{"id":22,"date":"2020-12-01T19:43:05","date_gmt":"2020-12-01T19:43:05","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?page_id=22"},"modified":"2021-02-18T16:43:50","modified_gmt":"2021-02-18T16:43:50","slug":"naturschutz","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/naturschutz\/","title":{"rendered":"Naturschutz"},"content":{"rendered":"\n<figure class=\"wp-block-gallery columns-2 is-cropped wp-block-gallery-1 is-layout-flex\"><ul class=\"blocks-gallery-grid\"><li class=\"blocks-gallery-item\"><figure><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"528\" height=\"285\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/jihu.jpg\" alt=\"\" data-id=\"633\" data-link=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/naturschutz\/jihu\/\" class=\"wp-image-633\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/jihu.jpg 528w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/jihu-300x162.jpg 300w\" sizes=\"(max-width: 528px) 100vw, 528px\" \/><\/figure><\/li><li class=\"blocks-gallery-item\"><figure><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"356\" height=\"238\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/tfzt.jpg\" alt=\"\" data-id=\"634\" data-full-url=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/tfzt.jpg\" data-link=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/naturschutz\/tfzt\/\" class=\"wp-image-634\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/tfzt.jpg 356w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2021\/01\/tfzt-300x201.jpg 300w\" sizes=\"(max-width: 356px) 100vw, 356px\" \/><\/figure><\/li><\/ul><\/figure>\n\n\n<p>Den Impakt vu Wandmillen op d\u2019Flora an d\u2019Fauna ass m\u00e9i grouss, w\u00e9i d\u2018Promoteuren a Bedreiwer vu Wandmillen dat verzielen. Wann eisen Energieminister seet: \u201eMir hu ganz streng Oplage wat de Vulleschutz ugeet.\u201c, a Promoteure behaapten, datt schliisslech Onmasse vu Vigel an Insekten duerch d\u2019H\u00e9ichspannungsleitungen an de Strosseverk\u00e9ier stierwen, da kl\u00e9ngt dat w\u00e9i ee schlechte Witz. Propos\u00e9iert g\u00ebtt d\u2019Ausschalte vun de Wandmillen, wann de Bauer de Mais eranh\u00eblt oder d\u2019Feld plout. De roude Milan soll einfach \u201e\u00ebmgesiedelt\u201c ginn!<\/p>\n<p>Wann d\u00ebs Moossnamen eise strenge Vulleschutz sollen dokument\u00e9ieren, da si kritesch Froen ubruecht!<\/p>\n<p>Wee kontroll\u00e9iert, ob d\u00e9i Wandmillen och tats\u00e4chlech ausgeschalt ginn, wann de Bauer um Feld schafft? A wann um Nopeschfeld gem\u00e9int g\u00ebtt, d\u00e4erf d\u2019Wandmillen da weider dr\u00e9inen?<\/p>\n<p>D\u2019Kadasterparzellen (Auf der Hasenbach), op deene Soler d\u00e9i Wandmille w\u00ebll opriichten, leie knapps 300 m vun der Natura 2000 Schutzzon Waark-Niederfeelen-Waarken ewech. Obwuel schonns z\u00ebnter 2015 um Projet Wandmille geschafft g\u00ebtt, si r\u00e9icht am Summer 2020 op der Informatiounsversammlung e puer Folien zum \u00cbmweltimpakt gewise ginn.<\/p>\n<p>Dob\u00e4i ass schonns laang gewosst, datt Wandrieder d\u2019Zuel vun de Gr\u00e4ifvigel, de Flantermais a den Insekte staark dezim\u00e9ieren. Si gi vun de Rotoren hiren Turbulenzen ugezunn. \u00cbmmerhin dr\u00e9ien d\u00e9i Flillekesp\u00ebtze mat Vitess\u00eb vun 100 bis 400 km\/h an d\u2019Vullen, d\u2018Flantermais a soss Ged\u00e9iesch hunn do keng Chance. Wa se net vum Rotor erschlo ginn, da r\u00e4issen hir Longen duerch d\u2019Loftdrockschwankungen a si falen einfach vum Himmel. D\u2019Insekte verpechen zu Dausenden d\u2019Propelleren.<\/p>\n<p>W\u00e9i vill Vullen, Flantermais an Insekten hiert Liewe loosse mussen, ass hei zu L\u00ebtzebuerg nit gewosst, well vill vun hinnen entweder vun den Aasfr\u00e9isser Milan a Bussar entsuergt ginn, oder vill m\u00e9i w\u00e4it ewech vun der Wandmille verletzt an zerfatzt leien a vun aneren D\u00e9iere gefriess ginn an esou a kenger Statistik optauchen.<\/p>\n<p>De Michael-Otto Institut an D\u00e4itschland schreift vu ronn 100 000 Vulle pro Joer, d\u2019Donkelziffer sch\u00e9ngt z\u00e9ng mol m\u00e9i h\u00e9ich ze leien. An der \u201ePROGRESS\u201c-Studie vun 2016, der gr\u00e9isster systematescher \u201eFreilandanalyse\u201c an D\u00e4itschland, gouf festgehalen, datt net n\u00ebmme beim Roude Milan, mee och beim Bussar an dem Piwitsch, d\u2019Verloschter \u201epopulationsgef\u00e4hrdend\u201c sinn, wann d\u2018Wandkraft weider esou ausgebaut g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Wandmille fragment\u00e9ieren de Loft- a Liewensraum duerch hir kilometerlaang Loftwirbelen a stellen ee massiven Agr\u00ebff an den natierleche Liewensraum vu ville Vullenzorten duer. Do stellt sech als Konsequenz d\u2019Fro, ob den Natur- an Aarteschutz net um Altor vum \u201eKlimaschutz\u201c geaffert g\u00ebtt, an ob d\u00e9i sougenannte \u201eEnergiewende\u201c de Biodiversit\u00e9its-Konflikt net weider versch\u00e4erft a beschleunegt.<\/p>\n<p>D\u2019Wandmillenindustrie ass am Gaang, genau dat wat se virg\u00ebtt ze sch\u00fctzen, am Kader vun der \u201eKlima- a Weltrettung\u201c fl\u00e4chendeckend ze zerst\u00e9ieren: d\u2019Natur an d\u2018Biodiversit\u00e9it!<\/p>\n<p>Mir fuerderen dofir de Site \u201eAuf der Hasenbach\u201c opzeginn an domadder eng wichteg Landschaft weiderhin intakt ze halen. D\u2019Uertschaft Bierden an d\u2019Natura2000 Zon si schonns duerch d\u2019Wandparke Kehmen-Heischent a Buerschent agekreest, sou dass d\u00ebse Projet d\u00e9i natierlech Kultur- an Naturlandschaft nach m\u00e9i zerst\u00e9ckelt.<\/p>\n\n\n<figure class=\"wp-block-image size-large\"><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" width=\"995\" height=\"455\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/Capture8.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-290\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/Capture8.jpg 995w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/Capture8-300x137.jpg 300w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/Capture8-768x351.jpg 768w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2020\/12\/Capture8-624x285.jpg 624w\" sizes=\"(max-width: 995px) 100vw, 995px\" \/><figcaption>Och bei eis zu Bierden w\u00e4erten si hiert Liewen musse loossen, wann d&#8217;Wandmille k\u00ebnnt&#8230; (<a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/meenung\/lieserbreiwer\/a\/1495157.html\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">Bild: Paul Heinen<\/a>)<\/figcaption><\/figure>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den Impakt vu Wandmillen op d\u2019Flora an d\u2019Fauna ass m\u00e9i grouss, w\u00e9i d\u2018Promoteuren a Bedreiwer vu Wandmillen dat verzielen. Wann eisen Energieminister seet: \u201eMir hu ganz streng Oplage wat de Vulleschutz ugeet.\u201c, a Promoteure behaapten, datt schliisslech Onmasse vu Vigel an Insekten duerch d\u2019H\u00e9ichspannungsleitungen an de Strosseverk\u00e9ier stierwen, da kl\u00e9ngt dat w\u00e9i ee schlechte Witz. [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/22"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=22"}],"version-history":[{"count":17,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/22\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1326,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/22\/revisions\/1326"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=22"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}