„Kee Nordstad-Referendum wa Bierdener Wandmillen!“

(Foto: erpeldange.lu)

Den 03.12.2020 haten mir eng Entrevue mam Ierpeldenger Schäfferot fir iwwert den aktuelle Stand vum Projet Wandmillen ze schwätzen.

Den Här Buergermeeschter Claude Gleis huet eis, wéi och schonns wärend der Kommodo-Prozedur, de Support vun de Gemengeverantwortlechen versprach fir d’Implantatioun vun der Wandmillen zu Bierden ze verhënneren.

Den Här Gleis huet eis nach eng Kéier verséchert, dass d’Gemeng Ierpeldeng keng Wandmillen a Proximitéit vun der Uertschaft Bierden wëll. Dës Problematik soll am nächsten Gemengerot zur Sprooch bruecht ginn.

Sollt de Projet net vun der Gemeng Ettelbréck verworf ginn, hätt de Gemengerot d’Méiglechkeet d’Fusioun ze blockéieren andeems zu Ierpeldeng kee Referendum fir d‘ Fusioun géing organiséiert ginn. Domat wär d’Nordstadfusioun dann net méi méiglech …

Eist Gespréich war ganz positiv a mir zielen weiderhin op d’Ënnerstëtzung vun eisem Gemengerot a Buergermeeschter!