Dieschbourg an Turmes scheien den direkten Dialog mat de Bierdener Bierger!

(Foto: gouvernement.lu / Luc Deflorenne)

Déi 2 Deputéiert André Bauler a Gusty Graas (DP) hunn an enger Parlamentarescher Fro (n°2590) vum 27.07.2020 am Zesummenhang mat der geplangter Wandmillen zu Bierden folgend Fro un den Energieminister Turmes an d’Ëmweltministesch Dieschbourg gestallt:

“Sinn den Här an d’Madame Minister bereet fir den Dialog mat de Bierdener an Ierpeldenger Bierger opzehuelen an eng Rei Froe mat hinnen am Kader vun enger weiderer Informatiounsversammlung ze klären, fir datt Ängschten a Suerge vun der Bevëlkerung am direkte Gespréich kënnen ugesprach ginn? Wa jo, wier dat am spéide Summer oder am fréien Hierscht méiglech?“

D’Hoffnung vun de Bierger am direkten a virun allem perséinlechen Dialog iwwert déi herrschend Bedenken an Ängscht mat eise gewielten Volleksvertrieder schwätzen ze kënnen, gouf awer leider net erfëllt. An der Äntwert vu béide Ministeren heescht et den 22.09.2020 schliisslech:

Den Dossier de Demande wor, wéinst engem Formfeeler vun der Gemeng bei der éischter Kéier, nach eng Kéier an d’Enquête publique (Commodo-Gesetz) gaangen. Dat heescht, d’Bierger hate nach eemol d’Méiglechkeet, sech an d’Detailer vun der Demande anzeliesen an hier Observatiounen ofzeginn. Selbstverständlech bleiwen awer d’Observatiounen, déi am Kader vun der éischter Enquête publique gemaach goufe, weiderhi valabel. Déi Observatioune ginn all considéréiert iert eng Commodo-Décisioun geholl gëtt.“

Mir bedaueren an dem Kontext, dass d’Ministeren net op déi gestallte Fro geäntwert hunn, mä sech mat der Excuse erausrieden, d‘Bierger hätte jo hir Bedenken schrëftlech rareeche kënnen. Den Här Bauler an den Här Graas haten awer ganz kloer no engem Dialog gefrot, an dee baséiert par Definitioun op d‘Stellen an d‘Äntwerten op Froen. D’Responsabilitéit fir Stellung ze huelen, ass dowéinst bedauerlecherweis keng Optioun fir eis Ministeren gewiescht.

Mir géingen eis wierklech wënschen, dass hei en Ëmdenken an den zoustännege Ministère stattfënnt.

Onperséinlech formal Prozeduren sinn eng Saach, de perséinleche Kontakt mat de Bierger eng aner!