De 26. Juni 2024 hu mir eis 3. Assemblée générale an der Aler Schoul zu Bierden a Präsenz vun eisem Buergermeeschter Claude Gleis souwéi dem gesamte Schäffe- a Gemengerot ofgehal.
De bestoende Comité gouf an onverännerter Zesummesetzung a Funktioun fir e weidert Joer bestätegt.
Och de finanziellen Decompte vun eiser asbl gouf vun de Reviseuren approuvéiert.
Duerno huet eise Comité op en Neits op déi zentral Punkten higewisen, déi eis um Häerz leien.
a) De politesche Volet
Eise Präsident Yves Wallers huet ganz kloer formuléiert, dass mir eis vun eiser Gemeng, an am spezielle vun eisem Buergermeeschter méi Engagement an Ënnerstëtzung wënschen. Eiser Meenung no, gëtt net genuch politeschen Drock op déi 2 grouss Nopeschgemengen Ettelbréck an Dikrech ausgeüübt fir vum Projet Wandmillen ofzeloossen. Nordstadfusioun a Wandmille sinn eben net vuneneen ze trennen, et geet an dësem Dossier och dorëm, wéi seriö d’Bedürfnisser an d‘Suerge vun de klengen Dierfer vun eise groussen Nopere geholl ginn.
b) Eis gesondheetlech Bedenken
– Infraschall: Mir riichten Wandrieder op, a mir hunn keng Laangzäitstudien, di beweisen, datt et keng effets sanitaires op de Mënsch gëtt. Well d’Regelwierk nit méi zäitgemäss ass fir di heiteg Megawandrieder an d’Moossprotokoller den déiwen Infraschall vun 0,1 bis 8 Hz nit berücksichtigen, sinn d’Aussoen vu Soler an der Politik iwwert d’Onbedenklechkeet einfach nit korrekt! Et gëtt an dem Kontext de medezinesch unerkannten Term vum „Syndrom éolien“ deen drop hiweist, datt 10 – 30% vun de Mënschen bei Laangzäitexpositioun mat Kappwéi, Schwindel, Schlofstéierungen, Häerzrhythmusstéierungen etc. reagéieren. Mir fuederen d’Anhale vum “Principe de précaution” aus Manktem un zouverlässegen Etuden an dat heescht konkret eng gréisser Distanz vun den Häiser zu der Wandmillen op Hasenbach. D’Agenda 21 vun UNO seet: „Le principe de précaution est applicable lorsque les certitudes scientifiques manquent ou sont insuffisantes pour prouver la relation de cause à l’effet et que, simultanément, de sérieux indices font craindre un risque important pour la santé de l’homme et des animaux ou pour l’environnement. En cas d’incertitude scientifique, il y a un droit, voire une obligation, de prendre des mesures préventives.”
– Kaméidi: Mir wunnen hei zu Bierden an engem quasi geräischfräie Raum, keng Autobunn, keen Zuch, quasi null Verkéier owes an nuets. Dat ass ee vun den zentrale Grënn firwat vill Famillen an de leschte Joren op Bierden gezu sinn, a fir hire Choix vun engem rouegen Doheem fir sech an hir Kanner zum Deel héich finanziell Belaaschtungen a Kaf geholl hunn. Mat der geplangter Wandmillen ännert sech dës Situatioun. De psycheschen Impakt vun enger auditiver Dauerbelaaschtung ass net ze ënnerschätzen a wäert bei jonken an alen Awunner seng Spueren hannerloossen. Et ass an eisen An dofir falsch sech hannert engem theoretesche Richtwert vu 37 dB ze verstoppe fir d’Belaaschtung op de mënschlechen Organismus festzeleeën ouni Berücksichtegung vun der bestoender Geräischkuliss virum Opriichte vun enger Wandmillen.
– Schattenwurf: Mir hunn des Weideren dorop higewisen, dass de Schattenwurf net bei der éischter Rei Haiser ophéiert, mee dat ganzt Duerf betrëfft. Wien eisen Drone-Video gesinn huet kritt en Androck dovun, wéi gewalteg déi Konstruktioun wäert ginn, a wéi wäit de Schied deementspriechend fale wäert. An der Etude, déi Soler an Optrag ginn huet, geet een z.B. am Alen Duerf vu bis zu 55 Deeg Schattenwurf am Joer aus, dat si quasi bal 2 Méint! Den Impakt op d’Psyche vum Mënsch duerch de sougenannte stroboskopeschen Effekt ass eiser Meenung no net ze ënnerschätzen. Wien sech den Effekt net virstelle kann, kritt hei en Androck.
Clôturéiert gouf eis Assemblée générale nom Virdroe vun eise gesondheetleche Bedenken a politesche Fuerderunge mat enger oppener Diskussioun.