Eis Regierung huet sech bis 2030 respektiv 2050 ganz ambitiéis Ziler a punkto Reduzéierung vun den Zäregasen gesat. Well dës Ziler virun allem mat «grénger» Energie realiséiert solle ginn, ass et wichteg fir ee Bléck op ee vun deenen «gréngen» Pilieren ze werfen: d’Wandenergie. Vu politescher Säit gëtt eng Energieform propagéiert, déi lues a lues eng Kulturlandschaft, déi iwwert laang Zäit gewuess ass, an eng Industrielandschaft ëmmoduléiert.
Zu Lëtzebuerg stinn am Moment (Enn 2020) ronn 70 Wandmillen, déi 2019 (no ILR Stand 2020) ëm 280 Gigawattstonne Stroum produzéiert hunn, wat een Undeel vun engem hallwe Prozent vum Endenergieverbrauch ausmécht oder 4% vun eisem Stroumverbrauch. Mat engem weideren Ausbau an der Rumm vum Klimaplang 2030 respektiv 2040 géif dat dann 1% respektiv 2,3% vum Gesamtenergieverbrauch ausmaachen, an da géifen e puer honnert Wandmillen uerchtert d’Land stoen. No Berechnunge bräicht ee ronn 2500 Wandmille vun 3 Megawatt fir nëmmen eisen haitege Stroumbedarf ze decken, an dee mécht just 13% vum Gesamtenergiebedarf aus!
Do stelle mir eis natierlech Froe, wat fir Konsequenzen esou ee massiven Ausbau vu Wandmillen op eis Ëmwelt, Gesondheet a Landschaft wäert hunn? Een ëffentlechen Debat iwwert den Notzen an de Schued vu Wandstroum ass méi wéi noutwendeg, wa mir net wéi eis däitsch Nopere mat hirer «Energiewend» an eng Sakgaass wëlle steieren.
Eis Politik hält stuer un hirem Narrativ vun der grénger «Success-Story» fest, obwuel si weeder energetesch sënnvoll, nach ekonomesch rentabel ass. D’Vollek kritt virgegaukelt, datt ee mat Solar- a Wandstroum eng Zort Komplettléisung hätt fir eng sécher Energieversuergung, eng propper Ëmwelt an eng nohalteg Klimapolitik.
Kritik un der Wandenergie ass tabu, wëssenschaftlech Erkenntnisser ginn ignoréiert oder aus dem Kontext gerappt, Temoignagë vu Betraffene ginn net gehéiert a mam NIMBY-Argument ginn d’Kritiker diffaméiert. Dobäi heeft sech de Widderstand am In- an Ausland: Biergerinitiativen, Naturschützer, Medezinner, Akustiker an Energiefachleit melle sech zu Wuert fir géint eng onkritesch an eesäiteg Energiepolitik ze protestéieren, déi der naiver Virstellung unhänkt, Flatterstroum kënnt bei Flauten zu enger zouverlässeger Stroumversuergung bäidroen.
D’Realitéit vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg (net nëmme bei eis ass et esou) weist sech an enger mangelnder Versuergungssécherheet, an enger net ekonomesch sënnvoller Bezuelbarkeet, an an enger héijer Belaaschtung vu Fauna a Flora inklusiv vun eis Mënschen.
Et wier esou lues un der Zäit, wann net nëmmen eis Politiker, mee och eis Medien sech verstäerkt mat de Problematike vun engem forcéierten Ausbau vun der volatiller Wandkraaft ausernee géife setzen!
Eis Asbl „Energie mat Verstand“ ass ganz averstane mam Grondgedanke vun der WHO: „Gesundheit ist ein Zustand vollständigen körperlichen, psychischen und sozialen Wohlbefindens und nicht nur das Freisein von Beschwerden und Krankheit.“
Literatur zum Thema vum Pol Heinen:
Ambitiéis Ziler oder Klimaplacebo mat Niewewierkungen?
Eng „stralend“ Zukunft fir de Waasserstoff
Weiderféierend Literatur zum Thema Energiewend: