Entrevue mat der Ministesch Carole Dieschbourg

Den 20. Oktober 2021 hate Vertrieder vun der Asbl “Energie mat Verstand” eng Reunioun mat der Madamm Carole Dieschbourg, a Begleedung vun 2 vun hire Beroder, am Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD).

Elei déi verschidden Themaen respektiv Doléancen déi ugeschwat goufen:

1. Historik vun der Asbl

2020 gouf publik, datt d‘Gemengen Dikrich an Ettelbréck e Projet hätten, eng Wandmillen op Ettelbrécker Gemengenterritoire, just 750 m viru Wunnenge vu Bierden (Gemeng Ierpeldeng/Sauer) opzeriichten. An deem Kontext huet d’Ettelbrécker Gemeng am Juli 2020 eng Kommodo-Incommodo Prozedur ageleet.

Eis Vertrieder hunn ernimmt, datt 93% vun de Stéit vu Bierden – laut enger vun Haus zu Haus Ënnerschrëftesammlung am Juli an August 2020 – net mat dem Projet vun der geplangte Wandmillen averstane sinn. Dorops hi gouf d’Biergerinitiativ ‘Energie mat Verstand Asbl‘ gegrënnt. Den Objet vun der Asbl ass d’Fuerderung vum ‘Principe de précaution’, dee soll applizéiert ginn, fir vun ekologesche Projekter Gesondheetsschied a soss negativen Impakt op d’Liewensqualitéit vun de betraffene Bierger an der Ëmwelt, auszeschléissen.

2. Kommodo-Inkommodo: Héierbare Schall, Infraschall, verschidden Etüden

De Georges Pott vun der Asbl, Baubiolog, dee sech schonns 30 Joer mat alternativen Energien a mam ökologesche Bauen a Wunne befaasst, huet eng Rei wichteg Erklärungen ginn, déi mir hei integral publizéieren, well s’erlaben d’Problematik an d’Risiken vum geplangte Projet besser ze verstoen.

Negativen Impakt vum Infraschall op d’Gesondheet

De Georges Pott huet déi 40 db(A) Lautstäerkt aus dem Kommodo-Inkommodo, déi just mat enger Drosselung anzehalen ass, thematiséiert. Dono huet hien den Infraschall, dee jo vun enger Wandmillen ausgeet, beschriwwen an erkläert wéi e sech op de Mënsch auswierkt, wann eng Wandanlag sou no bei den Haiser steet.

Hien huet bedauert, datt am Kommodo, weeder den déiwen Infraschall nach den Kierperschall berécksiichtegt goufen. Virun allem den Infraschall vun 1 bis 8Hz ass biologesch wierksam, och iwwer grouss Distanzen. Duerch de Buedemschall kann et bannen an de Wunnengen zu raumakustesche Réckkopplungen a Verstäerkunge kommen, di méi héich kënne sinn, wéi am Bausseberäich.

Hie weist drop hin, datt wat den Infraschall ugeet, hei zu Lëtzebuerg keng Gesetzgebung besteet an d’DIN op déi sech an den Etüde baséiert gëtt, vun 1997/98 datéiert. Dës Norm misst onbedéngt un déi tëschenzäitlech Gréisst-/Héichtverännerung an technesch Entwécklung vun den haitege Wandmillen, déi méi performant wéi virun 20 Joer sinn, ugepasst ginn.

Des Weideren huet hien d’Mme Dieschbourg aus hiren Äntwerten op parlamentaresch Ufroen, zitéiert. Virun huet hie verschidden Etüden, déi d’Mme Dieschbourg ëmmer rëm an hiren Aussoen zitéiert, kritesch hannerfrot.

De ‘Principe de précaution’ applizéieren

Als Conclusioun sot de Georges Pott, vu datt et keng Laangzäitstudien iwwert den Afloss vum Infraschall op d’Gesondheet vun de Mënsche gëtt, misst de “principe de précaution” gräifen an dat kann nëmmen heeschen, datt eng Wandanlag wéinstens 1,5 bis 2 km vun den Haiser ewech muss stoe kommen, fir d’negativ Auswierkungen op de Mënsch op ee Minimum ze reduzéieren.

D’Mme Dieschbourg huet geäntwert, si hätt méi rezent Etüden, notamment eng Finnesch an eng Däitsch, wouvunner si awer d’Referenzen net matgedeelt huet.

3. Kommodo-Inkommodo: Keng Consultatioun vun de Betraffen, zweiwelhaft Etüden iwwert Vigel, asw …

Consultatioun vu berodend Biergerforen net vun der Ettelbrécker Gemeng erwënscht

De Bert Wolff, Ëmweltwëssenschaftler, Member vun der Asbl an der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, huet bedauert a betount, datt weeder ee Klimateam nach eng Ëmweltkommissioun, weeder op Nordstadniveau nach op lokalem Gemengenniveau, an de Projet implizéiert gouf. Hien huet drop higewisen, datt an der Kommodo-Prozedur kee gudde Wëlle vun der Ettelbrécker Gemeng do war, fir de Leit entgéintzekommen, notamment d’Etüden digital zur Verfügung ze stellen, an dat grad am Lockdown. Sou eng Aart a Weis fir virzegoen ass de Géigendeel vun Transparenz a vu Biergerparticipatioun an dréit wesentlech zur Inakzeptanz vun dësem Projet bäi.

Qualitéit vun der Ëmwelt – Etüde a Fro stellen

Dann huet hien d’Qualitéit vu CSD Ing. Conseils hirer Ëmwelt-Etüd a Fro gestallt. Ënnert anerem huet hie monéiert, datt de Wee fir d’Camionen, deen an der Etüde studéiert gouf, aus technesche Grënn onméiglech dee Wee ass dee fir de Projet zréckbehale gi wäert. D’Verleeë vum Stroumkabel op Waarken wäert onméiglech kënnen d’Konditioun anhalen, fir 5 Meter Ofstand vun de Beem ze respektéieren. Hien huet drop higewisen, datt zemools beim Fliedermausmonitoring, d’Daten sou onkomplett sinn, datt ee kaum nach vu wëssenschaftleche Fakte schwätze kann. Hien huet eng Foto virgeluecht, wou 5 – 7 Roudmilanen iwwert engem Feld zu Bierden fléien, nodeems gedrescht gouf. De Monitoringdate vun der Studie no dierft sou eng Unzuel do net virkommen. Och de Fait, datt d’Ierpeldenger Ëmweltkommissioun Gräifvigelstaangen an Zesummenaarbecht mat der ANF um Plateau opgeriicht huet, fir de Rodentizid-Asaz ze verréngeren, ass ugeschwat ginn. Dës Staange si reegelméisseg vum Milan besicht an et stellt sech d’Fro, ob déi rëm musse wechkommen a wien dann dofir responsabel ass.

Ee vun der Ministesch hire Beroder huet bemierkt, datt bei onkompletten Daten ëmmer vum “worst Case“ ausgaange gëtt.

Et gouf zréckbehalen, datt op d’Resultater vun der Ëmweltstudie iwwert den alternative Site ‘Leezefeld’, proposéiert vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, muss ofgewaart ginn, éier Konklusioune fir oder géint dee Site kënne vum Point de Vue Ëmweltimpakt, gezu ginn.

4. Puer Remarken

Suergen (Bedenken) wéinst de Gesondheetsschied fir Mënsch an Déier

Grouss Suergen iwwert den Impakt vun der Wandmillen sou no un de Bierdener Haiser, maache sech d’Famillen déi am noosten vum geplangte Site wunnen. Eng betraffe Famill, déi nëmme 750 m vun der 230 m héijer geplangter Wandmillen ewech wunnt, mécht sech grouss Suergen, besonnesch well ee vun de Kanner eng Trisomie 21 huet a mam Häerz operéiert ass. D’Wandmille kann en negativen Impakt op d’Häerzleeschtung hunn an Häerzprobleemer verursaachen.

Och beim Reit- an Therapiestall, deen 1 km vun der geplangter WKA steet, muss ee sech froen, wat den Impakt op d’Päerd ass an op d’Reittherapie déi do mat behënnerte Mënsche gemaach gëtt.

Net vergiessen däerf een, de pulséierenden, héierbare Kaméidi – a reegelméisseger Kadenz, 24 Stonnen Dag an Nuecht, dat ganzt Joer laang – dee vum Rotor aus Wandrichtung kënnt. Als Verglach, e Krunn deen an engem Stéck drëpst oder e Frigo deen di ganzen Zäit leeft.

Aussoen vum Ettelbrécker an Dikrecher Buergermeeschter iwwert de Site

Am Juli 2020, bei der Informatiounsversammlung, sot de Buergermeeschter vun Ettelbréck, “ech si mir bewosst, datt et eng Zoumuddung fir déi Bierdener Leit ass”…

An engem Interview op RTL am September 2020 sot hien och, datt et e Projet als Nordstad soll sinn, … dat een och déi aner Nordstadgemenge misst kucken…

Méi Infoe vum Ettelbrécker an Dikrecher Buergermeeschter fënnt een op: https://www.rtl.lu/news/national/a/1582147.html

5. Geplangten Nordstadfusioun, Wandmillen, alternative Site, politesch Decisioun

Ofschléissend hunn déi 4 Vertrieder vun der Asbl mat der Ministesch Dieschbourg iwwert d‘Fusioun vun de 5 Nordstadgemengen an dem geplangte Referendum diskutéiert.

Et gouf rappeléiert, datt déi Gréng aus der Nordstad gefuerdert hunn, de Wandmille Projet viru Bierden vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech falen ze loossen an e gemeinsaamt regionaalt Energiekonzept auszeschaffen.

D’Madamm Dieschbourg wëllt, datt eng Wandmillen opgeriicht gëtt. Si seet, datt Lëtzebuerg weider Wandmille brauch, fir d’Klimaziler ze erreechen an op d’Atomkraaft muss verzicht ginn.

D’Ministesch sot weider, datt nach 2 Etüdë gemaach ginn: Déi eng ass d’Mesüre vum Radon an déi aner vum “Son et infrason”.

Den alternative Site ‘op Leezefeld’ gouf vun der Ierpeldenger Gemeng proposéiert, awer et ass eng politesch Decisioun, fir Ierpeldeng un dem Wandmilleprojet participéieren ze loossen.

‘Leezefeld’ muss gepréift ginn, punkto Naturschutzgebitt.

De Ministère préift d’Critèrë vun de Gesetzer. De Buergermeeschter gëtt d’Baugeneemegung.

Nieft dem Prozedural gëtt et déi politesch Dimensioun.

D’Mme Dieschbourg huet dovunner geschwat, all Uertschaften u Bord ze huelen an och de politeschen Dialog ernimmt. Si encouragéiert eng Reunioun mat de Buergermeeschter vun den 3 Gemengen (Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng) ze maachen.