Immo-Wäertverloscht

De geplangte Bau vun enger Wandmillen «Auf dem Hasenbach», nëmme 750 m vun den éischten Haiser vu Bierden ewech, huet eng Rei negativ Konsequenze fir d’Bewunner. Verloscht vu Liewensqualitéit a Gesondheetsrisiken, déi an hirem ganzen Ausmooss nach net ze jugéiere sinn.

Eng weider Folleg ass eng zolidd Perte um Wäert vun den Haiser an den Terrainen. Fachleit chiffréieren d’Verloschter bis op 30 % a méi. Zitat vum Här Schick (Spriecher vum Verband Deutscher Makler): «Zahlreiche Immobilien in der Nähe von Windkraftanlagen sind quasi unverkäuflich».

Aus der Studie „Local Cost for Global Benefit: The Case of Wind Turbines“ hu Wëssenschaftler bal dräi Milliounen Immobilien-Offerten tëschent de Joren 2007 an 2015 analyséiert a mat de Geodate vu ronn 27.000 Wandmille verglach.

Resultat: Ländlech geleeën Haiser verléieren däitlech u Wäert, wa se am Ëmfeld vu Wandmille leien. „In absoluten Zahlen kann das einen Vermögensverlust für Hausbesitzer von mehreren zehntausend Euro bedeuten“, sagte Studienleiter Manuel Frondel: „Der Effekt schrumpft auf null bei einem Abstand von acht bis neun Kilometern.“

Wee keeft een Haus, wou ee mueres mat «Schattenwurf» Kaffi drénkt an nuets am Summer net mat oppener Fënster schlofe kann? Wee kënnt fir dee Wäertverloscht op?

Suergt de Bedreiwer, d’Nordenergie SA oder eis Regierung fir de finanziellen Ausgläich vun der Perte, déi de Leit vu Bierden an d’Haus steet, wann déi riseg Wandmille bis do steet?

D’Argument vun der sozialer Verflichtung oder Solidaritéit an der Klimafro oder der „Energiewende“ kann net gëllen: vum Ausbau vun der Wandkraaft profitéiere virun allem d’Promoteuren, d’Wandmillebedreiwer, d’Hiersteller a Verpiechter.

Als Bonus däerf den Hausbesëtzer dann iwwert d’Taxen de compensation d’Subventioun vum grénge Stroum bezuelen. De Bierdener Bierger gëtt deemno zweemol bestrooft.

Mir fuerderen also ee finanziellen Ausgläich fir de Verloscht, deen duerch de Bau vun enger 230 m héijer Wandmillen entsteet. Dernieft soll esou eng Wandmille wéinstens 10H-Reegel respektéieren, fir de Wäertverloscht esou kleng wéi méiglech ze halen.