{"id":1560,"date":"2021-05-02T20:14:40","date_gmt":"2021-05-02T20:14:40","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?p=1560"},"modified":"2021-05-02T20:15:15","modified_gmt":"2021-05-02T20:15:15","slug":"aktioun-wiederballon-war-e-groussen-erfolleg","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/fr\/2021\/05\/02\/aktioun-wiederballon-war-e-groussen-erfolleg\/","title":{"rendered":"Aktioun &#8220;Wiederballon&#8221; war e groussen Erfolleg!"},"content":{"rendered":"\n<p>Den 22. Abr\u00ebll 2021 hate mir eis PR-Aktioun &#8220;Wiederballon&#8221; fir d&#8217;Bierdener Leit an d&#8217;Awunner vun der Nordstad op d\u00e9i gigantesch H\u00e9ischt vun 230 Meter vun der geplangter Wandmillen opmierksam ze maachen.<\/p>\n\n\n\n<p>Och wann d&#8217;Wiederkonditiounen et leider net erm\u00e9iglecht hunn,&nbsp;de Ballon op d\u00e9i uvis\u00e9iert H\u00e9ischt ze br\u00e9ngen, sou war eis Aktioun awer e groussen Erfolleg, well mir niewent&nbsp;RTL och Nordliicht-TV fir eng Reportage beweege&nbsp;konnten.<\/p>\n\n\n\n<p>Virun allem Nordliicht-TV huet sech ganz vill Z\u00e4it geholl fir all eis Suergen a Bedenken adequat&nbsp;an hirer Reportage er\u00ebmzeginn. Dofir wollte mir op d\u00ebser Plaz nach eng K\u00e9ier e grousse Merci ausschw\u00e4tzen!<\/p>\n\n\n\n<p>Hei kennt Dir de Video kucken:<\/p>\n\n\n<p><iframe loading=\"lazy\" title=\"Eis Aktioun &quot;Wiederballon&quot; op Nordliicht-TV\" width=\"625\" height=\"352\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/o0gmJFSLcmE?feature=oembed\" frameborder=\"0\" allow=\"accelerometer; autoplay; clipboard-write; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture\" allowfullscreen><\/iframe><\/p>\n\n\n\n<p>Soler huet eis mat d\u00ebser Aktioun \u00ebnnerschwelleg virgeworf, mir g\u00e9inge&nbsp;g\u00e4r e neie Moment &#8211; n\u00e4mlech dee&nbsp;vun der \u00c4sthetik&nbsp;&#8211; an d&#8217;Spill br\u00e9ngen,&nbsp;andeems mir eis lo gezielt mat der H\u00e9ischt vun der Anlag ausenanersetzen.<\/p>\n\n\n\n<p>Dat ass awer net&nbsp;eis Intentioun!<\/p>\n\n\n\n<p>Mir pl\u00e4d\u00e9iere&nbsp;jo fir eng 10H-Reegel&nbsp;(also Distanz zur n\u00e4chster Uertschaft soll 10x d&#8217;H\u00e9ischt vun der Anlag bedroen), dat g\u00e9ing&nbsp;an eisem Fall zu Bierden zu enger Distanz vun 2,3 km f\u00e9ieren, an net zu n\u00ebmmen 750 Meter, sou w\u00e9i et lo geplangt ass.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Aktioun sollt visualis\u00e9ieren, wat fir en inacceptabelt Verh\u00e4ltnis t\u00ebschent H\u00e9ischt vun dem Wandrad an der Distanz zu Bierden besteet!<\/p>\n\n\n\n<p>Ausserdeem&nbsp;huet d&#8217;Gr\u00e9isst vun enger Anlag och en direkten Impakt op Infraschallemissiounen&nbsp;an de Schattenwurf. Och dat wollte mir visualis\u00e9ieren, well vill Leit sech net vill \u00ebnnert enger theoretescher H\u00e9ischt vun 230 Meter virstelle&nbsp;kennen.<\/p>\n\n\n\n<p>230 Meter sinn n\u00e4mlech extrem h\u00e9isch, w\u00e9i een hei ka gesinn:<\/p>\n\n\n<p><iframe loading=\"lazy\" title=\"Panorama aus Sicht des geplanten B\u00fcrdener Windrades - 230 Meter\" width=\"625\" height=\"352\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/HBgn_-Nizh4?feature=oembed\" frameborder=\"0\" allow=\"accelerometer; autoplay; clipboard-write; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture\" allowfullscreen><\/iframe><\/p>\n\n\n\n<p>An do stellt sech awer wierklech d&#8217;Fro, op d\u00e9i verschidde vu Soler publiz\u00e9iert Visualis\u00e9ierunge vun der Wandmillen aus Bierdener Siicht souw\u00e9i hir&nbsp; Schattenwurfberechnunge, d\u00e9i kee Schied op Bierdener H\u00e4iser viraussoen, stemmen\u2026<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den 22. Abr\u00ebll 2021 hate mir eis PR-Aktioun &#8220;Wiederballon&#8221; fir d&#8217;Bierdener Leit an d&#8217;Awunner vun der Nordstad op d\u00e9i gigantesch H\u00e9ischt vun 230 Meter vun der geplangter Wandmillen opmierksam ze maachen. Och wann d&#8217;Wiederkonditiounen et leider net erm\u00e9iglecht hunn,&nbsp;de Ballon op d\u00e9i uvis\u00e9iert H\u00e9ischt ze br\u00e9ngen, sou war eis Aktioun awer e groussen Erfolleg, well [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":[],"categories":[15],"tags":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1560"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1560"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1560\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1561,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1560\/revisions\/1561"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1560"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1560"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1560"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}