Biergerforum zur Nordstadfusioun

(Foto: https://eveeno.com/erpeldange)

De 15.10.2020 hu Vertrieder vun eiser Initiativ um Biergerforum Fusioun Nordstad am Centre culturel zu Ierpeldeng/Sauer deel geholl.

Mir hunn op dëser Veranstaltung ganz kloer zum Ausdrock bruecht, dass de Projet vun enger Wandmillen zu Bierden en onnéidege Käil an d’Nordstadsverhandlungen dreift. Et entsteet den Androck, dass déi grouss Gemengen Ettelbréck an Dikrech iwwert d’Käpp vun de klenge Gemengen ewech einfach probéiere Projeten duerchzeboxen. Dat ass am Virfeld vun engem Referendum eng ganz fragwürdeg Virgoensweis, déi mir net novollzéie kënnen. D’Gemeng Ierpeldeng gouf méi oder wéineger virun e Fait Accompli gestallt an d’Bierdener Leit am leschte Moment iwwert de Projet informéiert.

Wann dat lo schonns virun enger Fusioun Usus sollt sinn, wéi leeft et dann eréicht, wann d’Fusioun vollzunn ass? Sinn déi kleng Gemengen da just nach de Spillball vun Dikrech an Ettelbréck? Den Androck entsteet jiddefalls hisiichtlech dem Wandmillen-Projet zu Bierden! 

Fir et ganz kloer ze soen: Kee vun eis ass géint d’Nordstad, ganz am Géigendeel, mir fannen et e ganz wichtege Projet a prinzipiell ënnerstëtze mir d’Fusiounsbestriewungen. Mä mir plädéieren fir eng Gläichberechtegung vun alle 5 involvéierte Gemengen!

Mir konnten awer och wärend dem Biergerforum am Dialog mat villen, net direkt vun der Wandmille concernéierten Awunner vun der Gemeng Ierpeldeng feststellen, dass och si hannert eis stinn, eis Bedenken an Ängscht verstinn, eis Initiativen ënnerstëtzen an d’Virgoe vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech verurteelen. Dat huet eis nohalteg an eisem Bestriewe gestäerkt, weider géint de Projet virzegoen!

Och interessant: Vum Organisatiouns Team ass am Ufank an zum Schluss vun der Veranstaltung eng Online Ëmfro gemaach ginn, fir z’ermëttelen, wéivill Participanten fir eng Fusioun wären. Dobäi koum raus, dass no eiser Interventioun am Laf vum Forum, zum Schluss manner Leit dofir waren.