Firwat Member ginn?

Ziler vun eiser Asbl sinn:

  • De Bau vun der Wandmillen „Auf der Hasenbach“ verhënneren!

     

  • De Bierger iwwert den Afloss vu Wandmillen op d’Gesondheet vum Mënsch an op d‘Flora an d’Fauna informéieren.

     

  • Een nationale Wandmillen – Kadasterplang proposéieren, sou datt d’Gemengen an hiren Flächennotzungspläng der Wandenergie dee Raum kënne ginn, deen onbedenklech fir d‘Natur an de Mënsch ass.

     

  • 10H-Reegel als Norm fuerderen fir ze garantéieren, datt beim weidere Wandkraftausbau d‘Gesondheet an d‘Wuel vun de Bierger garantéiert gëtt.
  • Iwwert d‘Wirtschaftlechkeet vu Wandmillen informéieren.

     

  • De Bierger iwwert d’Risike beim Bau, Betrib a beim Ofrappe vun enger Wandmillen opklären.

     

  • D’Politiker iwwerzeege vun der Noutwendegkeet, datt bei neie Geneemegunge vu Wandmillen aktualiséiert Schall-Normen respektéiert ginn.

Wat mir zu méi sinn, wat mir méi erreeche kënne bei Gemengen- a Landespolitik. Dir kënnt eis dobäi hëllefen sief et duerch är Mataarbecht oder duerch eng finanziell Ënnerstëtzung.

Op finanziell Mëttele si mir ugewisen, well Flyeren, Plakater, Aktiounen an Affekotshonorairen kaschte vill Geld. Dofir freeë mir eis iwwer jiddwer finanzielle Bäitrag sief et a Form vun engem Don oder vun enger Memberskaart.

Merci am Numm vum Comité!