Schattenwurf

 Steet eng Wandmillen tëschent der Sonn an den Haiser, sou entsteet duerch d’Beweegung vun de Panéilen (Flilleken) virun der Sonn ee Schiet, deen «Schlagschatten» oder och nach «Disco-Flackern» genannt gëtt. Bei eiser Wandmille vun 230 m Héicht ass dëse periodeschen «Schlagschatten» eréischt no 2 km Distanz zu der Anlag net méi ze mierken. D’Berechnunge vun den CSD Ingenieuren erginn, datt d’Leit vu Bierden an der Moyenne 20-55 Deeg am Joer mat dem Schiet geplot sinn. ProSolut S.A. (beoptraagt vum Promoteur) féiert am Kommodo-Inkommodo Text un: « …keine Grenzwertüberschreitungen zu erwarten sind und die Anlage nicht mit einem separaten Schattenmodul auszurüsten ist.» Dat kléngt berouegend, mee vu datt de periodesch an zäitweis permanenten «Schattenwurf» eng Belaaschtung fir Mënsch an Déier duerstellt, déi tendenziell zu Stress an Oflenkung féiert, fuerdere mir, datt den Ofstand méi wéi 750 m muss hunn.

Vu datt genau ewéi beim Schall et och beim «Schattenwurf» keng Laangzäitstudie gëtt, déi ënnersichen, wat d’Grenze vun der Belaaschtung solle/kënne sinn, ass et méi wéi verwonnerlech, datt et Grenzwäerter vun 30 Stonne pro Joer an 30 Minutte pro Dag ginn, wou de Schiet däerf d’Leit belästegen! Firwat sinn 30 Minutten Schiet pro Dag oder 30 Stonne pro Joer erlaabt a bedeite keng Belaaschtung fir d’Bewunner? Wéi eng Etüd soen dat aus?

Wa Medezinner bei engem geplangte Wandpark an Norddäitschland argumentéieren,datt «…solche Faktoren wie Infraschall, Schattenwurf und Stroboskopeffekte, die durch Rotoren auftreten, stressverstärkend auf die Patienten einwirken.» da sollten dach an eisen An d’Politiker sou räsonabel sinn, an dofir suergen, datt dem Mënsch seng Gesondheet maximal am Fokus steet. Well wéi schreift d’Madame Dieschbourg an enger Äntwert zu enger parlamentarescher Ufro vum Här Kartheiser: «Bei der Genehmigung von Windkraftanlagen muss ausgeschlossen sein, dass diese negative Auswirkungen auf Menschen haben, etwa durch Brummen, Infraschall oder Schattenschlag.“ (Journal 21.05.2015)

De „Schattenwurf“ wäert also statistesch gesinn bei dëser geplangte Wandanlag zimmlech heefeg optrieden. Well en och an den Haiser selwer duerch d’Fënsteren an d’Dieren wouer geholl gëtt, ass den Openthalt an deene Raim eng gesondheetlech Belaaschtung, déi wäit ewech ass vun der WHO hirer Recommandatioun vun „Gesundheit ist ein Zustand vollständigen körperlichen, psychischen und sozialen Wohlbefindens und nicht nur das Freisein von Beschwerden und Krankheit.“

Dernieft ass di Wandmillen och nach mat Luuchten ausstafféiert, déi daagsiwwer wäiss a nuets rout wäerte rhythmesch blénken. Dësem periodesche Geblénks ass rëm eng Kéier net ze entkommen an dat suergt virun allem nuets zu enger weiderer optescher Liichtverschmotzung.

Schied vun enger Wandmillen (192,5m héich an 1 km Distanz zu den Häiser) op der Houschter-Déckt am November 2020. De Schied geet duerch de Leit hir Stuff! Sou gesäit herno d’Wierklechkeet aus am Géigesaz zu den offiziellen Etüden! Dës Anlag gouf och vu SOLER (der Firma, déi d’Wandmillen viru Bierden opriichten well) installéiert!

Weider Videooponamen zum Thema:

https://youtu.be/pa1rBsf5PLI