{"id":2,"date":"2020-12-01T19:06:52","date_gmt":"2020-12-01T19:06:52","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?page_id=2"},"modified":"2021-01-18T12:03:09","modified_gmt":"2021-01-18T12:03:09","slug":"infra","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/infra\/","title":{"rendered":"Schall &#038; Infraschall"},"content":{"rendered":"\n<figure class=\"wp-block-gallery columns-1 is-cropped wp-block-gallery-1 is-layout-flex\"><ul class=\"blocks-gallery-grid\"><li class=\"blocks-gallery-item\"><figure><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"1024\" height=\"382\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-1024x382.jpeg\" alt=\"Ein Bild, das Outdoorobjekt, Windm\u00fchle, Sonnenuntergang enth\u00e4lt. Automatisch generierte Beschreibung\" data-id=\"514\" data-full-url=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte.jpeg\" data-link=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/sample-page\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte\/\" class=\"wp-image-514\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-1024x382.jpeg 1024w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-300x112.jpeg 300w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-768x286.jpeg 768w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-1536x573.jpeg 1536w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte-624x233.jpeg 624w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/ein-bild-das-outdoorobjekt-windmuhle-sonnenunte.jpeg 1920w\" sizes=\"(max-width: 1024px) 100vw, 1024px\" \/><\/figure><\/li><\/ul><\/figure>\n\n\n<p>Di Anlag, d\u00e9i virun der Hausdier vu Bierden geplangt ass, geh\u00e9iert zu de gr\u00e9isste vum Land (230 m h\u00e9ich) a soll knapp 750 m ewech vun den \u00e9ischten Haiser stoe kommen. Am Kommodo-Inkommodo steet ze liesen, datt d\u2019Ingenieure vu CSD festhalen, datt nuets di Wandmille mat 40 dB den erlaabte W\u00e4ert vu 35 dB depass\u00e9iert. Wann een da bedenkt, datt d\u2019Wandrichtung dacks net favorabel fir d\u2019Duerf ass, kann een dovunner ausgoe, datt de Kam\u00e9idispeegel an der Realit\u00e9it m\u00e9i h\u00e9ich ass, w\u00e9i an der Theorie berechent gouf. Eng Drosselung m\u00e9cht d\u00e9i Anlag zwar reegelkonform, mee d\u2019Fro bleift, wien dat kontroll\u00e9iere geet, an ob di W\u00e4erter tats\u00e4chlech \u00ebnnert Realkonditiounen dauerhaft agehale ginn. Wat h\u00eblleft et eis, wa bei WKA (Wandkraftanlagen)-Pr\u00e4sentatiounen, d\u2019Promoteuren d\u2019Schallbelaaschtung mat engem Frigo vergl\u00e4ichen. D\u00e9i meeschte Leit schlofe bekanntlech net fr\u00e4iw\u00eblleg nieft engem Frigo!<\/p>\n<p>Beim Kam\u00e9idi muss een t\u00ebschent h\u00e9ierbarem Schall an Infraschall (net h\u00e9ierbar) \u00ebnnerscheeden. Schall oder Kam\u00e9idi besteet aus Drockschwankungen, d\u00e9i a Frequenzen duergestallt ginn. H\u00e9ieren doe mir Frequenzen t\u00ebscht 20 Hz an 20.000 Hz. Iwwert 20.000 Hertz schw\u00e4tzt ee vun Ultraschall, \u00ebnnert 20 Hz vun Infraschall. Och wa mir den Infraschall net h\u00e9iere k\u00ebnnen, sou huele mir (an och d\u2018D\u00e9ieren) d\u00e9i Zort Schall iwwert Rezeptoren an iwwert eis Haut op &#8211; an dee m\u00e9cht eppes mat eisem Organismus.<\/p>\n<p>Quelle vun Infraschall si vun technescher (Verk\u00e9ier, WKA, W\u00e4rmepompelen, Maschinnen, Klimaanlage \u2026) oder natierlecher (Mieresrauschen, Donnerwieder, Waasserfall \u2026) Natur. Den Infraschall geet duerch Maueren, F\u00ebnsteren a kann sech och nach am Haus duerch R\u00e9ckkopplunge verst\u00e4erken. Eenzegen Auswee ass genuch Distanz zur Wandanlag!<\/p>\n<p>An engem Interview op RTL Radio huet eisen Energieminister behaapt, datt L\u00ebtzebuerg d\u00e9i strengste Reegele bei den Ofst\u00e4nn zur Bebauung huet. Am ITM-SST Gesetz vun 2012 steet am Artikel 10.3. \u201eLa distance minimale mesur\u00e9e en projection horizontale, qui doit s\u00e9parer l\u2019\u00e9olienne de toute habitation est de\u00a0<strong>300 m<\/strong>,\u00a0sous r\u00e9serve de conditions plus contraignantes impos\u00e9es par toute autre autorit\u00e9 comp\u00e9tente.\u201d<\/p>\n<p>Majo, vu weegen di strengste Reegelen, wann ee bedenkt, datt et an D\u00e4itschland allgemeng 1000m sinn, an a Bayern souguer 10H-Reegel praktiz\u00e9iert g\u00ebtt, wat bedeit, datt eng WKA 10 mol d\u2019H\u00e9icht vun der Anlag wech vun den \u00e9ischten Haiser muss sinn, an eisem Fall g\u00e9if dat dann 2,3 km bedeiten a net 750 m!<\/p>\n<p>An d\u00ebs Reegelung ass eng dynamesch Mesure, well jo den Ofstand sech st\u00e4nneg upasst a net statesch bei engem fixe W\u00e4ert stoe bleift.<\/p>\n<p>Do stellen sech fir eis e puer Froen un eisen Energieminister: <br \/>Sinn d\u2018Ofst\u00e4nnsrecommandatioune fir d\u00e9i heiten Megawandanlag mat iwwer zweehonnert Meter H\u00e9icht iwwerhaapt nach adapt\u00e9iert ? <br \/>Wat ass mat dem d\u00e9iffrequente Schall, deen aus de berechente Schallpeegelen erausgefiltert g\u00ebtt oder guer net gemooss g\u00ebtt, zemools de Ber\u00e4ich vun 0,1 Hz bis 10 Hz?<\/p>\n<p>Firwat moosst een nach \u00ebmmer no DIN-Normen aus dem Joer 1998, aus enger Z\u00e4it, wou d\u2019Anlagen eng H\u00e9icht vun 30-70 m haten? Firwat gouf d&#8217;ITM Gesetz vun 2012 nach net aktualis\u00e9iert an ugepasst, wann ee bedenkt, datt haut Anlagen vun iwwert 200 m H\u00e9icht opgeriicht ginn.<\/p>\n<p>W\u00e9i wierkt sech dat aus wann, w\u00e9i elo an D\u00e4itschland, d\u2019Fr\u00e4ifl\u00e4che net m\u00e9i duerginn a m\u00e9i no un d\u2019Bebauung muss eruger\u00e9ckelt ginn, an och massiv b\u00e4i an an d\u2019B\u00ebscher muss gebaut ginn ?<\/p>\n<p><strong>Wat bewierkt den Infraschall beim M\u00ebnsch ?<\/strong><\/p>\n<p>D\u2019Rotore vun de Wandmille bewierken, datt de puls\u00e9ierenden, d\u00e9iffrequente Schall duerch d\u2019Loft an de Buedem bis an d\u2019Haiser gedroe g\u00ebtt. Wat d\u2019Wandmille m\u00e9i grouss sinn, wat m\u00e9i d\u00e9iffrequente Schall entsteet, dee vun eisem Kierper an Ouer opgeholl g\u00ebtt, a sou di bekannte Symptomer ausl\u00e9ist. Di betraffe M\u00ebnsche kloen iwwert Schlofst\u00e9ierungen, Kappw\u00e9i, Schwindel, Tinnitus, Gedauschs a Brummen am Kapp, leiden \u00ebnnert Depressiounen a Bluttdrockschwankungen. Eng ganz R\u00ebtsch \u00cbnnersichungen am Ausland vu Medezinner an Akustiker weise kloer an d\u00e4itlech, datt den d\u00e9iffrequente Schall sech negativ op eng Rei Organer (Gehier, H\u00e4erz) auswierkt.<\/p>\n<p>D\u2018Madame Dieschbourg huet op eng parlamentaresch Ufro vum H\u00e4r Kartheiser ge\u00e4ntwert:\u201cBei der Genehmigung von Windkraftanlagen muss <strong>ausgeschlossen <\/strong>sein, dass diese <strong>negative<\/strong> Auswirkungen auf Menschen haben, etwa durch Brummen, Infraschall oder Schattenschlag\u201c (Journal vom 21.5.2015). W\u00e9i w\u00ebll d\u2019Madame Dieschbourg garant\u00e9iere, datt di betraffe Leit vu Wandmille keng gesondheetlech negativ Folgen droe mussen, wa weeder den \u00cbmweltminist\u00e8re nach d\u2018Bedreiwerfirma Soler iwwert Laangz\u00e4itstudie verf\u00fcgen, d\u00e9i d\u00e9iffrequente Schall an den Haiser vun de betraffene Leit analys\u00e9iert hunn?<\/p>\n<p>Et ass schonns bemierkensw\u00e4ert, datt just d\u00e9i L\u00e4nner, d\u00e9i op ee forc\u00e9ierten Ausbau vu Wandkraaft halen, bei den Ofstandsreegelungen am largeste sinn! Kuckt een aner Staaten am Ausland, sou ges\u00e4it een, datt d\u00e9i bei w\u00e4item m\u00e9i grouss Ofst\u00e4nn hunn: Groussbritannien 3 km bei Anlagen m\u00e9i h\u00e9ich w\u00e9i 150 m, oder d\u2018USA, wou een Ofstand vun 2.500 m agehale muss ginn. A wann \u201e<em>d\u2019European Human Rights-Study<\/em>\u201c schonns <strong>2012<\/strong> <strong>2.000 m<\/strong> recommand\u00e9iert oder den \u201e<em>\u00c4rzteforum Emissionschutz<\/em>\u201c <strong>2014<\/strong> vun engem Minimum vun <strong>10H<\/strong> schreiwt, da froe mir eis, wisou den H\u00e4r Turmes mat 300 m Ofstand vun de \u201estrengste Kam\u00e9idisgesetzer vun Europa\u201c schw\u00e4tzt. Dat ass an eisen Aen Zynismus puer. Hei g\u00ebtt de Bierger net n\u00ebmme ver\u00e4ppelt mee a senge Suergen net eescht geholl!<\/p>\n<p>\u00a0Eis Regierung an och d\u2018Promoteure vu Wandenergie argument\u00e9ieren dacks, datt Kam\u00e9idi, deen een net h\u00e9iert, bekanntlech och net schueden k\u00e9int. Wann et \u00ebm gesondheetlech Auswierkunge geet, berifft eise Minist\u00e8re sech s\u00e4it Joren op di 2 selwecht Studien, d\u00e9i keng relevant gesondheetlech Bedenke feststellen. An enger Et\u00fcd (ANSES 2017) steet zum Schluss Folgendes: \u201c<em>Consid\u00e9rant l\u2019importance de l\u2019effet des sons audibles sur la g\u00eane occasionn\u00e9e par les \u00e9oliennes, et compte tenu de lacunes actuelles dans ce domaine, le CES pr\u00e9conise de r\u00e9aliser des \u00e9tudes compl\u00e9mentaires portant sur la sonie de sons complexes basses fr\u00e9quences (pas uniquement des sons purs) \u201c. Dat <\/em>misst eise verantwortleche Politiker ze denke ginn. Si sollten een z\u00e4itleche Moratoire fir esou riseg Industrieanlagen ausruffen, bis eis aus der Fuerschung m\u00e9i genau an d\u00e9taill\u00e9iert Resultater iwwert d\u2019Auswierkunge vun d\u00e9iffrequentem Schall virleien.<\/p>\n\n\n<div class=\"wp-block-group\"><div class=\"wp-block-group__inner-container is-layout-flow\">\n<p><strong><span class=\"has-inline-color has-blue-color\">Literatur zum Thema:<\/span><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a href=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/IS_04.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Der Schall, den man nicht h\u00f6rt<\/a><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a href=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/IS_06.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Infraschall aus Windenergieanlagen \u2013<br>ein verkanntes Gesundheitsrisiko<\/a><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a href=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/IS_13.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Medizinische Aspekte des<br>Windkraftausbaus<\/a><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a href=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/Schall_03.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Aufsatz zum Thema Schall von Dr. med. Stephan Kaula<\/a><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-file\"><a href=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/Schall_06.pdf\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Gesundheitsgefahr durch Anwendung \u00fcberholter Normen und Richtlinien zur Bewertung von Schall, generiert durch gro\u00dfe Windkraftanlagen<\/a><\/div>\n<\/div><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-columns is-layout-flex wp-container-7\">\n<div class=\"wp-block-column is-layout-flow\" style=\"flex-basis:33.34%\">\n<figure class=\"wp-block-embed is-type-video is-provider-youtube wp-block-embed-youtube wp-embed-aspect-4-3 wp-has-aspect-ratio\"><div class=\"wp-block-embed__wrapper\">\n<iframe loading=\"lazy\" title=\"Das Leben in der N\u00e4he von Windrad-Riesen -- ein Erfahrungsbericht\" width=\"625\" height=\"469\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/TAezbPBbkaU?feature=oembed\" frameborder=\"0\" allow=\"accelerometer; autoplay; clipboard-write; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture\" allowfullscreen><\/iframe>\n<\/div><\/figure>\n<\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-column is-layout-flow\" style=\"flex-basis:33.34%\"><\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-column is-layout-flow\" style=\"flex-basis:33.33%\"><\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Di Anlag, d\u00e9i virun der Hausdier vu Bierden geplangt ass, geh\u00e9iert zu de gr\u00e9isste vum Land (230 m h\u00e9ich) a soll knapp 750 m ewech vun den \u00e9ischten Haiser stoe kommen. Am Kommodo-Inkommodo steet ze liesen, datt d\u2019Ingenieure vu CSD festhalen, datt nuets di Wandmille mat 40 dB den erlaabte W\u00e4ert vu 35 dB depass\u00e9iert. [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2"}],"version-history":[{"count":46,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1146,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2\/revisions\/1146"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}