{"id":1734,"date":"2022-10-31T11:26:52","date_gmt":"2022-10-31T11:26:52","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?page_id=1734"},"modified":"2022-10-31T19:25:59","modified_gmt":"2022-10-31T19:25:59","slug":"milan-monitoring-2022","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/milan-monitoring-2022\/","title":{"rendered":"Milan-Monitoring 2022"},"content":{"rendered":"<p>\u201eDe Rotmilan ass just passag\u00e8rement zu Bierden\u201c, sou de Resum\u00e9\u00a0vun der belscher Etude, d\u00e9i vum \u00cbmweltminist\u00e8re am Kader vun der Kommodo-Prozedur an Optrag gi war.<\/p>\n<p>Freet een awer d\u2019Bierdener Awunner no hiren Observatioune bez\u00fcglech dem Milan ronder\u00ebm d\u2019Uertschaft, da g\u00ebtt ganz s\u00e9ier kloer, dass de Milan alles anescht w\u00e9i just gelee\u00ebntlech iwwer eis Felder kreest.<\/p>\n<p>Ganz am G\u00e9igendeel, <strong>de Roude Milan ass omnipresent zu Bierden<\/strong>, datt kann hei uewen um Plateau wierklech jidderee\u00a0bezeien!<\/p>\n<p>Mir sinn der Saach m\u00e9i genee nogaangen an hu selwer, mat eise bescheidene M\u00ebttelen, e Milan-Monitoring duerchgefouert. W\u00e4rend gutt engem Mount hu mir prob\u00e9iert all Dag d\u2019Pr\u00e4sens vum eleganten, vun der EU gesch\u00fctzte Vugel mat enger einfacher Handyskamera ze dokument\u00e9ieren. Erauskomm ass eng Serie vun iwwer 30 Videoen, d\u00e9i de Rotmilan quasi deeglech am Z\u00e4itraum Juli-August 2022 entweder iwwer oder awer a ganz ger\u00e9nger Distanz zum geplangte Standuert vun der Wandmille weisen.<\/p>\n<p>Eis Beobachtungen hunn erginn, dass d\u2019Gr\u00e9ngland an d\u2018Akerfl\u00e4che ronder\u00ebm Bierden e ganz wichtege Bestanddeel vum Liewensraum vun de lokale Milan-Famillen duerstellen. <strong>De Milan verbr\u00e9ngt hei s\u00e4i soziaalt Zesummeliewe mat Aartgenossen, verdeedegt hei s\u00e4in Territoire g\u00e9int aner Vigel a geet op eise Felder op d&#8217;Juegd.<\/strong><\/p>\n<p>D\u00e9i follgend Kaart weist, wou mir der Rotmilan w\u00e4rend der ganzer Beobachtungsz\u00e4it gesinn hunn. Am roude Ber\u00e4ich war de Milan \u00ebmmer r\u00ebm present. D\u00e9i meescht Siichtunge beschr\u00e4nken sech awer op dat oranget Feld. Dat huet awer och den einfache Grond, well eise Kameramann d\u2019Videoen haapts\u00e4chlech vum ugrenzende Reithaff aus opgeholl huet.<\/p>\n<p><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"1630\" height=\"1321\" class=\"wp-image-1735\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier.jpeg\" alt=\"Ein Bild, das Karte enth\u00e4lt.\n\nAutomatisch generierte Beschreibung\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier.jpeg 1630w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier-300x243.jpeg 300w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier-1024x830.jpeg 1024w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier-768x622.jpeg 768w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier-1536x1245.jpeg 1536w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2022\/10\/ein-bild-das-karte-enthalt-automatisch-generier-624x506.jpeg 624w\" sizes=\"(max-width: 1630px) 100vw, 1630px\" \/><\/p>\n<p>Eis leien Informatioune vun natur&amp;\u00ebmwelt mat den aktuellen, hinne bekannte Milann\u00e4schter vir. Doraus geet ervir, dass de Roude Milan, sou w\u00e9i hei blo mark\u00e9iert, de geplangte Standuert vun der Wandmillen iwwerfl\u00e9ie muss, fir an den orange Ber\u00e4ich ze kommen. <strong>Dat heescht konkret, dass d\u2019Wandmillen dem Milan s\u00e4i j\u00ebtzege Liewensraum sequenz\u00e9ieren an aschr\u00e4nke g\u00e9if. Zum anere bedeit et awer och, dass de Milan enger immanenter Gefor ausgesat g\u00ebtt fir vun de Rotorblieder d\u00e9idlech getraff ze ginn.<\/strong><\/p>\n<p>De folgende Video ass en Zesummeschn\u00ebtt vun eise Siichtungen a g\u00ebtt e gudden Abl\u00e9ck an d\u2019Aktivit\u00e9it vum Roude Milan hei zu Bierden. D\u2019Videoe sinn zouf\u00e4lleg entstanen. Eise Kameramann hat s\u00e4in Handy zwar \u00ebmmer gr\u00ebffbereet an der T\u00e4sch, mee huet sech net gezielt anzwousch hi gesat, fir op de Milan ze waarden. Doraus kann ausserdeem d\u2018Konklusioun gezu ginn, dass d\u2019Aktivit\u00e9it vum Milan nach vill m\u00e9i intensiv zu Bierden \u00a0ass, w\u00e9i mir et \u2013 eben zouf\u00e4lleg &#8211; observ\u00e9iere konnten.<\/p>\n<p><iframe loading=\"lazy\" title=\"Milan-Monitoring 2022 Zusammenschnitt\" width=\"625\" height=\"352\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/ZXJZb66KCw4?feature=oembed\" frameborder=\"0\" allow=\"accelerometer; autoplay; clipboard-write; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture\" allowfullscreen><\/iframe><\/p>\n<p>D\u00e9i eenzel Videoe\u00a0fannt Dir a ganzer L\u00e4ngt op eisem <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/playlist?list=PLplzCtZuhTUNWjpiM6AgnbH_t_gwJUw8r\">YouTube-Kanal.<\/a><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>\u201eDe Rotmilan ass just passag\u00e8rement zu Bierden\u201c, sou de Resum\u00e9\u00a0vun der belscher Etude, d\u00e9i vum \u00cbmweltminist\u00e8re am Kader vun der Kommodo-Prozedur an Optrag gi war. Freet een awer d\u2019Bierdener Awunner no hiren Observatioune bez\u00fcglech dem Milan ronder\u00ebm d\u2019Uertschaft, da g\u00ebtt ganz s\u00e9ier kloer, dass de Milan alles anescht w\u00e9i just gelee\u00ebntlech iwwer eis Felder kreest. [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/1734"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1734"}],"version-history":[{"count":11,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/1734\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1780,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/1734\/revisions\/1780"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1734"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}