Ierpeldenger Gemengerot accordéiert Subside extraordinaire fir eis virleefeg Affekotskäschten!

Am Kader vum Recours beim Verwaltungsgeriicht géint d’Autorisatioun vum Ministère du travail sinn Affekotsfraisen entstanen, déi zum Deel iwwert eis Memberskaarten, mee och iwwert de private finanziellen Asaz vu Comitésmembere finanzéiert goufen. An dem Kontext hu mir eng Ufro bei der Ierpeldenger Gemeng gemaach, fir en Deel vun de momentane Käschte rembourséiert ze kréien, well et jo am generellen Interessi vun de Bierdener Awunner ass fir d’Konstruktioun ze verhënneren.

An der ëffentlecher Gemengerotssëtzung vum 26. Oktober 2022 gouf dunn iwwert eis Demande fir e subside extraordinaire d’associations locales ofgestëmmt. De Schäfferot hat an dem Kontext decidéiert fir d’Iwwerhuele vu 50% vun den ugefalene frais juridiques zum Vott ze stellen.

D’Gemengerotsmemberen hunn uschléissend noeneen hir Argumentatioun an hire Vott zum Ausdrock bruecht. Resultat vun der Ofstëmmung:

Bis op d‘Ausnahm vun engem Member ass de restleche Gemengerot net nëmme fir d’Iwwerhuele vun de Fraisen, mee schwätzt sech ausserdeem fir e Subside an Héicht vum integrale Montant aus.

Mat där Decisioun stäerkt d’Gemeng Ierpeldeng de Bierdener Awunner op e neits de Réck géint den Ettelbrécker an Dikrecher Projet vun enger 230 m héijer Wandmillen 750 m virun den éischte Bierdener Haiser.

Op Initiativ vum Carlo Tessaro hin huet de Gemengerot schliisslech am Kader vum Programm d’action annuel Sicona 2023 unanime fir de Finanzement vun engem professionelle Vullen- a Flantermais-Monitoring zu Bierden gestëmmt.

Am Numm vum Comité, eise Memberen an de Bierdener Leit soe mir de Gemengevertrieder ausdrécklech villmools Merci fir hire Support!