Aner Geforen

Äisschlag

Ein Bild, das Text, Himmel, Schild, draußen enthält.

Automatisch generierte Beschreibung

Bei kalen Temperature kann et am Wanter un de Flilleke vun de Wandmillen zu Äisbeschlag kommen (Kondenswaasser, Niwwel, Reen). D’Gefor besteet, datt sech bei der Rotatioun vun de Flilleken Äisstécker léisen, déi dann an engem Radius vun Honnerte vu Meteren ewechgeschleidert ginn. Och wann di neisten Anlage mat Ofschaltautomatiken ausgerëscht sinn, ass dës Gefor net ganz auszeschléissen. Obwuel Schëlter op dës Gefor hiweise mussen, bleift fir d’Benotzer vun de Flächen an de Weeër ronderëm eng Wandmillen ee potentielle Risiko (Bauer, Foussgänger, Vëlosfuerer) bestoen.

Brandgefor

Blitzeinschläge, Schäden an der Kabelisolierung und überhitzte Getriebe: Jeden Monat werden durchschnittliche zehn Windturbinen durch Feuer zerstört, hat die britische Eliteuniversität Imperial College in einer Studie herausgefunden.“

Ein Brand führt meist zum Totalschaden der Windturbine. Die Masten sind für die Feuerwehrleitern zu hoch, die Gefahr für Feuerwehrmänner ist zu hoch, durch abstürzende Rotorblätter verletzt zu werden.
Ein Bild, das draußen enthält. Automatisch generierte Beschreibung

Wat geschitt mat der Wandmillen, wann se a Brand geréit? Ee Brand un enger Wandmillen ass net ze läschen. D’Pompjeeë kënnen an esou engem Fall just d’Gebitt groussraimeg spären an ofwaarden, bis d’Anlag ofgebrannt ass. Läschen ass an esou Héichten net méiglech. Wéinst méigleche brennenden Deeler, déi eroffale kënnen, bleift den Hëllefsequippe soss näischt iwwreg, ewéi den Terrain ofzespären, d’Bevëlkerung opzeruffen d’Fënsteren zouzemaachen an d’Brandplaz ze evitéieren. No engem Brand ass eng Wandmille quasi ëmmer als Totalverloscht ze verbuchen!

Brieche vu Wandmillen

Ein Bild, das Gras, draußen, Himmel, Windmühle enthält.

Automatisch generierte Beschreibung

Nieft dem Brand gehéiert d‘Breeche vu Flilleken zu dem „GAWU – Größter anzunehmender Windkraftanlagenunfall“.

Duerch Stuerm, Materialfeeler oder Alter vu Materialie kann et zu onkontrolléiertem Ofräisse vun Deeler vun der Wandmille kommen. Wann tonneschwéier Flilleken oder ganz Wandmillen ëmknécken an d’Stécker eroffalen oder am Ëmkrees verspreet ginn, kann ee frou sinn, wa keng Leit (Bauer oder Fräizäitsportler) zu Schued kommen. D’Käschte kënnen an deem Fall bis an d’Millioune goen.