Di Anlag, déi virun der Hausdier vu Bierden geplangt ass, gehéiert zu de gréisste vum Land (230 m héich) a soll knapp 750 m ewech vun den éischten Haiser stoe kommen. Am Kommodo-Inkommodo steet ze liesen, datt d’Ingenieure vu CSD festhalen, datt nuets di Wandmille mat 40 dB den erlaabte Wäert vu 35 dB depasséiert. Wann een da bedenkt, datt d’Wandrichtung dacks net favorabel fir d’Duerf ass, kann een dovunner ausgoe, datt de Kaméidispeegel an der Realitéit méi héich ass, wéi an der Theorie berechent gouf. Eng Drosselung mécht déi Anlag zwar reegelkonform, mee d’Fro bleift, wien dat kontrolléiere geet, an ob di Wäerter tatsächlech ënnert Realkonditiounen dauerhaft agehale ginn. Wat hëlleft et eis, wa bei WKA (Wandkraftanlagen)-Präsentatiounen, d’Promoteuren d’Schallbelaaschtung mat engem Frigo vergläichen. Déi meeschte Leit schlofe bekanntlech net fräiwëlleg nieft engem Frigo!
Beim Kaméidi muss een tëschent héierbarem Schall an Infraschall (net héierbar) ënnerscheeden. Schall oder Kaméidi besteet aus Drockschwankungen, déi a Frequenzen duergestallt ginn. Héieren doe mir Frequenzen tëscht 20 Hz an 20.000 Hz. Iwwert 20.000 Hertz schwätzt ee vun Ultraschall, ënnert 20 Hz vun Infraschall. Och wa mir den Infraschall net héiere kënnen, sou huele mir (an och d‘Déieren) déi Zort Schall iwwert Rezeptoren an iwwert eis Haut op – an dee mécht eppes mat eisem Organismus.
Quelle vun Infraschall si vun technescher (Verkéier, WKA, Wärmepompelen, Maschinnen, Klimaanlage …) oder natierlecher (Mieresrauschen, Donnerwieder, Waasserfall …) Natur. Den Infraschall geet duerch Maueren, Fënsteren a kann sech och nach am Haus duerch Réckkopplunge verstäerken. Eenzegen Auswee ass genuch Distanz zur Wandanlag!
An engem Interview op RTL Radio huet eisen Energieminister behaapt, datt Lëtzebuerg déi strengste Reegele bei den Ofstänn zur Bebauung huet. Am ITM-SST Gesetz vun 2012 steet am Artikel 10.3. „La distance minimale mesurée en projection horizontale, qui doit séparer l’éolienne de toute habitation est de 300 m, sous réserve de conditions plus contraignantes imposées par toute autre autorité compétente.”
Majo, vu weegen di strengste Reegelen, wann ee bedenkt, datt et an Däitschland allgemeng 1000m sinn, an a Bayern souguer 10H-Reegel praktizéiert gëtt, wat bedeit, datt eng WKA 10 mol d’Héicht vun der Anlag wech vun den éischten Haiser muss sinn, an eisem Fall géif dat dann 2,3 km bedeiten a net 750 m!
An dës Reegelung ass eng dynamesch Mesure, well jo den Ofstand sech stänneg upasst a net statesch bei engem fixe Wäert stoe bleift.
Do stellen sech fir eis e puer Froen un eisen Energieminister:
Sinn d‘Ofstännsrecommandatioune fir déi heiten Megawandanlag mat iwwer zweehonnert Meter Héicht iwwerhaapt nach adaptéiert ?
Wat ass mat dem déiffrequente Schall, deen aus de berechente Schallpeegelen erausgefiltert gëtt oder guer net gemooss gëtt, zemools de Beräich vun 0,1 Hz bis 10 Hz?
Firwat moosst een nach ëmmer no DIN-Normen aus dem Joer 1998, aus enger Zäit, wou d’Anlagen eng Héicht vun 30-70 m haten? Firwat gouf d’ITM Gesetz vun 2012 nach net aktualiséiert an ugepasst, wann ee bedenkt, datt haut Anlagen vun iwwert 200 m Héicht opgeriicht ginn.
Wéi wierkt sech dat aus wann, wéi elo an Däitschland, d’Fräifläche net méi duerginn a méi no un d’Bebauung muss erugeréckelt ginn, an och massiv bäi an an d’Bëscher muss gebaut ginn ?
Wat bewierkt den Infraschall beim Mënsch ?
D’Rotore vun de Wandmille bewierken, datt de pulséierenden, déiffrequente Schall duerch d’Loft an de Buedem bis an d’Haiser gedroe gëtt. Wat d’Wandmille méi grouss sinn, wat méi déiffrequente Schall entsteet, dee vun eisem Kierper an Ouer opgeholl gëtt, a sou di bekannte Symptomer ausléist. Di betraffe Mënsche kloen iwwert Schlofstéierungen, Kappwéi, Schwindel, Tinnitus, Gedauschs a Brummen am Kapp, leiden ënnert Depressiounen a Bluttdrockschwankungen. Eng ganz Rëtsch Ënnersichungen am Ausland vu Medezinner an Akustiker weise kloer an däitlech, datt den déiffrequente Schall sech negativ op eng Rei Organer (Gehier, Häerz) auswierkt.
D‘Madame Dieschbourg huet op eng parlamentaresch Ufro vum Här Kartheiser geäntwert:“Bei der Genehmigung von Windkraftanlagen muss ausgeschlossen sein, dass diese negative Auswirkungen auf Menschen haben, etwa durch Brummen, Infraschall oder Schattenschlag“ (Journal vom 21.5.2015). Wéi wëll d’Madame Dieschbourg garantéiere, datt di betraffe Leit vu Wandmille keng gesondheetlech negativ Folgen droe mussen, wa weeder den Ëmweltministère nach d‘Bedreiwerfirma Soler iwwert Laangzäitstudie verfügen, déi déiffrequente Schall an den Haiser vun de betraffene Leit analyséiert hunn?
Et ass schonns bemierkenswäert, datt just déi Länner, déi op ee forcéierten Ausbau vu Wandkraaft halen, bei den Ofstandsreegelungen am largeste sinn! Kuckt een aner Staaten am Ausland, sou gesäit een, datt déi bei wäitem méi grouss Ofstänn hunn: Groussbritannien 3 km bei Anlagen méi héich wéi 150 m, oder d‘USA, wou een Ofstand vun 2.500 m agehale muss ginn. A wann „d’European Human Rights-Study“ schonns 2012 2.000 m recommandéiert oder den „Ärzteforum Emissionschutz“ 2014 vun engem Minimum vun 10H schreiwt, da froe mir eis, wisou den Här Turmes mat 300 m Ofstand vun de „strengste Kaméidisgesetzer vun Europa“ schwätzt. Dat ass an eisen Aen Zynismus puer. Hei gëtt de Bierger net nëmme veräppelt mee a senge Suergen net eescht geholl!
Eis Regierung an och d‘Promoteure vu Wandenergie argumentéieren dacks, datt Kaméidi, deen een net héiert, bekanntlech och net schueden kéint. Wann et ëm gesondheetlech Auswierkunge geet, berifft eise Ministère sech säit Joren op di 2 selwecht Studien, déi keng relevant gesondheetlech Bedenke feststellen. An enger Etüd (ANSES 2017) steet zum Schluss Folgendes: “Considérant l’importance de l’effet des sons audibles sur la gêne occasionnée par les éoliennes, et compte tenu de lacunes actuelles dans ce domaine, le CES préconise de réaliser des études complémentaires portant sur la sonie de sons complexes basses fréquences (pas uniquement des sons purs) “. Dat misst eise verantwortleche Politiker ze denke ginn. Si sollten een zäitleche Moratoire fir esou riseg Industrieanlagen ausruffen, bis eis aus der Fuerschung méi genau an détailléiert Resultater iwwert d’Auswierkunge vun déiffrequentem Schall virleien.
Literatur zum Thema: