Dem Claude Gleis säin argumentative Wee an d’politesch Verantwortungslosegkeet

Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis huet op eiser leschter AG op en Neits Verständnis fir eis Bedenke geäussert an och dorop higewisen, dass hien alles anescht wéi frou mam Site vun der Wandmille viru Bierden ass.

 Säi politescht Ziel wär et awer onbedéngt d’Nordstadfusioun  weider ze verfollegen an déi géif hien net wéinst der Wandmillen op d’Spill setzen. Géif hie mat méi Nodrock bei senge Kolleege vun Ettelbréck an Dikrech am Dossier Wandmillen intervenéieren, da géif dat eventuell dozou féieren, dass d‘Fusioun net zustane kéim a mir trotzdeem duerno eng Wandmillen do stoen hätten. Dat wär dann en zweefachen Echec, deen hien als Buergermeeschter net riskéiere wéilt.

Déi Approche kënne mir net novollzéien! Ëmmerhin huet eng ganz Uertschaft aus der Gemeng Ierpeldeng  – nämlech Bierden – mat iwwer 93 % vun de Stéit  géint de Projet vun der Wandmille schwaarz op wäiss ënnerschriwwen!

 Et ass politesch onverantwortlech, dass d’Meenung vu quasi engem ganzen Duerf d’Bauerenopfer fir eng eventuell Nordstadfusioun soll sinn. Et ass eiser Meenung no d’Pflicht vum gewielte Buergermeeschter dës Ënnerschrëften eescht ze huelen a mat vill méi Vehemenz géigeniwwer den Nopeschgemengen opzetrieden.

Dem Här Gleis seng Argumentatioun „de-responsabiliséiert iwweregens d‘Buergermeeschtere vun Ettelbréck an Dikrech. Andeems hien nämlech Zréckzéie vum Projet net als Viraussetzung fir weider Fusiounsverhandlungen fuerdert, mussen sech d’Häre Steichen a Weiler guer net méi der Entscheedung tëschent dem Projet Wandmillen engersäits  an der Nordstadfusioun anerersäits stellen. Si mussen sech net mol méi Gedanken ëm e méigleche Kompromëss am Dossier maachen. Déi Decisioun hëlt hinnen eise Buergermeeschter frëndlecherweis schonns am Virfeld ewech – an dat aus Befierchtung de perséinlechen Häerzenswonsch Nordstad kënnt scheiteren.

En plus legitiméiert eise Buergermeeschter seng Haltung duerch d‘Spekulatioun, et géife souwisou zum jëtzegen Zäitpunkt guer net méi esou vill Bierdener géint de Projet ënnerschreiwen. Eise Buergermeeschter formuléiert also eng Hypothees fir säi phlegmatescht Optrieden ze rechtfertegen an sech och selwer aus der Responsabilitéit eraus ze zéien. 

Et kann awer net sinn, dass eng reell existéierend Ënnerschrëftelëscht ignoréiert gëtt, fir dann anerersäits eng reng subjektiv Behaaptung als Legitimatiounsgrondlag fir dat eegent politescht Handelen ze formuléieren! 

Taktik vun der beschriwwener allgemenger Verwässerung vu politescher Responsabilitéit gëtt eiser Meenung no an dësem Dossier op d’Spëtzt gedriwwen. Déi leittragend sinn zum Schluss d’Bierdener Bierger, déi eleng d’Panoplie vun de Nuisancen droen däerfe, wärend sech wäit ewech zu Dikrech an Ettelbréck d’Keess ouni weider negativ Auswierkungen op déi eege Bierger bequeem fëllt.

 Mir fuerderen dofir weiderhi  vill méi politeschen Drock géigeniwwer eisen 2 groussen Nopeschgemengen. Eiser Usicht no kann een Thematik Wandmillen a Nordstadfusioun NET vuneneen trennen. De Wee zur Fusioun ass réischt da fräi, wann och d’Bedürfnisser a Suerge vun de kléngen Dierfer eescht geholl ginn. Soulaang dat net de Fall ass an den éierlechen Interessi an d‘Kompromëssbereetschaft vun de grousse Gemengen ausbleift, mécht d’Fusioun kee Sënn an hannerléisst just de battere Bäigeschmaach, dass si eleng bestëmmen, wéi et an Zukunft weiderleeft. Mir fuerderen dofir en Dialog op Aenhéicht ënnert gläichberechtegte Partner.

 D’Fusiounsgespréicher musse gestoppt gi bis den Dossier Wandmille vun eisen 2 groussen Noperen eescht geholl gëtt an sech z.B. seriö Gedanken ëm den alternative Site gemaach ginn, dee laut leschten Informatioune vu Soler duerchaus ze realiséiere wier.

 Wandkraaft jo – Nordstad jo – mee op kee Fall eleng op d’Käschte vun  eiser Gesondheet a Liewensqualitéit!