{"id":1654,"date":"2022-03-01T18:19:49","date_gmt":"2022-03-01T18:19:49","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?p=1654"},"modified":"2022-03-01T18:21:16","modified_gmt":"2022-03-01T18:21:16","slug":"1654","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/fr\/2022\/03\/01\/1654\/","title":{"rendered":"Entrevue mat der Ministesch Carole Dieschbourg"},"content":{"rendered":"<p>Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl \u201cEnergie mat Verstand\u201d eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Minist\u00e8re fir \u00cbmwelt, Klima an nohalteg Entw\u00e9cklung (MECDD).<\/p>\n<p>Elei d\u00e9i verschidden Themaen respektiv Dol\u00e9ancen d\u00e9i ugeschwat goufen:<\/p>\n<p><strong>1. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Historik vun der Asbl<\/strong><\/span><\/p>\n<p>2020 gouf publik, datt d\u2018Gemengen Dikrich an Ettelbr\u00e9ck e Projet h\u00e4tten, eng Wandmillen op Ettelbr\u00e9cker Gemengenterritoire, just 750 m viru Wunnenge vu Bierden (Gemeng Ierpeldeng\/Sauer) opzeriichten. An deem Kontext huet d\u2019Ettelbr\u00e9cker Gemeng am Juli 2020 eng Kommodo-Incommodo Prozedur ageleet.<\/p>\n<p>Eis Vertrieder hunn ernimmt, datt <strong>93%<\/strong> vun de St\u00e9it vu Bierden \u2013 laut enger vun Haus zu Haus \u00cbnnerschr\u00ebftesammlung am Juli an August 2020 &#8211; <strong>net<\/strong> mat dem Projet vun der geplangte Wandmillen <strong>averstane<\/strong> sinn. Dorops hi gouf d\u2019Biergerinitiativ \u2018Energie mat Verstand Asbl\u2018 gegr\u00ebnnt. Den Objet vun der Asbl ass d\u2019Fuerderung vum \u2018Principe de pr\u00e9caution\u2019, dee soll appliz\u00e9iert ginn, fir vun ekologesche Projekter Gesondheetsschied a soss negativen Impakt op d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun de betraffene Bierger an der \u00cbmwelt, auszeschl\u00e9issen.<\/p>\n<p><strong>2. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Kommodo-Inkommodo: H\u00e9ierbare Schall, Infraschall, verschidden Et\u00fcden<\/strong><\/span><\/p>\n<p>De Georges Pott vun der Asbl, Baubiolog, dee sech schonns 30 Joer mat alternativen Energien a mam \u00f6kologesche Bauen a Wunne befaasst, huet eng Rei wichteg Erkl\u00e4rungen ginn, d\u00e9i mir hei integral publiz\u00e9ieren, well s\u2019erlaben d\u2019Problematik an d\u2019Risiken vum geplangte Projet besser ze verstoen.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Negativen Impakt vum Infraschall op d\u2019Gesondheet<\/span><\/p>\n<p>De Georges Pott huet d\u00e9i 40 db(A) <strong>Lautst\u00e4erkt<\/strong> aus dem Kommodo-Inkommodo, d\u00e9i just mat enger Drosselung anzehalen ass, thematis\u00e9iert. Dono huet hien den <strong>Infraschall<\/strong>, dee jo vun enger Wandmillen ausgeet, beschriwwen an erkl\u00e4ert w\u00e9i e sech op de M\u00ebnsch auswierkt, wann eng Wandanlag sou no bei den Haiser steet.<\/p>\n<p>Hien huet bedauert, datt am Kommodo, weeder den d\u00e9iwen Infraschall nach den Kierperschall ber\u00e9cksiichtegt goufen. Virun allem den Infraschall vun 1 bis 8Hz ass biologesch wierksam, och iwwer grouss Distanzen. Duerch de Buedemschall kann et bannen an de Wunnengen zu raumakustesche R\u00e9ckkopplungen a Verst\u00e4erkunge kommen, di m\u00e9i h\u00e9ich k\u00ebnne sinn, w\u00e9i am Bausseber\u00e4ich.<\/p>\n<p>Hie weist drop hin, datt wat den Infraschall ugeet, hei zu L\u00ebtzebuerg keng Gesetzgebung besteet an d\u2019DIN op d\u00e9i sech an den Et\u00fcde bas\u00e9iert g\u00ebtt, vun 1997\/98 dat\u00e9iert. D\u00ebs Norm misst onbed\u00e9ngt un d\u00e9i t\u00ebschenz\u00e4itlech Gr\u00e9isst-\/H\u00e9ichtver\u00e4nnerung an technesch Entw\u00e9cklung vun den haitege Wandmillen, d\u00e9i m\u00e9i performant w\u00e9i virun 20 Joer sinn, ugepasst ginn.<\/p>\n<p>Des Weideren huet hien d\u2019Mme Dieschbourg aus hiren \u00c4ntwerten op parlamentaresch Ufroen, zit\u00e9iert. Virun huet hie verschidden Et\u00fcden, d\u00e9i d\u2019Mme Dieschbourg \u00ebmmer r\u00ebm an hiren Aussoen zit\u00e9iert, kritesch hannerfrot.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">De \u2018Principe de pr\u00e9caution\u2019 appliz\u00e9ieren<\/span><\/p>\n<p>Als Conclusioun sot de Georges Pott, vu datt et keng Laangz\u00e4itstudien iwwert den Afloss vum Infraschall op d\u2019Gesondheet vun de M\u00ebnsche g\u00ebtt, misst de \u201cprincipe de pr\u00e9caution\u201d gr\u00e4ifen an dat kann n\u00ebmmen heeschen, datt eng Wandanlag w\u00e9instens 1,5 bis 2 km vun den Haiser ewech muss stoe kommen, fir d\u2019negativ Auswierkungen op de M\u00ebnsch op ee Minimum ze reduz\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019Mme Dieschbourg huet ge\u00e4ntwert, si h\u00e4tt m\u00e9i rezent Et\u00fcden, notamment eng Finnesch an eng D\u00e4itsch, wouvunner si awer d\u2019Referenzen net matgedeelt huet.<\/p>\n<p><strong>3. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Kommodo-Inkommodo: Keng Consultatioun vun de Betraffen, zweiwelhaft Et\u00fcden iwwert Vigel, asw &#8230;<\/strong><\/span><\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Consultatioun vu berodend Biergerforen net vun der Ettelbr\u00e9cker Gemeng erw\u00ebnscht<\/span><\/p>\n<p>De Bert Wolff, \u00cbmweltw\u00ebssenschaftler, Member vun der Asbl an der \u00cbmweltkommissioun vun der Gemeng Ierpeldeng\/Sauer, huet bedauert a betount, datt weeder ee Klimateam nach eng \u00cbmweltkommissioun, weeder op Nordstadniveau nach op lokalem Gemengenniveau, an de Projet impliz\u00e9iert gouf. Hien huet drop higewisen, datt an der Kommodo-Prozedur kee gudde W\u00eblle vun der Ettelbr\u00e9cker Gemeng do war, fir de Leit entg\u00e9intzekommen, notamment d&#8217;Et\u00fcden digital zur Verf\u00fcgung ze stellen, an dat grad am Lockdown. Sou eng Aart a Weis fir virzegoen ass de G\u00e9igendeel vun Transparenz a vu Biergerparticipatioun an dr\u00e9it wesentlech zur Inakzeptanz vun d\u00ebsem Projet b\u00e4i.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Qualit\u00e9it vun der \u00cbmwelt &#8211; Et\u00fcde a Fro stellen<\/span><\/p>\n<p>Dann huet hien d&#8217;Qualit\u00e9it vu CSD Ing. Conseils hirer \u00cbmwelt-Et\u00fcd a Fro gestallt. \u00cbnnert anerem huet hie mon\u00e9iert, datt de Wee fir d&#8217;Camionen, deen an der Et\u00fcde stud\u00e9iert gouf, aus technesche Gr\u00ebnn onm\u00e9iglech dee Wee ass dee fir de Projet zr\u00e9ckbehale gi w\u00e4ert. D&#8217;Verlee\u00eb vum Stroumkabel op Waarken w\u00e4ert onm\u00e9iglech k\u00ebnnen d&#8217;Konditioun anhalen, fir 5 Meter Ofstand vun de Beem ze respekt\u00e9ieren. Hien huet drop higewisen, datt zemools beim Fliedermausmonitoring, d&#8217;Daten sou onkomplett sinn, datt ee kaum nach vu w\u00ebssenschaftleche Fakte schw\u00e4tze kann. Hien huet eng Foto virgeluecht, wou 5 &#8211; 7 Roudmilanen iwwert engem Feld zu Bierden fl\u00e9ien, nodeems gedrescht gouf. De Monitoringdate vun der Studie no dierft sou eng Unzuel do net virkommen. Och de Fait, datt d&#8217;Ierpeldenger \u00cbmweltkommissioun Gr\u00e4ifvigelstaangen an Zesummenaarbecht mat der ANF um Plateau opgeriicht huet, fir de Rodentizid-Asaz ze verr\u00e9ngeren, ass ugeschwat ginn. D\u00ebs Staange si reegelm\u00e9isseg vum Milan besicht an et stellt sech d&#8217;Fro, ob d\u00e9i r\u00ebm musse wechkommen a wien dann dofir responsabel ass.<\/p>\n<p>Ee vun der Ministesch hire Beroder huet bemierkt, datt bei onkompletten Daten \u00ebmmer vum \u201cworst Case\u201c ausgaange g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Et gouf zr\u00e9ckbehalen, datt op d&#8217;Resultater vun der \u00cbmweltstudie iwwert den alternative Site \u2018Leezefeld\u2019, propos\u00e9iert vun der Gemeng Ierpeldeng\/Sauer, muss ofgewaart ginn, \u00e9ier Konklusioune fir oder g\u00e9int dee Site k\u00ebnne vum Point de Vue \u00cbmweltimpakt, gezu ginn.<\/p>\n<p><strong>4. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Puer Remarken<\/strong><\/span><\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Suergen (Bedenken) w\u00e9inst de Gesondheetsschied fir M\u00ebnsch an D\u00e9ier<\/span><\/p>\n<p>Grouss Suergen iwwert den Impakt vun der Wandmillen sou no un de Bierdener Haiser, maache sech d&#8217;Famillen d\u00e9i am noosten vum geplangte Site wunnen. Eng betraffe Famill, d\u00e9i n\u00ebmme 750 m vun der 230 m h\u00e9ijer geplangter Wandmillen ewech wunnt, m\u00e9cht sech grouss Suergen, besonnesch well ee vun de Kanner eng Trisomie 21 huet a mam H\u00e4erz oper\u00e9iert ass. D\u2019Wandmille kann en negativen Impakt op d\u2019H\u00e4erzleeschtung hunn an H\u00e4erzprobleemer verursaachen.<\/p>\n<p>Och beim Reit- an Therapiestall, deen 1 km vun der geplangter WKA steet, muss ee sech froen, wat den Impakt op d\u2019P\u00e4erd ass an op d\u2019Reittherapie d\u00e9i do mat beh\u00ebnnerte M\u00ebnsche gemaach g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Net vergiessen d\u00e4erf een, de puls\u00e9ierenden, h\u00e9ierbare Kam\u00e9idi \u2013 a reegelm\u00e9isseger Kadenz, 24 Stonnen Dag an Nuecht, dat ganzt Joer laang \u2013 dee vum Rotor aus Wandrichtung k\u00ebnnt. Als Verglach, e Krunn deen an engem St\u00e9ck dr\u00ebpst oder e Frigo deen di ganzen Z\u00e4it leeft.<\/p>\n<p><span style=\"text-decoration: underline;\">Aussoen vum Ettelbr\u00e9cker an Dikrecher Buergermeeschter iwwert de Site<\/span><\/p>\n<p>Am Juli 2020, bei der Informatiounsversammlung, sot de Buergermeeschter vun Ettelbr\u00e9ck, \u201cech si mir bewosst, datt et eng Zoumuddung fir d\u00e9i Bierdener Leit ass\u201d&#8230;<\/p>\n<p>An engem Interview op RTL am September 2020 sot hien och, datt et e Projet als Nordstad soll sinn, &#8230; dat een och d\u00e9i aner Nordstadgemenge misst kucken&#8230;<\/p>\n<p>M\u00e9i Infoe vum Ettelbr\u00e9cker an Dikrecher Buergermeeschter f\u00ebnnt een op: <a href=\"https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/1582147.html\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">https:\/\/www.rtl.lu\/news\/national\/a\/1582147.html<\/a><\/p>\n<p><strong>5. <\/strong><span style=\"text-decoration: underline;\"><strong>Geplangten Nordstadfusioun, Wandmillen, alternative Site, politesch Decisioun<\/strong><\/span><\/p>\n<p>Ofschl\u00e9issend hunn d\u00e9i 4 Vertrieder vun der Asbl mat der Ministesch Dieschbourg iwwert d\u2018Fusioun vun de 5 Nordstadgemengen an dem geplangte Referendum diskut\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et gouf rappel\u00e9iert, datt d\u00e9i Gr\u00e9ng aus der Nordstad gefuerdert hunn, de Wandmille Projet viru Bierden vun de Gemengen Ettelbr\u00e9ck an Dikrech falen ze loossen an e gemeinsaamt regionaalt Energiekonzept auszeschaffen.<\/p>\n<p>D\u2019Madamm Dieschbourg w\u00ebllt, datt eng Wandmillen opgeriicht g\u00ebtt. Si seet, datt L\u00ebtzebuerg weider Wandmille brauch, fir d\u2019Klimaziler ze erreechen an op d\u2019Atomkraaft muss verzicht ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Ministesch sot weider, datt nach 2 Et\u00fcd\u00eb gemaach ginn: D\u00e9i eng ass d\u2019Mes\u00fcre vum Radon an d\u00e9i aner vum \u201cSon et infrason\u201d.<\/p>\n<p>Den alternative Site \u2018op Leezefeld\u2019 gouf vun der Ierpeldenger Gemeng propos\u00e9iert, awer et ass eng politesch Decisioun, fir Ierpeldeng un dem Wandmilleprojet particip\u00e9ieren ze loossen.<\/p>\n<p>\u2018Leezefeld\u2019 muss gepr\u00e9ift ginn, punkto Naturschutzgebitt.<\/p>\n<p>De Minist\u00e8re pr\u00e9ift d\u2019Crit\u00e8r\u00eb vun de Gesetzer. De Buergermeeschter g\u00ebtt d\u2019Baugeneemegung.<\/p>\n<p>Nieft dem Prozedural g\u00ebtt et d\u00e9i <strong>politesch Dimensioun<\/strong>.<\/p>\n<p>D\u2019Mme Dieschbourg huet dovunner geschwat, all Uertschaften u Bord ze huelen an och de politeschen Dialog ernimmt. Si encourag\u00e9iert eng <strong>Reunioun<\/strong> mat de Buergermeeschter vun den <strong>3 Gemengen<\/strong> (Dikrech, Ettelbr\u00e9ck, Ierpeldeng) ze maachen.<\/p>\n\n\n<p><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl \u201cEnergie mat Verstand\u201d eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Minist\u00e8re fir \u00cbmwelt, Klima an nohalteg Entw\u00e9cklung (MECDD). Elei d\u00e9i verschidden Themaen respektiv Dol\u00e9ancen d\u00e9i ugeschwat goufen: 1. Historik vun der Asbl 2020 gouf publik, datt d\u2018Gemengen Dikrich [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":[],"categories":[15],"tags":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1654"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1654"}],"version-history":[{"count":3,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1654\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1657,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1654\/revisions\/1657"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1654"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1654"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1654"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}