{"id":1644,"date":"2022-03-01T18:09:23","date_gmt":"2022-03-01T18:09:23","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?p=1644"},"modified":"2022-03-01T18:21:23","modified_gmt":"2022-03-01T18:21:23","slug":"entrevue-mat-der-ministesch-carole-dieschbourg","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/2022\/03\/01\/entrevue-mat-der-ministesch-carole-dieschbourg\/","title":{"rendered":"Entrevue mat der Ministesch Carole Dieschbourg"},"content":{"rendered":"<p>Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl \u201cEnergie mat Verstand\u201d eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Minist\u00e8re fir \u00cbmwelt, Klima an nohalteg Entw\u00e9cklung (MECDD).<\/p>\n<p>Elei d\u00e9i verschidden Themaen respektiv Dol\u00e9ancen d\u00e9i ugeschwat goufen:<\/p>\n<p><strong>1. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Historik vun der Asbl<\/strong><\/span><\/p>\n<p>2020 gouf publik, datt d\u2018Gemengen Dikrich an Ettelbr\u00e9ck e Projet h\u00e4tten, eng Wandmillen op Ettelbr\u00e9cker Gemengenterritoire, just 750 m viru Wunnenge vu Bierden (Gemeng Ierpeldeng\/Sauer) opzeriichten. An deem Kontext huet d\u2019Ettelbr\u00e9cker Gemeng am Juli 2020 eng Kommodo-Incommodo Prozedur ageleet.<\/p>\n<p>Eis Vertrieder hunn ernimmt, datt <strong>93%<\/strong> vun de St\u00e9it vu Bierden \u2013 laut enger vun Haus zu Haus \u00cbnnerschr\u00ebftesammlung am Juli an August 2020 &#8211; <strong>net<\/strong> mat dem Projet vun der geplangte Wandmillen <strong>averstane<\/strong> sinn. Dorops hi gouf d\u2019Biergerinitiativ \u2018Energie mat Verstand Asbl\u2018 gegr\u00ebnnt. Den Objet vun der Asbl ass d\u2019Fuerderung vum \u2018Principe de pr\u00e9caution\u2019, dee soll appliz\u00e9iert ginn, fir vun ekologesche Projekter Gesondheetsschied a soss negativen Impakt op d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun de betraffene Bierger an der \u00cbmwelt, auszeschl\u00e9issen.<\/p>\n<p><strong>2. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Kommodo-Inkommodo: H\u00e9ierbare Schall, Infraschall, verschidden Et\u00fcden<\/strong><\/span><\/p>\n<p>De Georges Pott vun der Asbl, Baubiolog, dee sech schonns 30 Joer mat alternativen Energien a mam \u00f6kologesche&nbsp;Bauen a Wunne&nbsp;befaasst, huet eng Rei wichteg Erkl\u00e4rungen ginn, d\u00e9i mir hei integral publiz\u00e9ieren, well s\u2019erlaben d\u2019Problematik an d\u2019Risiken vum geplangte Projet besser ze verstoen.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Negativen Impakt vum Infraschall op d\u2019Gesondheet<\/span><\/p>\n<p>De Georges Pott huet d\u00e9i 40 db(A) <strong>Lautst\u00e4erkt<\/strong> aus dem Kommodo-Inkommodo, d\u00e9i just mat enger Drosselung anzehalen ass, thematis\u00e9iert. Dono huet hien den <strong>Infraschall<\/strong>, dee jo vun enger Wandmillen ausgeet, beschriwwen an erkl\u00e4ert w\u00e9i e sech op de M\u00ebnsch auswierkt, wann eng Wandanlag sou no bei den Haiser steet.<\/p>\n<p>Hien huet bedauert, datt am Kommodo, weeder den d\u00e9iwen Infraschall nach den Kierperschall ber\u00e9cksiichtegt goufen. Virun allem den Infraschall vun 1 bis 8Hz ass biologesch wierksam, och iwwer grouss Distanzen. Duerch de Buedemschall kann et bannen an de Wunnengen zu raumakustesche R\u00e9ckkopplungen a Verst\u00e4erkunge kommen, di m\u00e9i h\u00e9ich k\u00ebnne sinn, w\u00e9i am Bausseber\u00e4ich.<\/p>\n<p>Hie weist drop hin, datt wat den Infraschall ugeet, hei zu L\u00ebtzebuerg keng Gesetzgebung besteet an d\u2019DIN op d\u00e9i sech an den Et\u00fcde bas\u00e9iert g\u00ebtt, vun 1997\/98 dat\u00e9iert. D\u00ebs Norm misst onbed\u00e9ngt un d\u00e9i t\u00ebschenz\u00e4itlech Gr\u00e9isst-\/H\u00e9ichtver\u00e4nnerung an technesch Entw\u00e9cklung vun den haitege Wandmillen, d\u00e9i m\u00e9i performant w\u00e9i virun 20 Joer sinn, ugepasst ginn.<\/p>\n<p>Des Weideren huet hien d\u2019Mme Dieschbourg aus hiren \u00c4ntwerten op parlamentaresch Ufroen, zit\u00e9iert. Virun huet hie verschidden Et\u00fcden, d\u00e9i d\u2019Mme Dieschbourg \u00ebmmer r\u00ebm an hiren Aussoen zit\u00e9iert, kritesch hannerfrot.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">De \u2018Principe de pr\u00e9caution\u2019 appliz\u00e9ieren<\/span><\/p>\n<p>Als Conclusioun sot de Georges Pott, vu datt et keng Laangz\u00e4itstudien iwwert den Afloss vum Infraschall op d\u2019Gesondheet vun de M\u00ebnsche g\u00ebtt, misst&nbsp;de \u201cprincipe de pr\u00e9caution\u201d gr\u00e4ifen an dat kann n\u00ebmmen heeschen, datt eng Wandanlag w\u00e9instens 1,5 bis 2 km vun den Haiser ewech muss stoe kommen, fir d\u2019negativ Auswierkungen op de M\u00ebnsch op ee Minimum ze reduz\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019Mme Dieschbourg huet ge\u00e4ntwert, si h\u00e4tt m\u00e9i rezent Et\u00fcden, notamment eng Finnesch an eng D\u00e4itsch, wouvunner si awer d\u2019Referenzen net matgedeelt huet.<\/p>\n<p><strong>3. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Kommodo-Inkommodo: Keng Consultatioun vun de Betraffen, zweiwelhaft Et\u00fcden iwwert Vigel, asw &#8230;<\/strong><\/span><\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Consultatioun vu berodend Biergerforen net vun der Ettelbr\u00e9cker Gemeng erw\u00ebnscht<\/span><\/p>\n<p>De Bert Wolff, \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler, Member vun der Asbl an der \u00cbmweltkommissioun vun der Gemeng Ierpeldeng\/Sauer, huet bedauert a betount, datt weeder ee Klimateam nach eng \u00cbmweltkommissioun, weeder op Nordstadniveau nach op lokalem Gemengenniveau, an de Projet impliz\u00e9iert gouf. Hien huet drop higewisen, datt an der Kommodo-Prozedur kee gudde W\u00eblle vun der Ettelbr\u00e9cker Gemeng do war, fir de Leit entg\u00e9intzekommen, notamment d&#8217;Et\u00fcden digital zur Verf\u00fcgung ze stellen, an dat grad am Lockdown. Sou eng Aart a Weis fir virzegoen ass de G\u00e9igendeel vun Transparenz a vu Biergerparticipatioun an dr\u00e9it wesentlech zur Inakzeptanz vun d\u00ebsem Projet b\u00e4i.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Qualit\u00e9it vun der \u00cbmwelt &#8211; Et\u00fcde a Fro stellen<\/span><\/p>\n<p>Dann huet hien d&#8217;Qualit\u00e9it vu CSD Ing. Conseils hirer \u00cbmwelt-Et\u00fcd a Fro gestallt. \u00cbnnert anerem huet hie mon\u00e9iert, datt de Wee fir d&#8217;Camionen, deen an der Et\u00fcde stud\u00e9iert gouf, aus technesche Gr\u00ebnn onm\u00e9iglech dee Wee ass dee fir de Projet zr\u00e9ckbehale gi w\u00e4ert. D&#8217;Verlee\u00eb vum Stroumkabel op Waarken w\u00e4ert onm\u00e9iglech k\u00ebnnen d&#8217;Konditioun anhalen, fir 5 Meter Ofstand vun de Beem ze respekt\u00e9ieren. Hien huet drop higewisen, datt zemools beim Fliedermausmonitoring, d&#8217;Daten sou onkomplett sinn, datt ee kaum nach vu w\u00ebssenschaftleche Fakte schw\u00e4tze kann. Hien huet eng Foto virgeluecht, wou 5 &#8211; 7 Roudmilanen iwwert engem Feld zu Bierden fl\u00e9ien, nodeems gedrescht gouf. De Monitoringdate vun der Studie no dierft sou eng Unzuel do net virkommen. Och de Fait, datt d&#8217;Ierpeldenger \u00cbmweltkommissioun Gr\u00e4ifvigelstaangen an Zesummenaarbecht mat der ANF um Plateau opgeriicht huet, fir de Rodentizid-Asaz ze verr\u00e9ngeren, ass ugeschwat ginn. D\u00ebs Staange si reegelm\u00e9isseg vum Milan besicht an et stellt sech d&#8217;Fro, ob d\u00e9i r\u00ebm musse wechkommen a wien dann dofir responsabel ass.<\/p>\n<p>Ee vun der Ministesch hire Beroder huet bemierkt, datt bei onkompletten Daten \u00ebmmer vum \u201cworst Case\u201c ausgaange g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Et gouf zr\u00e9ckbehalen, datt op d&#8217;Resultater vun der \u00cbmweltstudie iwwert den alternative Site \u2018Leezefeld\u2019, propos\u00e9iert vun der Gemeng Ierpeldeng\/Sauer, muss ofgewaart ginn, \u00e9ier Konklusioune fir oder g\u00e9int dee Site k\u00ebnne vum Point de Vue \u00cbmweltimpakt, gezu ginn.<\/p>\n<p><strong>4. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Puer Remarken<\/strong><\/span><\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Suergen (Bedenken) w\u00e9inst de Gesondheetsschied fir M\u00ebnsch an D\u00e9ier<\/span><\/p>\n<p>Grouss Suergen iwwert den Impakt vun der Wandmillen sou no un de Bierdener Haiser, maache sech d&#8217;Famillen d\u00e9i am noosten vum geplangte Site wunnen. Eng betraffe Famill, d\u00e9i n\u00ebmme 750 m vun der 230 m h\u00e9ijer geplangter Wandmillen ewech wunnt, m\u00e9cht sech grouss Suergen, besonnesch well ee vun de Kanner eng Trisomie 21 huet a mam H\u00e4erz oper\u00e9iert ass. D\u2019Wandmille kann en negativen Impakt op d\u2019H\u00e4erzleeschtung hunn an H\u00e4erzprobleemer verursaachen.<\/p>\n<p>Och beim Reit- an Therapiestall, deen 1 km vun der geplangter WKA steet, muss ee sech froen, wat den Impakt op d\u2019P\u00e4erd ass an op d\u2019Reittherapie d\u00e9i do mat beh\u00ebnnerte M\u00ebnsche gemaach g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Net vergiessen d\u00e4erf een, de puls\u00e9ierenden, h\u00e9ierbare Kam\u00e9idi \u2013 a reegelm\u00e9isseger Kadenz, 24 Stonnen Dag an Nuecht, dat ganzt Joer laang \u2013 dee vum Rotor aus Wandrichtung k\u00ebnnt. Als Verglach, e Krunn deen an engem St\u00e9ck dr\u00ebpst oder e Frigo deen di ganzen Z\u00e4it leeft.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Aussoen vum Ettelbr\u00e9cker an Dikrecher Buergermeeschter iwwert de Site<\/span><\/p>\n<p>Am Juli 2020, bei der Informatiounsversammlung, sot de Buergermeeschter vun Ettelbr\u00e9ck, \u201cech si mir bewosst, datt et eng Zoumuddung fir d\u00e9i Bierdener Leit ass\u201d&#8230;<\/p>\n<p>An engem Interview op RTL am September 2020 sot hien och, datt et e Projet als Nordstad soll sinn, &#8230; dat een och d\u00e9i aner Nordstadgemenge misst kucken&#8230;<\/p>\n<p>M\u00e9i Infoe&nbsp;vum Ettelbr\u00e9cker an Dikrecher Buergermeeschter f\u00ebnnt een op: <a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/1582147.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/1582147.html<\/a><\/p>\n<p><strong>5. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Geplangten Nordstadfusioun, Wandmillen, alternative Site, politesch Decisioun<\/strong><\/span><\/p>\n<p>Ofschl\u00e9issend hunn d\u00e9i 4 Vertrieder vun der Asbl mat der Ministesch Dieschbourg iwwert d\u2018Fusioun vun de 5 Nordstadgemengen an dem geplangte Referendum diskut\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et gouf rappel\u00e9iert, datt d\u00e9i Gr\u00e9ng aus der Nordstad gefuerdert hunn, de Wandmille Projet viru Bierden vun de Gemengen Ettelbr\u00e9ck an Dikrech falen ze loossen an e gemeinsaamt regionaalt Energiekonzept auszeschaffen.<\/p>\n<p>D\u2019Madamm Dieschbourg w\u00ebllt, datt eng Wandmillen opgeriicht g\u00ebtt. Si seet, datt L\u00ebtzebuerg weider Wandmille brauch, fir d\u2019Klimaziler ze erreechen an op d\u2019Atomkraaft muss verzicht ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Ministesch sot weider, datt nach 2&nbsp;Et\u00fcd\u00eb gemaach ginn: D\u00e9i eng ass d\u2019Mes\u00fcre vum Radon an d\u00e9i aner vum \u201cSon et infrason\u201d.<\/p>\n<p>Den alternative Site \u2018op Leezefeld\u2019 gouf vun der Ierpeldenger Gemeng propos\u00e9iert, awer et ass eng politesch Decisioun, fir Ierpeldeng un dem Wandmilleprojet particip\u00e9ieren ze loossen.<\/p>\n<p>\u2018Leezefeld\u2019 muss gepr\u00e9ift ginn, punkto Naturschutzgebitt.<\/p>\n<p>De Minist\u00e8re pr\u00e9ift d\u2019Crit\u00e8r\u00eb vun de Gesetzer. De Buergermeeschter g\u00ebtt d\u2019Baugeneemegung.<\/p>\n<p>Nieft dem Prozedural g\u00ebtt et d\u00e9i <strong>politesch Dimensioun<\/strong>.<\/p>\n<p>D\u2019Mme Dieschbourg huet dovunner geschwat, all Uertschaften u Bord ze huelen an och de politeschen Dialog ernimmt. Si encourag\u00e9iert eng <strong>Reunioun<\/strong> mat de Buergermeeschter vun den <strong>3 Gemengen<\/strong> (Dikrech, Ettelbr\u00e9ck, Ierpeldeng) ze maachen.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl \u201cEnergie mat Verstand\u201d eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Minist\u00e8re fir \u00cbmwelt, Klima an nohalteg Entw\u00e9cklung (MECDD). Elei d\u00e9i verschidden Themaen respektiv Dol\u00e9ancen d\u00e9i ugeschwat goufen: 1. Historik vun der Asbl 2020 gouf publik, datt d\u2018Gemengen Dikrich [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":[],"categories":[3],"tags":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1644"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1644"}],"version-history":[{"count":5,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1644\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1651,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1644\/revisions\/1651"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1644"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1644"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1644"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}