dieschbourg

Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl “Energie mat Verstand” eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD).

Elei déi verschidden Themaen respektiv Doléancen déi ugeschwat goufen:

1. Historik vun der Asbl

2020 gouf publik, datt d‘Gemengen Dikrich an Ettelbréck e Projet hätten, eng Wandmillen op Ettelbrécker Gemengenterritoire, just 750 m viru Wunnenge vu Bierden (Gemeng Ierpeldeng/Sauer) opzeriichten. An deem Kontext huet d’Ettelbrécker Gemeng am Juli 2020 eng Kommodo-Incommodo Prozedur ageleet.

Eis Vertrieder hunn ernimmt, datt 93% vun de Stéit vu Bierden – laut enger vun Haus zu Haus Ënnerschrëftesammlung am Juli an August 2020 – net mat dem Projet vun der geplangte Wandmillen averstane sinn. Dorops hi gouf d’Biergerinitiativ ‘Energie mat Verstand Asbl‘ gegrënnt. Den Objet vun der Asbl ass d’Fuerderung vum ‘Principe de précaution’, dee soll applizéiert ginn, fir vun ekologesche Projekter Gesondheetsschied a soss negativen Impakt op d’Liewensqualitéit vun de betraffene Bierger an der Ëmwelt, auszeschléissen.

2. Kommodo-Inkommodo: Héierbare Schall, Infraschall, verschidden Etüden

De Georges Pott vun der Asbl, Baubiolog, dee sech schonns 30 Joer mat alternativen Energien a mam ökologesche Bauen a Wunne befaasst, huet eng Rei wichteg Erklärungen ginn, déi mir hei integral publizéieren, well s’erlaben d’Problematik an d’Risiken vum geplangte Projet besser ze verstoen.

Negativen Impakt vum Infraschall op d’Gesondheet

De Georges Pott huet déi 40 db(A) Lautstäerkt aus dem Kommodo-Inkommodo, déi just mat enger Drosselung anzehalen ass, thematiséiert. Dono huet hien den Infraschall, dee jo vun enger Wandmillen ausgeet, beschriwwen an erkläert wéi e sech op de Mënsch auswierkt, wann eng Wandanlag sou no bei den Haiser steet.

Hien huet bedauert, datt am Kommodo, weeder den déiwen Infraschall nach den Kierperschall berécksiichtegt goufen. Virun allem den Infraschall vun 1 bis 8Hz ass biologesch wierksam, och iwwer grouss Distanzen. Duerch de Buedemschall kann et bannen an de Wunnengen zu raumakustesche Réckkopplungen a Verstäerkunge kommen, di méi héich kënne sinn, wéi am Bausseberäich.

Hie weist drop hin, datt wat den Infraschall ugeet, hei zu Lëtzebuerg keng Gesetzgebung besteet an d’DIN op déi sech an den Etüde baséiert gëtt, vun 1997/98 datéiert. Dës Norm misst onbedéngt un déi tëschenzäitlech Gréisst-/Héichtverännerung an technesch Entwécklung vun den haitege Wandmillen, déi méi performant wéi virun 20 Joer sinn, ugepasst ginn.

Des Weideren huet hien d’Mme Dieschbourg aus hiren Äntwerten op parlamentaresch Ufroen, zitéiert. Virun huet hie verschidden Etüden, déi d’Mme Dieschbourg ëmmer rëm an hiren Aussoen zitéiert, kritesch hannerfrot.

De ‘Principe de précaution’ applizéieren

Als Conclusioun sot de Georges Pott, vu datt et keng Laangzäitstudien iwwert den Afloss vum Infraschall op d’Gesondheet vun de Mënsche gëtt, misst de “principe de précaution” gräifen an dat kann nëmmen heeschen, datt eng Wandanlag wéinstens 1,5 bis 2 km vun den Haiser ewech muss stoe kommen, fir d’negativ Auswierkungen op de Mënsch op ee Minimum ze reduzéieren.

D’Mme Dieschbourg huet geäntwert, si hätt méi rezent Etüden, notamment eng Finnesch an eng Däitsch, wouvunner si awer d’Referenzen net matgedeelt huet.

3. Kommodo-Inkommodo: Keng Consultatioun vun de Betraffen, zweiwelhaft Etüden iwwert Vigel, asw …

Consultatioun vu berodend Biergerforen net vun der Ettelbrécker Gemeng erwënscht

De Bert Wolff, Ëmweltwëssenschaftler, Member vun der Asbl an der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, huet bedauert a betount, datt weeder ee Klimateam nach eng Ëmweltkommissioun, weeder op Nordstadniveau nach op lokalem Gemengenniveau, an de Projet implizéiert gouf. Hien huet drop higewisen, datt an der Kommodo-Prozedur kee gudde Wëlle vun der Ettelbrécker Gemeng do war, fir de Leit entgéintzekommen, notamment d’Etüden digital zur Verfügung ze stellen, an dat grad am Lockdown. Sou eng Aart a Weis fir virzegoen ass de Géigendeel vun Transparenz a vu Biergerparticipatioun an dréit wesentlech zur Inakzeptanz vun dësem Projet bäi.

Qualitéit vun der Ëmwelt – Etüde a Fro stellen

Dann huet hien d’Qualitéit vu CSD Ing. Conseils hirer Ëmwelt-Etüd a Fro gestallt. Ënnert anerem huet hie monéiert, datt de Wee fir d’Camionen, deen an der Etüde studéiert gouf, aus technesche Grënn onméiglech dee Wee ass dee fir de Projet zréckbehale gi wäert. D’Verleeë vum Stroumkabel op Waarken wäert onméiglech kënnen d’Konditioun anhalen, fir 5 Meter Ofstand vun de Beem ze respektéieren. Hien huet drop higewisen, datt zemools beim Fliedermausmonitoring, d’Daten sou onkomplett sinn, datt ee kaum nach vu wëssenschaftleche Fakte schwätze kann. Hien huet eng Foto virgeluecht, wou 5 – 7 Roudmilanen iwwert engem Feld zu Bierden fléien, nodeems gedrescht gouf. De Monitoringdate vun der Studie no dierft sou eng Unzuel do net virkommen. Och de Fait, datt d’Ierpeldenger Ëmweltkommissioun Gräifvigelstaangen an Zesummenaarbecht mat der ANF um Plateau opgeriicht huet, fir de Rodentizid-Asaz ze verréngeren, ass ugeschwat ginn. Dës Staange si reegelméisseg vum Milan besicht an et stellt sech d’Fro, ob déi rëm musse wechkommen a wien dann dofir responsabel ass.

Ee vun der Ministesch hire Beroder huet bemierkt, datt bei onkompletten Daten ëmmer vum “worst Case“ ausgaange gëtt.

Et gouf zréckbehalen, datt op d’Resultater vun der Ëmweltstudie iwwert den alternative Site ‘Leezefeld’, proposéiert vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, muss ofgewaart ginn, éier Konklusioune fir oder géint dee Site kënne vum Point de Vue Ëmweltimpakt, gezu ginn.

4. Puer Remarken

Suergen (Bedenken) wéinst de Gesondheetsschied fir Mënsch an Déier

Grouss Suergen iwwert den Impakt vun der Wandmillen sou no un de Bierdener Haiser, maache sech d’Famillen déi am noosten vum geplangte Site wunnen. Eng betraffe Famill, déi nëmme 750 m vun der 230 m héijer geplangter Wandmillen ewech wunnt, mécht sech grouss Suergen, besonnesch well ee vun de Kanner eng Trisomie 21 huet a mam Häerz operéiert ass. D’Wandmille kann en negativen Impakt op d’Häerzleeschtung hunn an Häerzprobleemer verursaachen.

Och beim Reit- an Therapiestall, deen 1 km vun der geplangter WKA steet, muss ee sech froen, wat den Impakt op d’Päerd ass an op d’Reittherapie déi do mat behënnerte Mënsche gemaach gëtt.

Net vergiessen däerf een, de pulséierenden, héierbare Kaméidi – a reegelméisseger Kadenz, 24 Stonnen Dag an Nuecht, dat ganzt Joer laang – dee vum Rotor aus Wandrichtung kënnt. Als Verglach, e Krunn deen an engem Stéck drëpst oder e Frigo deen di ganzen Zäit leeft.

Aussoen vum Ettelbrécker an Dikrecher Buergermeeschter iwwert de Site

Am Juli 2020, bei der Informatiounsversammlung, sot de Buergermeeschter vun Ettelbréck, “ech si mir bewosst, datt et eng Zoumuddung fir déi Bierdener Leit ass”…

An engem Interview op RTL am September 2020 sot hien och, datt et e Projet als Nordstad soll sinn, … dat een och déi aner Nordstadgemenge misst kucken…

Méi Infoe vum Ettelbrécker an Dikrecher Buergermeeschter fënnt een op: https://www.rtl.lu/news/national/a/1582147.html

5. Geplangten Nordstadfusioun, Wandmillen, alternative Site, politesch Decisioun

Ofschléissend hunn déi 4 Vertrieder vun der Asbl mat der Ministesch Dieschbourg iwwert d‘Fusioun vun de 5 Nordstadgemengen an dem geplangte Referendum diskutéiert.

Et gouf rappeléiert, datt déi Gréng aus der Nordstad gefuerdert hunn, de Wandmille Projet viru Bierden vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech falen ze loossen an e gemeinsaamt regionaalt Energiekonzept auszeschaffen.

D’Madamm Dieschbourg wëllt, datt eng Wandmillen opgeriicht gëtt. Si seet, datt Lëtzebuerg weider Wandmille brauch, fir d’Klimaziler ze erreechen an op d’Atomkraaft muss verzicht ginn.

D’Ministesch sot weider, datt nach 2 Etüdë gemaach ginn: Déi eng ass d’Mesüre vum Radon an déi aner vum “Son et infrason”.

Den alternative Site ‘op Leezefeld’ gouf vun der Ierpeldenger Gemeng proposéiert, awer et ass eng politesch Decisioun, fir Ierpeldeng un dem Wandmilleprojet participéieren ze loossen.

‘Leezefeld’ muss gepréift ginn, punkto Naturschutzgebitt.

De Ministère préift d’Critèrë vun de Gesetzer. De Buergermeeschter gëtt d’Baugeneemegung.

Nieft dem Prozedural gëtt et déi politesch Dimensioun.

D’Mme Dieschbourg huet dovunner geschwat, all Uertschaften u Bord ze huelen an och de politeschen Dialog ernimmt. Si encouragéiert eng Reunioun mat de Buergermeeschter vun den 3 Gemengen (Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng) ze maachen.

Entrevue mat SOLER – Si stinn zu hirem Wuert, mee d’Gemengen Ettelbréck an Dikrech musse reagéieren!

(Vertrieder vu Soler v.l.n.r.: Guy Uhres, Paul Zeimet, Lynn Jacobs)

Mir hunn eis de 14.07.2021 mat Vertrieder vu Soler am Centre Culturel zu Bierden getraff fir eis iwwert den aktuelle Stand vum Projet auszetauschen.

D’Entrevue war vu Soler initiéiert ginn, dat ënnert anerem well si net ganz frou mat eisem Artikel “Soler brécht d‘Wuert” waren.

Nodeems béid Säiten nach eng Kéier hire Point de vue zu den Themen Infraschall, Schattenwurf a Kaméidi ausgetauscht haten, an et dobäi leider zu wéineg Konsens koum, ass et dunn ëm den eigentleche Sujet gaangen, nämlech den alternative Site “Um Leezefeld”.

Soler huet ganz kloer betount, dass:

  1. Si just un ENGEM Site festhalen! Wann den alternative Site also weider vun der Politik ënnerstëtzt géing ginn, da géingen si d’Wandmille “Auf der Hasenbach” viru Bierden fale loossen!
  2. Soler ass NET responsabel fir de momentanen Echec vum alternative Site “Um Leezefeld”! Villméi ass et sou, dass hir Partner an der Wandpark Nordenergie S.A. – also d’Gemengen Ettelbréck an Dikrech – de Projet weder politesch nach finanziell ënnerstëtzen!

Domat huet Soler ganz kloer de Ball zréck un déi politesch Responsabel gespillt.

D’Bild wat sech eis lo no dëser Reunioun stellt ass folgend:

  • Den Ierpeldenger Buergermeeschter huet eis wärend der Informatiounsversammlung de 05.05.2021 hei zu Bierden erzielt, dass de Wandpark Nordenergie S.A. wollt, dat d’Gemeng Ierpeldeng all d’Käschte vun den Etuden vum alternative Site iwwerhuele soll, allerdéngs ouni finanziell Urecht op d’Exploitatioun! Doropshin hätt d’Gemeng Ierpeldeng entscheet, d’Ënnerstëtzung fir de Site falen ze loossen.
  • Soler behaapt, Ettelbréck an Dikrech géingen den alternative Site net mat virun dreiwen, sou dass Soler eleng a finanziell Virleeschtung fir all Etude goe misst.

Wann ee lo probéiert en Duerchbléck an den Dschungel vu verschiddenen Aussoen ze kréien, mat deene mir eis an der läscht konfrontéiert gesinn, dann ass eise momentane Fazit:

  • Soler sicht no enger Léisung, och am Sënn vun eis Bierdener Bierger, mee déi politesch Responsabel aus de Gemengen Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng gi sech net eens. Hei schéngen ënnerschiddlech Interesse virzeleien. Ëm wat fir Interessen et sech hei konkret handelt, doriwwer ka jiddweree selwer spekuléieren.

Eent ass awer kloer, déi Interessen, déi zur Zäit vun de 2 groussen Nordstadgemenge vertruede ginn, huele keng Récksiicht op eis ugrenzend Bierger, mat deene si jo awer gären deemnächst fusionéiere wëllen!

Mir ginn d’Hoffnung awer net op, dass hei nach en Ëmdenke stattfënnt an den alternative Site “Op Leezefeld”, deen och an eisen Aen eng tolerabel Alternativ zum aktuellen Site “Auf der Hasenbach” viru Bierden ass, z’iwwerdenken, well:

  • déi noosten Distanz bis bei déi éischt Wunnengen méi wéi dat Duebelt ass
  • de Wand vun de Wunnengen wech, also a Richtung Wandmille bléist, an domat de Kaméidi reduzéiert
  • de Sauerdall – 150 m méi déif – den alternative Site vu Bierden trennt, soudass d’Nuisancen vun Infraschall a Kaméidi reduzéiert ginn
  • kee Schattenwurf besteet well d’geografesch Lag vun der Wandmillen nordëstlech resp. nërdlech vun de Wunnengen ass.

Doriwwer raus kënnten d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng beweisen, dass si et eescht mengen mat der Liewensqualitéit vun den Bierger aus der Nordstad an kënnten esou ee gemeinschaftleche Energie-Projet fir all d’Nordstadgemenge an all hir Bierger decidéieren. Mee dofir mussen d’Gemengeresponsabel vun Dikrech an Ettelbréck de politesche Wëllen hu fir an dësem Fall eng akzeptabel Léisung fir déi concernéiert Bierger ze fannen.

Mir haten dowéinst de 26.07.2021 e Rendezvous mam Ierpeldenger Schäfferot fir iwwert déi Thematik ze schwätzen. Affaire à suivre…

(Den Artikel “Soler brécht d’Wuert – lo 2 Wandmillen an der Diskussioun!” hu mir opgrond vun eisem Gespréich mat Soler an hirer Richtegstellung vum Site geholl.)

Remarquen zu der Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch Paulette Lenert

(Fotomontage)

E puer Remarquen zu der Äntwert vun der Madamm Lenert  op eise Bréif vum 8. März 2021.

Am Ufank schreift d’Madamm Lenert: „[…] le nombre d’études scientifiques «peer-reviewed» et publiées dans des journaux scientifiques n’est pas suffisamment important […]“

Wéi vill Etudë mussen et dann «peer-reviewed» sinn, fir datt de Ministère et wichteg fënnt fir Conclusiounen iwwert den Infraschall-Kaméidi ze zéien? D’ANSES-Etude ass onses Wëssens och net «peer-reviewed» a gëtt awer bei all parlamentaresch Ufro zum Thema Infraschall quasi als eenzeg vun de Ministeren zitéiert. Dobäi ass et eng vum franséische Staat beoptraagt Etude déi jo kaum eent anert Resultat ka brénge wéi, datt et keen Zesummenhang tëschent Infraschall aus Wandmillen a gesondheetleche Problemer gëtt. Der Santé geet eng eenzeg staatlech Etude also duer fir ze behaapten, datt et keen „effet sanitaire“ gëtt.

Weider ze liesen ass: „…le manque d’études épidémiologiques …demande un recours au principe de précaution”.

D’Etude vun der ANSES gesäit keng gesondheetlech Gefore vun Infraschall, de Ministère recommandéiert de „principe de précaution“ an d’ANSES fuerdert ee bessert Abannen an Informéiere vun de Bierger  bei Wandmillen-Projeten! Gesäit esou de „principe de précaution“ aus? Firwat recommandéiert d’ANSES  den Ofstand zu Wandmillen net ze änneren an un de bestoende franséische Gesetzer alles beim Alen ze beloossen, obwuel si och fannen, datt méi medezinesch an epidemiologesch Laangzäitenquêtë misste gemaach ginn. Wéi schéin ass dee principe dach an der Schwäiz formuléiert: „Le principe de précaution est applicable lorsque les certitudes scientifiques manquent ou sont insuffisantes pour prouver la relation de cause à l’effet et que, simultanément, de sérieux indices font craindre un risqué important pour la santé de l’homme et des animaux ou pour l’environnement. En cas d’incertitude scientifique, il y a un droit, voire une obligation, de prendre des mesures préventives. L’application du principe doit obéir à des processus transparents et conformes à l’Etat de droit.”

D’Madamm Lenert fënnt, datt et net genuch wëssenschaftlech Etuden existéieren, déi den „effet sanitaire“ vu Wandmille beweisen, recommandéiert also (ganz richteg argumentéiert!) de „principe de précaution“, mee dee besteet fir si dann an enger besserer Biergerinformatioun a Biergerbedeelegung, oder a Schallmoossungen éier d’Wandmille gebaut gëtt a Moossungen duerno. Eng „mesure préventive“ ka jo net sinn, eng Wandmillen ze bauen an da Schallpeegelen ze vergläiche mat Wäerter ouni Wandmillen!!

Weider am Text: „L’implantation d’éoliennes à des distances trop proches de logements peut avoir un caractère trop anxiogène, pouvant impacter la qualitéde vie des riverains…une procédure participative…prenant en compte l’opinion et les craintes des riverains, devrait permettre de trouver des solutions satisfaisant pour les parties concernées…avant que des procedures d’autorisation concrètes ne soient entamés.”

Hei gëtt d’Madamm Lenert jo selwer zou, datt Soler hätt missen am Virfeld mat de Bierger zesumme schaffen an op d’Ängschte vun de Leit agoen. Dat ass jo manifest net geschitt! Genau de Contraire ass den Historique vun eiser Wandmillen. Fir d’éischt ginn Neel mat Käpp gemaach: kucken datt all d’Autorisatiounen a Problemer am „grénge“  Beräich leien, éier een dann de Bierger informéiert wat ee virhuet!! Ënnert  „procédure participative“ versti mir eppes Aneres! Mir si quasi viru „faits accomplis” gesat ginn!

E puer Zeile weider: „L’amélioration de l’acceptation de projets générant de l’énergie renouvable sera …de préserver l’environnement et d’améliorer la qualité de l’air  et la santé.”

Hei behaapt d’Madamm Lenert quasi an engem Saz, datt ee mat enger Wandmillen d’Gesondheet verbessert. Dat ass jo kontradiktoresch zu deem, wat se e puer Zeile mi fréi geschriwwen huet, wou se seet, vu datt bis dato keng Laangzäitstudien zu den „effets sanitaires“ existéieren an déi Etuden déi do sinn, net „suffisemment important“  sinn, een awer de „principe de précaution“ misst uwenden. Dat ass jo awer zimmlech weit wech vu „l’énergie renouvable permettra d‘améliorer la santé“!!

Am leschten Abschnitt steet geschriwwen:  „[…] je ne suis en mesure  de donner suite à votre demande de réalisation d’une étude d’impact du bruit et des infrasons d’autant plus que la Direction de la Santé ne dispose ni des équipements ni du personnel afin de réaliser une telle étude.“

Do kann een sech jo nëmme verwonnert d’Ae reiwen: Eis Ministèrë ginn d’Erlabnis fir zeg Wandmillen ze bauen, sinn awer net an der Lag adequat (also wat Biologen a Medezinner schonns méi laang fuerderen) Infraschallmoossungen  duerch ze féieren oder féieren ze loossen. Een Thema wéi „effets sanitaires“  vu Wandmille misst op der ieweschter Prioritéitelëscht vun engem Gesondheetsministère stoen.

D’Gesondheet ass an eisen Aen net verhandelbar.