{"id":1883,"date":"2025-01-28T19:20:16","date_gmt":"2025-01-28T19:20:16","guid":{"rendered":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/?p=1883"},"modified":"2025-01-29T19:43:28","modified_gmt":"2025-01-29T19:43:28","slug":"emv-assemblee-generale-2024","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/2025\/01\/28\/emv-assemblee-generale-2024\/","title":{"rendered":"EmV \u2013 Assembl\u00e9e G\u00e9n\u00e9rale 2024"},"content":{"rendered":"<p><img decoding=\"async\" loading=\"lazy\" class=\"wp-image-1889 size-large alignnone\" src=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-1024x576.jpg\" alt=\"\" width=\"625\" height=\"352\" srcset=\"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-1024x576.jpg 1024w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-300x169.jpg 300w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-768x432.jpg 768w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-1536x864.jpg 1536w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-2048x1152.jpg 2048w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-624x351.jpg 624w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-60x34.jpg 60w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-36x20.jpg 36w, https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-content\/uploads\/2025\/01\/20240626_200450-48x27.jpg 48w\" sizes=\"(max-width: 625px) 100vw, 625px\" \/><br \/>De 26. Juni 2024 hu mir eis 3. Assembl\u00e9e g\u00e9n\u00e9rale an der Aler Schoul zu Bierden a Pr\u00e4senz vun eisem Buergermeeschter Claude Gleis souw\u00e9i dem gesamte Sch\u00e4ffe- a Gemengerot ofgehal.<\/p>\n<p><strong>De bestoende Comit\u00e9<\/strong> gouf an onver\u00e4nnerter Zesummesetzung a Funktioun\u00a0<strong>fir e weidert Joer\u00a0best\u00e4tegt<\/strong>.<br \/>Och de <strong>finanziellen Decompte<\/strong> vun eiser asbl gouf vun de Reviseuren <strong>approuv\u00e9iert.<\/strong><\/p>\n<p>Duerno huet eise Comit\u00e9 op en Neits op d\u00e9i zentral Punkten higewisen, d\u00e9i eis um H\u00e4erz leien.<\/p>\n<p>a)\u00a0 <span style=\"text-decoration: underline;\">De politesche Volet<br \/><\/span>Eise Pr\u00e4sident Yves Wallers huet ganz kloer formul\u00e9iert, dass mir eis vun eiser Gemeng, an am spezielle vun eisem Buergermeeschter m\u00e9i Engagement an \u00cbnnerst\u00ebtzung w\u00ebnschen. <strong>Eiser Meenung no, g\u00ebtt net genuch politeschen Drock op d\u00e9i 2 grouss Nopeschgemengen Ettelbr\u00e9ck an Dikrech ausge\u00fc\u00fcbt<\/strong> fir vum Projet Wandmillen ofzeloossen. Nordstadfusioun a Wandmille sinn eben net vuneneen ze trennen, et geet an d\u00ebsem Dossier och dor\u00ebm, w\u00e9i seri\u00f6 d\u2019Bed\u00fcrfnisser an d\u2018Suerge vun de klengen Dierfer vun eise groussen Nopere geholl ginn.\u00a0<\/p>\n<p>b)\u00a0 <span style=\"text-decoration: underline;\">Eis gesondheetlech Bedenken<\/span><\/p>\n<p>&#8211; Infraschall: Mir riichten Wandrieder op, a mir hunn keng Laangz\u00e4itstudien, di beweisen, datt et keng effets sanitaires op de M\u00ebnsch g\u00ebtt. Well d\u2019Regelwierk nit m\u00e9i z\u00e4itgem\u00e4ss ass fir di heiteg Megawandrieder an d\u2019Moossprotokoller den d\u00e9iwen Infraschall vun 0,1 bis 8 Hz nit ber\u00fccksichtigen, sinn d\u2019Aussoen vu Soler an der Politik iwwert d\u2019Onbedenklechkeet einfach nit korrekt! Et g\u00ebtt an dem Kontext de medezinesch unerkannten Term vum \u201eSyndrom \u00e9olien\u201c deen drop hiweist, datt 10 \u2013 30% vun de M\u00ebnschen bei Laangz\u00e4itexpositioun mat <strong>Kappw\u00e9i, Schwindel, Schlofst\u00e9ierungen, H\u00e4erzrhythmusst\u00e9ierungen etc.<\/strong> reag\u00e9ieren. Mir fuederen d\u2019Anhale vum \u201cPrincipe de pr\u00e9caution\u201d aus Manktem un zouverl\u00e4ssegen Etuden an dat heescht konkret eng gr\u00e9isser Distanz vun den H\u00e4iser zu der Wandmillen op Hasenbach. D\u2019Agenda 21 vun UNO seet:\u00a0<em>\u201eLe <strong>principe de pr\u00e9caution<\/strong> est applicable lorsque les <strong>certitudes scientifiques manquent<\/strong> ou sont insuffisantes<\/em> <em>pour prouver la relation de cause \u00e0 l\u2019effet et que, simultan\u00e9ment, de s\u00e9rieux indices font craindre un risque important pour la sant\u00e9 de l\u2019homme et des animaux ou pour l\u2019environnement. <strong>En cas d\u2019incertitude scientifique, il y a un droit, voire une obligation, de prendre des mesures pr\u00e9ventives.\u201d<\/strong><\/em><\/p>\n<p>\u00a0&#8211; Kam\u00e9idi: Mir wunnen hei zu Bierden an engem quasi ger\u00e4ischfr\u00e4ie Raum, keng Autobunn, keen Zuch, quasi null Verk\u00e9ier owes an nuets. Dat ass ee vun den zentrale Gr\u00ebnn firwat vill Famillen an de leschte Joren op Bierden gezu sinn, a fir hire Choix vun engem rouegen Doheem fir sech an hir Kanner zum Deel h\u00e9ich finanziell Belaaschtungen a Kaf geholl hunn. Mat der geplangter Wandmillen \u00e4nnert sech d\u00ebs Situatioun. <strong>De psycheschen Impakt vun enger auditiver Dauerbelaaschtung ass net ze \u00ebnnersch\u00e4tzen <\/strong>a w\u00e4ert bei jonken an alen Awunner seng Spueren hannerloossen. Et ass an eisen An dofir falsch sech hannert engem theoretesche Richtwert vu 37 dB ze verstoppe fir d\u2019Belaaschtung op de m\u00ebnschlechen Organismus festzelee\u00ebn \u00a0ouni Ber\u00fccksichtegung vun der bestoender Ger\u00e4ischkuliss virum Opriichte vun enger Wandmillen.<\/p>\n<p>\u00a0&#8211; Schattenwurf: Mir hunn\u00a0des\u00a0Weideren\u00a0dorop higewisen, dass de Schattenwurf net bei der \u00e9ischter Rei Haiser oph\u00e9iert, mee dat ganzt Duerf betr\u00ebfft. Wien eisen Drone-Video gesinn huet kritt en Androck dovun, w\u00e9i gewalteg d\u00e9i Konstruktioun w\u00e4ert ginn, a w\u00e9i w\u00e4it de Schied deementspriechend fale w\u00e4ert. An der Etude, d\u00e9i Soler an Optrag ginn huet, geet een z.B. <strong>am Alen Duerf vu bis zu 55 Deeg<\/strong> <strong>Schattenwurf<\/strong> am Joer aus, dat si quasi bal 2 M\u00e9int! Den Impakt op d\u2019Psyche vum M\u00ebnsch duerch de sougenannte stroboskopeschen Effekt ass eiser Meenung no net ze \u00ebnnersch\u00e4tzen. <a href=\"https:\/\/www.youtube.com\/watch?v=uEFfaG-XP80\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\">Wien sech den Effekt net virstelle kann, kritt hei en Androck.<\/a><\/p>\n<p>\u00a0Cl\u00f4tur\u00e9iert gouf eis Assembl\u00e9e g\u00e9n\u00e9rale nom Virdroe vun eise gesondheetleche Bedenken a politesche Fuerderunge mat enger oppener Diskussioun.<\/p>\n\n\n\n\n\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>De 26. Juni 2024 hu mir eis 3. Assembl\u00e9e g\u00e9n\u00e9rale an der Aler Schoul zu Bierden a Pr\u00e4senz vun eisem Buergermeeschter Claude Gleis souw\u00e9i dem gesamte Sch\u00e4ffe- a Gemengerot ofgehal. De bestoende Comit\u00e9 gouf an onver\u00e4nnerter Zesummesetzung a Funktioun\u00a0fir e weidert Joer\u00a0best\u00e4tegt.Och de finanziellen Decompte vun eiser asbl gouf vun de Reviseuren approuv\u00e9iert. Duerno huet [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":5,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":[],"categories":[3],"tags":[],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1883"}],"collection":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1883"}],"version-history":[{"count":12,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1883\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1934,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1883\/revisions\/1934"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1883"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1883"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/energiematverstand.lu\/wpenergie\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1883"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}