Archiv des Autors: energiematverstand asbl

Aktioun „Wiederballon“ war e groussen Erfolleg!

Den 22. Abrëll 2021 hate mir eis PR-Aktioun „Wiederballon“ fir d’Bierdener Leit an d’Awunner vun der Nordstad op déi gigantesch Héischt vun 230 Meter vun der geplangter Wandmillen opmierksam ze maachen.

Och wann d’Wiederkonditiounen et leider net erméiglecht hunn, de Ballon op déi uviséiert Héischt ze bréngen, sou war eis Aktioun awer e groussen Erfolleg, well mir niewent RTL och Nordliicht-TV fir eng Reportage beweege konnten.

Virun allem Nordliicht-TV huet sech ganz vill Zäit geholl fir all eis Suergen a Bedenken adequat an hirer Reportage erëmzeginn. Dofir wollte mir op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci ausschwätzen!

Hei kennt Dir de Video kucken:

Soler huet eis mat dëser Aktioun ënnerschwelleg virgeworf, mir géinge gär e neie Moment – nämlech dee vun der Ästhetik – an d’Spill bréngen, andeems mir eis lo gezielt mat der Héischt vun der Anlag ausenanersetzen.

Dat ass awer net eis Intentioun!

Mir plädéiere jo fir eng 10H-Reegel (also Distanz zur nächster Uertschaft soll 10x d’Héischt vun der Anlag bedroen), dat géing an eisem Fall zu Bierden zu enger Distanz vun 2,3 km féieren, an net zu nëmmen 750 Meter, sou wéi et lo geplangt ass.

Eis Aktioun sollt visualiséieren, wat fir en inacceptabelt Verhältnis tëschent Héischt vun dem Wandrad an der Distanz zu Bierden besteet!

Ausserdeem huet d’Gréisst vun enger Anlag och en direkten Impakt op Infraschallemissiounen an de Schattenwurf. Och dat wollte mir visualiséieren, well vill Leit sech net vill ënnert enger theoretescher Héischt vun 230 Meter virstelle kennen.

230 Meter sinn nämlech extrem héisch, wéi een hei ka gesinn:

An do stellt sech awer wierklech d’Fro, op déi verschidde vu Soler publizéiert Visualiséierunge vun der Wandmillen aus Bierdener Siicht souwéi hir  Schattenwurfberechnunge, déi kee Schied op Bierdener Häiser viraussoen, stemmen…

Panneau op der Haaptstrooss installéiert!

Den 19. Abrëll hu mir e Panneau viru Bierden opgeriicht, fir op eis Lutte géint déi geplangte Wandmillen opmierksam ze maachen.

Mir erhoffen eis mat dëser Initiativ, sou vill wéi méiglech Automobilisten aus der Regioun fir eis Bedenken ze sensibiliséieren an eisen Internetsite doduerch ze promouvéieren.

Bis ewell krute mir just ganz positiv Réckmeldungen an och eise Site huet kräfteg u Visiteuren zougeluecht.

Question parlemantaire vum Martine Hansen a Paul Galles

Mir haten eng Entrevue mat dem Martine Hansen, Fraktiounspresidentin vun der CSV, fir mat hir iwwer eis Bedenken bezüglech der geplangter Wandmillen ze schwätzen. D’Madamm Hansen hat en oppent Ouer fir eis Suergen an huet doropshin eng Question parlementaire gestallt.
Lo läit eis d’Äntwert vun der Madamm Dieschbourg an dem Här Turmes vir an dozou wollte mir e puer Remarquen formuléieren:

1. Upasse vu Grenzwäerter un déi nei Generatioun vu Wandmillen

Hei heescht et an der Äntwert:
Deen an der Noperschaft zoulässegen Ëmweltimpakt gëtt net duerch eng spezifesch Anlag bestëmmt mee duerch de Charakter vun dem betraffene Gebitt.

Wéi soll dat gemengt sinn? Iwwerspëtzt kënnt een dee Saz der Verständlechkeet halber jo och sou ëmformuléieren:
Deen an der Noperschaft zoulässegen Ëmweltimpakt vun engem Supergau gëtt net duerch d‘Atomkraaftwierk bestëmmt mee duerch de Charakter vun dem betraffene Gebitt.

Déi Formuléierung entzitt sech eisem Verständnis, wat schued ass, well mir jo nach ëmmer op eng konkret Äntwert waarden wat d’Aktualiséierung vun der aler DIN-Norm ugeet. Eise Kritikpunkt ass jo genau deen, datt di al Normen just een Deel vum Frequenzberäich ënnersichen, dee wichtegen Spektrum 1 Hz bis 20 Hz gëtt net gemooss!

2. Grenzwäerter fir den Infraschall

Zitat Madamm Dieschbourg:
Aktuell gëtt et keng geséchert Erkenntnisser zum Infraschall bäi Wandmillen, déi géifen spezifesch Grenzwäerter justifiéieren.

Et ginn also keng geséchert Erkenntnisser. Dat heescht awer och, dass een sech net sécher ass, wéi schiedlech den Infraschall ka sinn. Mir froen eis dann awer, wéi een eng Anlag autoriséieren kann, wann een net weess, wat fir Auswierkungen et op déi ugrenzend Awunner wäert hunn. Dat ass e Risk, dee wuel bekannt ass, deen awer net ageschat ka ginn an deemno MUSS de principe de précaution eiser Usiicht no applizéiert ginn! Wat am Kloertext heescht, dass all Autorisatioun vun esou enger Wandanlag a Proximitéit zu den Urainer misst verworf ginn – bis eben geséchert wëssenschaftlech Erkenntnisser virleien! Schonns 2007 huet den Robert Koch Institut bemängelt, datt et net genuch ëmweltmedizinisch Ënnersichungen zu Infraschall géif ginn an dat bei Anlagen, déi weit méi kleng waren, wéi déi vun haut!

3. Zréckstellen vun der Autorisatioun

Ausféierung vun der Madamm Ëmweltministesch:
D’Kommodo-Gesetzgeebung gesäit een Zréckstellen vu lafenden Dossieren net vir.

D’Madamm Hansen hat awer nom Zréckstellen vun der Autorisatioun gefrot, déi bekanntlech um Ënn vun der Kommodo-Prozedur steet an den Ofschloss vum lafenden Dossier duerstellt. D’Ausstellen vun der Autorisatioun ass awer net u gesetzlech, zäitlech Delaien gebonnen. D‘Madamm Dieschbourg kennt also schonns hir Responsabilitéit huelen a mat der Ënnerschrëft waarden bis nei Erkenntnisser virleien. Viraussetzung dofir ass awer, datt een dat wëllt …
A wann een dozou bereet ass, da kéint een dat de besuergte Bierger jo awer och sou matdeelen?

Déi detailléiert Äntwert kënnt dir hei liesen:

D’Konscht op Froen ze äntweren ouni se ze beäntweren!

Den 10.02.2021 huet den Deputéierten Här André Bauler (DP) e puer Froen un d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bezüglech dem héierbare Kaméidi souwéi dem Infraschall vu moderne Wandanlage gestallt, well jo ganz aktuell zu Echauffour (Orne) a Frankräich en Urteel zu Gonschte vun de betraffene Bierger gesprach gouf.

Allerdéngs kënne mir als betraffe Leit, vun deenen d’Madamm Dieschbourg jo schwätzt, guer keng verwäertbar Informatiounen aus hirer Äntwert zéien. Et heescht, aktuell Studien an nei wëssenschaftlech Erkenntnisser géife “suivéiert”.

Wat soll dat heeschen: suivéiert?

Momentan gëtt all Wandanlag vum Ëmweltministère geneemegt, wann déi al Normen erfëllt sinn, do hëlleft e parallelt Suivéiere vun aktuellen Erkenntnisser wéineg, wann d’Autorisatioun bis gesprach ass, an d’Camione mat de 70 m laange Rotoren urullen!

Dat sinn zwar schéi Wieder, mee ënnert dem Stréch just eidel Worthülsen, mat deene mir betraffe Bierger beim beschte Wëllen näischt ufänke kennen.

An och d’Argument mir kéinten eis jo um finanzielle Profit vu sou enger Anlag bedeelege weist, datt eist Uleies – nämlech eis gesondheetlech Bedenken eescht ze huelen –  hei mat materielle Virdeeler an een Dëppe geworf gëtt. D’Gesondheet ass awer net mat Suen ze kompenséieren, dat misst sech eigentlech vum selwe verstoen …

En anere Punkt sinn ëmmer erëm ugeschwaten neutral Etüden, déi am Kommodo gemaach ginn, fir vu Fall zu Fall, ganz op de jeeweilege Standuert bezunn individualiséiert, moossgeschneidert Léisungen zum Wuel vun den Urainer, der Natur an der Ëmwelt ze fannen. Och dat héiert sech an der Theorie immens récksiichtsvoll un, mee et ass awer och en Argument fir vun engem genormten Ofstand zu bewunnte Gebitter, wéi en a ville Länner mëttlerweil aus guddem Grond ugewannt gëtt, ofzelenken.

A schlussendlech muss festgestallt ginn, dass an der Praxis dann awer trotz neutralen un d’Lokalitéit ugepassten Etüden de Schied vun der Wandmillen (wéi z.B. op der Houschter Déckt) duerch de Leit hir Stuff zitt. Eng konkret Äntwert ass d’Madamm Minister dem Här Bauler och an dëser Fro schëlleg bliwwen…

Virtrag vum Pol Heinen beim Ierpeldenger Gemengerot

Den 1. Februar 2021 huet den Här Paul Heinen, op eis Initiativ hin, eng ganz interessant Konferenz op der Ierpeldenger Gemeng a Präsens vum ganze Schäffen- a Gemengerot gehalen. A sengem Virtrag goung et virun allem ëm d‘Verhältnes vun Opwand an Notzen, ëm positiv an negativ Aspekter vun der Energiewend hei zu Lëtzebuerg. Aus deene ville Fakten, Berechnungen an Etüden, virun allem vum Frauenhoferinstitut, erginn sech eng ganz Rei Froen a Feststellungen:

1) De Bäitrag vu 5 Promill zum Endenergieverbrauch (bei momentan ronn 75 Wandmillen) steet an engem anere Liicht wéi d‘Aussoen, eng Wandmille géif Dausenden Haushalte permanent Stroum liwweren.

2) Firwat gëtt dem Bierger verheemlecht, datt beim Ausbau vu volatillen Energiequellen duebel Kraaftwierksstrukture gebraucht ginn an datt dëst een héije Flächen- a Ressourcëverbrauch a massiv Käschten erfuerdert.

 3) Firwat suggeréiert d‘Politik , Wand- a Solarstroum kéinte bis 2050 permanent zu 100% konstante Stroum liwweren, wann ee weess datt déi permanent verfügbar Leeschtung momentan ëm 1%  vun der installéierter Leeschtung leit. Et gëtt keng geséchert Leeschtung mat volatillen Energiequellen.

 4) Vu datt et keng saisonal Späicher fir de volatille Stroum gëtt, muss den Iwwerschoss ënnert dem Präis verkaaf ginn, an zu aneren Zäiten deier am Ausland akaaf ginn.

 5) Firwat seet eis d‘Politik net, datt all weideren Ausbau vu Wandmillen oder Solaranlagen zu méi Export féiere muss, a mir also duebel ofhängeg si mat bëllegen Exporter an deieren Importer.

 6) Firwat dat Argument, „de Wand bléist ëmmer iergendwou an Europa“ wann et gewosst ass, datt Europa vu groussen Drockgebidder bestëmmt gëtt; entweder et ass ze vill Loft, oder ze mann!

 7) Firwat gëtt vun der Politik op d‘Speicherléisungen  (Pompspäicherwierker, Batterien,
Gas) gesat, ouni de Leit ze soen, datt ee bei enger 100% Stroumwend zu Lëtzebuerg 200 mol Veianen bräicht, oder z.B.: 20 Milliounen Elektroautoen oder 300 Kugelgastanken. Wéi steet hei mam Flächeverbrauch, mat dem Rohstoffverbrauch an dem finanziellen Opwand?

 8) Firwat gëtt de Leit net erkläert, wat déi ekonomesch a sozial Aspekter vun enger 100% Energiewend am Kloertext bedeiten:

 Bei engem Energieverbrauch, dee bis 2050 géif stagnéieren (50 TWH) bräichte mir 19 000 Wandmillen, oder 700 km² Fotovoltaikfläch oder 21.000 km² Biogasfläch fir 100% gréng Energie ze produzéieren. Datt de Materialverbrauch an d‘Milliounen Tonne geet, datt d‘Investitionskäschte bei Honnerte Milliarde leien an den Ëmweltimpakt beträchtlech wier kann ee jo wierklech net als realistesch a gelongen Energiepolitik bewäerten an  datt dann de Stroumpräis bei esou enger Energiewend zu den deierste vun der Welt gehéiere muss, kann ee jo um Beispill Däitschland feststellen.

 Nach e puer Fakte fir d‘Gréissenuerdnungen an dat richtegt Liicht ze réckelen:

 Fir déi Energiewend 2050 mat engem Mix vu 50% Wand, 30% Solar an 20% Biomass hin ze kréien, bräicht ee pi mol Daumen:

* 10.000 Wandmille vun 3MW an
* 500 km² fräi Fläche fir Fotovoltaik an
* 4000 km² Akerland

 No dem Virtrag vum Här Heinen konnt een sech just nach d‘Fro stellen:
Wou geet esou eng Rees hin?

D’Verhältnis Opwand an Notze war op jidder Fall klor ze beäntwerten!

Jurisprudenz: Franséischt Geriicht gëtt besuergte Bierger Recht!

An engem Urteel vum 22. Januar 2021 gouf de Betrib vun engem Wandpark vu 5 Wandmillen op Grond vu Reklamatioune vu Bierger gestoppt. Eng Première a Frankräich, déi weist, datt d‘Gesondheet vum Bierger méi wichteg ass wéi de Profit vu Wandmillen. Fir eis bedeit dat, datt mir net noginn am Asaz fir däitlech ze maachen, datt d‘Gesondheetsrisiken ze grouss si fir eng 230m héich Wandmille just op eng Distanz vun 750 m ze bauen!

Genausou wéi de franséischen Artikel monéiert, datt d‘Wandindustrie  vun der ANSES Etüd profitéiert, berifft d‘Madamm Dieschbourg sech bei all Question Parlamentaire op dës Etüd, a fir si an hire Ministère ass domadder all Zweiwel wéi wechgeblosen. Aner Etüden existéieren einfach net!

Eng rezent Schwäizer Etüd vum November 2020 weist ganz klor no, datt deen Deel vum Infraschall, deen iwwert de Buedem weider geleet gëtt, duerch fielsege Buedem verstäerkt gëtt. Wéi kann dann an engem Kommodo-Inkommodo-Verfaren, wou déiffrequente Schall wéinst antiquareschen Norme guer net gemooss gëtt, d‘Conclusioun gezu ginn: Et ass alles an der Norm, kee Problem fir d‘Gesondheet vum  Bierger.

https://rambouillet.ufcquechoisir.fr/2021/01/25/une-decision-qui-fait-du-bruit/

Grënnung vun der Asbl « Energie mat Verstand »

(Foto: rtl.lu)

Bis elo hu mir eis als Grupp vu Privatleit géint de Projet vun enger Wandmillen viru Bierden gewiert.

Mir hunn eis regelméisseg getraff an eis weider Démarchen zesummen am klenge Krees ofgeschwat. Sou goufen am Kader vun der Kommodo-Inkommodo-Prozedur kuerzfristeg Ënnerschrëfte géint de Projet bei den Awunner gesammelt an offiziell Beanstandungen a Form vu Bréiwer un d’Gemeng Ettelbréck formuléiert. Och hu mir perséinlech Präsens bei enger Unhéierung vun der Ettelbrécker Gemeng gewisen, fir eise Bedenken a Suerge verbal mat Nodrock ze äusseren.

Donieft si mir un d’Press gaang, hunn eis Meenung um Nordstad Biergerforum virgedroen an hunn eis Rot bei engem Affekot ageholl, fir och de Volet vun der Jurisprudenz ofzedecken, sollt et um politeschen Niveau net zu enger fir d’Bierdener Leit zefriddestellender Léisung kommen.

Eng weider logesch Etapp war dowéinst d’Grënnung vun enger Asbl, fir den engagéierte Privatleit en offizielle Statut an domat méi Gehéier ze ginn an och aneren Bierger aus eiser Gemeng oder aneren Nordstadgemengen d’Méiglechkeet ze bidden, sech ze engagéieren, sief dat perséinlech oder indirekt duerch eng Memberskaart fir eis weider Schrëtt finanziell matzedroen.

D’Statute vun der Asbl « Energie mat Verstand » goufen doropshin de 22.12.2020 beim RCS déposéiert an domat agéiere mir vu lo un als offiziell Biergerinitiativ géint de Bau vun enger Wandmillen “Auf der Hasenbach”.

Ënnerstëtzt eis a gitt lo Member!