Naturschutz

Den Impakt vu Wandmillen op d’Flora an d’Fauna ass méi grouss, wéi d‘Promoteuren a Bedreiwer vu Wandmillen dat verzielen. Wann eisen Energieminister seet: „Mir hu ganz streng Oplage wat de Vulleschutz ugeet.“, a Promoteure behaapten, datt schliisslech Onmasse vu Vigel an Insekten duerch d’Héichspannungsleitungen an de Strosseverkéier stierwen, da kléngt dat wéi ee schlechte Witz. Proposéiert gëtt d’Ausschalte vun de Wandmillen, wann de Bauer de Mais eranhëlt oder d’Feld plout. De roude Milan soll einfach „ëmgesiedelt“ ginn!

Wann dës Moossnamen eise strenge Vulleschutz sollen dokumentéieren, da si kritesch Froen ubruecht!

Wee kontrolléiert, ob déi Wandmillen och tatsächlech ausgeschalt ginn, wann de Bauer um Feld schafft? A wann um Nopeschfeld geméint gëtt, däerf d’Wandmillen da weider dréinen?

D’Kadasterparzellen (Auf der Hasenbach), op deene Soler déi Wandmille wëll opriichten, leie knapps 300 m vun der Natura 2000 Schutzzon Waark-Niederfeelen-Waarken ewech. Obwuel schonns zënter 2015 um Projet Wandmille geschafft gëtt, si réicht am Summer 2020 op der Informatiounsversammlung e puer Folien zum Ëmweltimpakt gewise ginn.

Dobäi ass schonns laang gewosst, datt Wandrieder d’Zuel vun de Gräifvigel, de Flantermais a den Insekte staark deziméieren. Si gi vun de Rotoren hiren Turbulenzen ugezunn. Ëmmerhin dréien déi Flillekespëtze mat Vitessë vun 100 bis 400 km/h an d’Vullen, d‘Flantermais a soss Gedéiesch hunn do keng Chance. Wa se net vum Rotor erschlo ginn, da räissen hir Longen duerch d’Loftdrockschwankungen a si falen einfach vum Himmel. D’Insekte verpechen zu Dausenden d’Propelleren.

Wéi vill Vullen, Flantermais an Insekten hiert Liewe loosse mussen, ass hei zu Lëtzebuerg nit gewosst, well vill vun hinnen entweder vun den Aasfréisser Milan a Bussar entsuergt ginn, oder vill méi wäit ewech vun der Wandmille verletzt an zerfatzt leien a vun aneren Déiere gefriess ginn an esou a kenger Statistik optauchen.

De Michael-Otto Institut an Däitschland schreift vu ronn 100 000 Vulle pro Joer, d’Donkelziffer schéngt zéng mol méi héich ze leien. An der „PROGRESS“-Studie vun 2016, der gréisster systematescher „Freilandanalyse“ an Däitschland, gouf festgehalen, datt net nëmme beim Roude Milan, mee och beim Bussar an dem Piwitsch, d’Verloschter „populationsgefährdend“ sinn, wann d‘Wandkraft weider esou ausgebaut gëtt.

Wandmille fragmentéieren de Loft- a Liewensraum duerch hir kilometerlaang Loftwirbelen a stellen ee massiven Agrëff an den natierleche Liewensraum vu ville Vullenzorten duer. Do stellt sech als Konsequenz d’Fro, ob den Natur- an Aarteschutz net um Altor vum „Klimaschutz“ geaffert gëtt, an ob déi sougenannte „Energiewende“ de Biodiversitéits-Konflikt net weider verschäerft a beschleunegt.

D’Wandmillenindustrie ass am Gaang, genau dat wat se virgëtt ze schützen, am Kader vun der „Klima- a Weltrettung“ flächendeckend ze zerstéieren: d’Natur an d‘Biodiversitéit!

Mir fuerderen dofir de Site „Auf der Hasenbach“ opzeginn an domadder eng wichteg Landschaft weiderhin intakt ze halen. D’Uertschaft Bierden an d’Natura2000 Zon si schonns duerch d’Wandparke Kehmen-Heischent a Buerschent agekreest, sou dass dëse Projet déi natierlech Kultur- an Naturlandschaft nach méi zerstéckelt.

Och bei eis zu Bierden wäerten si hiert Liewen musse loossen, wann d’Wandmille kënnt… (Bild: Paul Heinen)