Dronen méi wichteg wéi de Bierdener Leit hir Gesondheet!

(Foto: https://www.bremen-innovativ.de)

Wärend dem Conseil Communal vun der Gemeng Ettelbréck, de 14. September 2020 huet den Här Schaaf e kuerzen Historique zu de geplangten Siten vun deenen 2 Wandmillen an der Nordstadregioun ginn.

An enger éischter Phase gouf Soler SA beoptraagt, déi bescht Emplacementer fir 2 Wandmillen auszemaachen. Hir Etüd huet doropshinn 2 Siten als déi gëeegenst – well am effektivsten – zréckbehalen.

  1. De Karelshaff op Ettelbrécker Terrain
  2. Den Härebierg op Dikrecher Terrain

 

De Site beim Härebierg ass awer ganz séier fale gelooss ginn, an dat aus folgenden Argumenter:

  1. D’Arméi trainéiert hei mat High-Tech-Dronen an an dem Kontext ass et ze riskant eng Wandmillen als méiglecht Hindernis am Ëmfeld ze hunn.
  2. Eng Wandmillen stéiert de Militärhelikopter, deen och um Härebierg am Asaz ass.

Well de Site beim Härebierg net méi a Fro koum, huet Nordenergie SA dunn zesummen mat Soler SA gekuckt, fir en aneren Site ze fannen, wouropshin Bierden an d’Spill koum.

 

Mir stellen also fest, dass de Bierdener Site eng Noutléisung ass, well sech d’Wandmillen net um Härebierg realiséiere gelooss huet. Mir stellen och fest, dass den Ertrag vun der Wandmillen zu Bierden also manner effektiv ass am Verglach zu enger Anlag um Härebierg.

Wat mir guer net novollzéie kënnen, ass dann d’Argumentatioun, firwat de Site um Härebierg fale gelooss ginn ass. Fänke mer mol mam 1. Argument un:

  1. Droneproblematik

All Hobbypilot ka seng Dron laanscht eng Wandmillen steieren, et kann also net sinn, datt Experten, déi fir e multifunktionalen Asaz a Krisen- a souguer Krichsregiounen ausgebilt ginn, hei en novollzéibare Problem kënnen hunn.

Am Entretien vu Wandmillen gi souguer gezielt Dronen zur Inspektioun vun de Rotorblieder agesat!

Dobäi kënnt, dass de Site vun der Wandmillen mol net direkt um Härebierg wier, wat en Impakt bei Start- a Landeprozeduren ausschléisst. De reguläre Betrib vun enger Militärdron fënnt ausserdeem op enger Héischt vun 10-15 km statt, d’Wandmillen ass 230 m héich…

Hei handelt sech also ëm en Argument, wat méi wéi mat den Hoer erbäi gezunn ass!

2. De Militärhelikopter

Dat 2. Argument fir de Site um Härebierg falen ze loossen, war laut Nordenergie SA dat vum Militärhelikopter, deen do sporadesch am Asaz ass. Dat ass en Argument, dat mir duerchaus novollzéie kënnen, well en Helikopter jo net sou héich flitt an eng Wandmillen, jee no Wiederconditiounen geféierlech ka ginn.

An deem Zesummenhang muss awer och festgehale ginn, datt den Helikopter vun der Air Rescue all Dag e puer Mol – also vill méi oft wéi de Militärhelikopter um Härebierg – iwwer Bierden flitt, an dat virun allem iwwert den diskutéierten Emplacement vun der Wandmillen fir bei der Klinik St. Louis zu Ettelbréck ze landen. Am Géigesaz zu der Arméi huet d‘Air Rescue awer guer kee Problem domat, laanscht eng méiglech Wandmillen ze fléien!

 

Wéi kann et also sinn, dass d’Air Rescue mat enger potentieller Wandmillen matten an hirer Afluchschneis eens gëtt, an d’Arméi – déi wéi gesot eigentlech fir ganz aner Zenarien ausgebilt ass – hei anscheinend kapituléieren muss?

Dofir ass fir eis och an dësem Fall kloer, hei handelt sech ëm e Scheinargument vun Dikrecher Säit fir en eigentlech gëeegente Site op hirem Terrain falen ze loossen.

Mir fuerderen dofir, dass de Site um Härebierg, oder en aanere Site an der Gemeng Dikrech, nees an d’Diskussioun mat abezu gëtt a sech och d’Gemeng Dikrech domat bereet erklärt hire Bäitrag zum diskutéierten Energiekonzept ze leeschten.

Als Member vun der Nordenergie SA kasséieren, mee dat op kee Fall mat enger Wandmillen op dem Dikrecher Terrain, dat ass keng fair Optioun, Här Buergermeeschter Haagen – net vis-à-vis vun Äre soi-disant Partnergemengen Ettelbréck an Ierpeldeng a schonns guer net vis-à-vis vun de gesondheetleche Bedenken vun de Bierdener Leit!

Quell Audio-Datei: