Recycling

An hirer Präsentatioun vum 9. Juli 2020 huet d’Bedreiwerfirma Soler gesot, datt di Wandmillen no hirer Lafzäit vu ronn 20 Joer, wann se virdrun net schonns duerch Repowering ersat ginn, komplett (also zu 100%) recycléiert géifen. De Rotor, d’Panéilen an den Tuerm géife geschreddert an d’Fundament rëm ofgebaut a recycléiert ginn.

Wéi gesäit d’Realitéit momentan aus?

De gréissten Deel (virum allem d’Metaller) vun esou enger Anlag ka wierklech recycléiert ginn, mee bei anerer ass dat vill méi schwéier. Bei méi alen Anlage sinn d’Panéilen aus Glasfaserverbondstoffer (GFK), déi geschreddert kënne ginn an dann thermesch an der Zementindustrie als Sandersatzmaterial verwent ginn. Ob dat ëmmer esou geschitt, steet an de Stären, well wéi si soss déi vill wëll Tippen am Ausland ze erkläre mat Honnerten ausrangéierte Rotorflilleken!

Bei de méi neien Anlage ginn di kuelefaserverstäerkte Konschtstoffer (CFK) nach net recycléiert. Säit 2000 verstäerken si d’Flilleken a maachen se méi liicht. De Problem ass, datt den Offall net thermesch ka verwäert ginn, well d’Filtere verstoppen. Expertë ginn dovunner aus, datt ab 2020 ronn 20.000 Tonnen «Sondermüll» ufale wäerten.

 Och d’Fundamenter sinn ee Problem, well de Stolbëtong reecht bis an 30m Déift. Ob also déi ronn dräidausend Tonne Stolbëtong pro Wandanlag aus dem Buedem geholl wäerte ginn, ass nach laang net esou kloer a gewosst. Dacks gëtt ee klenge Meter déif erausgekraazt an de Rescht ka weider de Buedem versigelen. An der Praxis eenegt de Bedreiwer sech mam Proprietär vum Terrain an de Gros vum Bëton-armé bleift am Buedem!

Mir froen eis, ob esou eng Praxis nohalteg a CO2 frëndlech ass an ob den ekologesche Foussofdrock wierklech esou gréng ass, wéi behaapt gëtt!

Ee Recyclingbetrib ka mam Verwäerte vun de Metaller rentabel schaffen, bei de GFK a virun allem bei de CFK muss drop bezuelt ginn. De finanziellen Impakt ass immens; eng franséisch Firma huet fir de Réckbau vun enger 2MW-Anlag 900 000€ verlaangt. An der Entsuergung waren d’Fundament an d‘Renaturéierung net mat dran! No verschiddene Schätzunge wäerte bis 2025 ronn 14.000 Wandanlagen a West- an a Mëtteleuropa ausser Betrib geholl an ofgebaut ginn. De Problem vu problemateschem Dreck gëtt also an den nächste Joren net méi kleng!

Literatur zum Thema: