Remarquen zu der Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch Paulette Lenert

(Fotomontage)

E puer Remarquen zu der Äntwert vun der Madamm Lenert  op eise Bréif vum 8. März 2021.

Am Ufank schreift d’Madamm Lenert: „[…] le nombre d’études scientifiques «peer-reviewed» et publiées dans des journaux scientifiques n’est pas suffisamment important […]“

Wéi vill Etudë mussen et dann «peer-reviewed» sinn, fir datt de Ministère et wichteg fënnt fir Conclusiounen iwwert den Infraschall-Kaméidi ze zéien? D’ANSES-Etude ass onses Wëssens och net «peer-reviewed» a gëtt awer bei all parlamentaresch Ufro zum Thema Infraschall quasi als eenzeg vun de Ministeren zitéiert. Dobäi ass et eng vum franséische Staat beoptraagt Etude déi jo kaum eent anert Resultat ka brénge wéi, datt et keen Zesummenhang tëschent Infraschall aus Wandmillen a gesondheetleche Problemer gëtt. Der Santé geet eng eenzeg staatlech Etude also duer fir ze behaapten, datt et keen „effet sanitaire“ gëtt.

Weider ze liesen ass: „…le manque d’études épidémiologiques …demande un recours au principe de précaution”.

D’Etude vun der ANSES gesäit keng gesondheetlech Gefore vun Infraschall, de Ministère recommandéiert de „principe de précaution“ an d’ANSES fuerdert ee bessert Abannen an Informéiere vun de Bierger  bei Wandmillen-Projeten! Gesäit esou de „principe de précaution“ aus? Firwat recommandéiert d’ANSES  den Ofstand zu Wandmillen net ze änneren an un de bestoende franséische Gesetzer alles beim Alen ze beloossen, obwuel si och fannen, datt méi medezinesch an epidemiologesch Laangzäitenquêtë misste gemaach ginn. Wéi schéin ass dee principe dach an der Schwäiz formuléiert: „Le principe de précaution est applicable lorsque les certitudes scientifiques manquent ou sont insuffisantes pour prouver la relation de cause à l’effet et que, simultanément, de sérieux indices font craindre un risqué important pour la santé de l’homme et des animaux ou pour l’environnement. En cas d’incertitude scientifique, il y a un droit, voire une obligation, de prendre des mesures préventives. L’application du principe doit obéir à des processus transparents et conformes à l’Etat de droit.”

D’Madamm Lenert fënnt, datt et net genuch wëssenschaftlech Etuden existéieren, déi den „effet sanitaire“ vu Wandmille beweisen, recommandéiert also (ganz richteg argumentéiert!) de „principe de précaution“, mee dee besteet fir si dann an enger besserer Biergerinformatioun a Biergerbedeelegung, oder a Schallmoossungen éier d’Wandmille gebaut gëtt a Moossungen duerno. Eng „mesure préventive“ ka jo net sinn, eng Wandmillen ze bauen an da Schallpeegelen ze vergläiche mat Wäerter ouni Wandmillen!!

Weider am Text: „L’implantation d’éoliennes à des distances trop proches de logements peut avoir un caractère trop anxiogène, pouvant impacter la qualitéde vie des riverains…une procédure participative…prenant en compte l’opinion et les craintes des riverains, devrait permettre de trouver des solutions satisfaisant pour les parties concernées…avant que des procedures d’autorisation concrètes ne soient entamés.”

Hei gëtt d’Madamm Lenert jo selwer zou, datt Soler hätt missen am Virfeld mat de Bierger zesumme schaffen an op d’Ängschte vun de Leit agoen. Dat ass jo manifest net geschitt! Genau de Contraire ass den Historique vun eiser Wandmillen. Fir d’éischt ginn Neel mat Käpp gemaach: kucken datt all d’Autorisatiounen a Problemer am „grénge“  Beräich leien, éier een dann de Bierger informéiert wat ee virhuet!! Ënnert  „procédure participative“ versti mir eppes Aneres! Mir si quasi viru „faits accomplis” gesat ginn!

E puer Zeile weider: „L’amélioration de l’acceptation de projets générant de l’énergie renouvable sera …de préserver l’environnement et d’améliorer la qualité de l’air  et la santé.”

Hei behaapt d’Madamm Lenert quasi an engem Saz, datt ee mat enger Wandmillen d’Gesondheet verbessert. Dat ass jo kontradiktoresch zu deem, wat se e puer Zeile mi fréi geschriwwen huet, wou se seet, vu datt bis dato keng Laangzäitstudien zu den „effets sanitaires“ existéieren an déi Etuden déi do sinn, net „suffisemment important“  sinn, een awer de „principe de précaution“ misst uwenden. Dat ass jo awer zimmlech weit wech vu „l’énergie renouvable permettra d‘améliorer la santé“!!

Am leschten Abschnitt steet geschriwwen:  „[…] je ne suis en mesure  de donner suite à votre demande de réalisation d’une étude d’impact du bruit et des infrasons d’autant plus que la Direction de la Santé ne dispose ni des équipements ni du personnel afin de réaliser une telle étude.“

Do kann een sech jo nëmme verwonnert d’Ae reiwen: Eis Ministèrë ginn d’Erlabnis fir zeg Wandmillen ze bauen, sinn awer net an der Lag adequat (also wat Biologen a Medezinner schonns méi laang fuerderen) Infraschallmoossungen  duerch ze féieren oder féieren ze loossen. Een Thema wéi „effets sanitaires“  vu Wandmille misst op der ieweschter Prioritéitelëscht vun engem Gesondheetsministère stoen.

D’Gesondheet ass an eisen Aen net verhandelbar.