Mir hu wärend eise Präsentatiounen a Präsenz vun der Madame Kater vun RTL nach emol probéiert d’ interesséiert Leit aus der Gemeng op eis Kritikpunkten a Bedenken opmierksam ze maachen.
Well een hei um Internetsite alles am Detail noliese kann, gi mer an dësem Artikel just stéchwuertaarteg op d’Kärelementer vun eise Virträg an.
a) Eis gesondheetlech Bedenken
- Den héierbare Kaméidi wäert an eisem rouege ländleche Milieu zur Dauerbelaaschtung ginn; op d’Grenzwäerter agehale kënne ginn, bezweifele mir
- D’Auswierkunge vum produzéierten Infraschall op eisen Organismus op déi kuerz Distanz si méi wéi ongewëss; et gi keng zouverlässeg Laangzäitstudien, déi den Impakt vu moderne Wandmillen op eise Kierper dokumentéieren; mir fuerderen dowéinst d’Anhale vum Principe de précaution fir d’Gesondheet vun de Bierger sécher ze stellen
- De Schattenwurf an den domat verbonnenen stroboskopeschen Effekt (hell-donkel) wäert zu enger weiderer psychescher Belaaschtung féieren; an der Theorie si bis bal 2 Méint Schattenwurf zu Bierden méiglech; betraff ass quasi 50 % vum Duerf; och am ale Bierden ass mat massivem Schattenwurf ze rechnen
Fazit: Déi opgezielte Faktore kënne laut medezinesche Studien de sougenannte Syndrome éolien bei 10-30% vun de betraffene Bierger ausléisen, dee sech a Form vu Kappwéi, Schlofstéierungen, Häerzrhythmusstéierungen, Schwindel, Middegkeet, Onrou asw. manifestéiert.
Musse mir dee Risiko wierklech agoen?
b) De Volet Ëmweltschutz
- Eis Kritik: De Ministère de l‘environnement huet d’Warnunge vun der Ëmwelt-Etude ignoréiert an d’Schwäche vun der Etude akzeptéiert fir de Projet Wandmillen duerchzewénken!
- Mir hunn eis Behaaptung dunn un a puer konkrete Beispiller duergestallt;
- Fliedermais: Hei waren d’Moossapparater wärend der Haaptsaison am August futti a konnte keng Donnéeë sammelen
- Wëllkaz: Mir hunn den Irrsinn vum Korridor duergestallt a bewisen, dass sech d’Kaz och ausserhalb vum Korridor direkt niewent der geplangter Wandmillen ophält (heizou gëtt et och e Video op eisem youTube-Channel)
- De Milan ass massiv präsent um Site; mir hunn op eise Monitoring higewisen (och bei eis um youTube-Kanal)
- Deziméiere vun der Feldlerche, déi och op der rouder Lëscht vun de bedroten Aarte steet, gëtt a Kaf geholl
- De Mortalitéitsrisiko vum Uhu (Grand-Duc) gëtt bagatelliséiert a rofgespillt
- Des Weideren hu mir erkläert, dass de Plateau zu Bierden tëschent Sauerdall engersäits a Warkdall anerersäits en ökologesch onberéierte Korridor duerstellt, deen op kee Fall och nach duerch eng Wandmille sequenzéiert däerf ginn.
c) Eis juristesch Demarchen
- Déi verschidde juristesch Schrëtt, déi mir bis lo duerchlaaf hunn an déi och nach an Zukunft ustinn, goufen den interesséierte Leit am Sall duergestallt.
d) De politeschen Dossier
- Mir hunn e Resumé vun dem ganze politeschen Hin- an Hir zënter dem Ufank vum Projet gemaach; och dat kann hei um Site alles am Detail nogelies ginn …
- Ofschléissend hu mir eis Fuerderungen un d’Politik gestallt:
- De Projet viru Bierden falen ze loossen
- Den alternative Site, deen eis Gemeng virgeschloen huet, wär noutfalls zréckzebehalen
- De Principe de Précaution am Sënn vu Bierger an Ëmwelt ze applizéieren
- D’Suerge vun de Bierger eescht ze huelen
- Eis Gemeng, déi jo d’Filetsstéck vun der Nordstad ass an eis bis elo ënnerstëtzt huet, muss sech mat vill méi Nodrock vis-à-vis vun Dikrich an Ettelbréck asetzen
- D’Fusiounsgespréicher musse gestoppt ginn, bis d’WKA zu Bierden definitiv vum Dësch ass